Wat sinn Negativzënsen?
Auteur: Max Fisch Wat genau stécht hannert dem Begrëff „Negativzënsen“? Ufank November ass bekannt ginn, dass de lëtzebuergesche Staat fir déi éischt Kéier iwwerhaapt Geld zu engem negativen Zënssaz ausgeléint huet. Et handelt sech ëm 1,7 Milliarden Euro, déi de Grand-Duché zu engem Zënssaz vun -0,25% bis November 2026 erëm...
Protester a Latäinamerika
A ganz Latäinamerika ginn d’Bevëlkerungen op d’Strooss, fir géint hir Regierungen ze protestéieren. D’Grënn sinn awer net an all Land déi selwecht, mee d’Problemer an deene verschiddene Länner sinn dacks zimlech ähnlech. Knapp 30 Joer ass et hir, datt Chile de Prozess aus enger Diktatur ënnert dem Diktator Augusto Pinochet...
Protester am Libanon
Säit gutt zwou Woche ginn am Libanon d’Leit op d’Stroosse fir géint déi aktuell Regierung ze protestéieren. Déi huet schon mat Récktrëtter op d’Protester reagéiert, mee d’Situatioun spëtzt sech lues a lues ëmmer méi zou. D’Bevëlkerung geet op d’Stroosse fir sech an och fir déi nächst Generatiounen ee bessert Liewen...
Eskalatioun an Nordsyrien
Auteur: Max Fisch Iwwer Twitter huet den tierkeschen President Recep Tayyip Erdogan den 9. Oktober matgedeelt, dass säin Land eng militäresch Offensiv am Nordosten vun Syrien lancéiert huet vir géint kurdesch Milizen virzegoen. Ënnert dem Numm “Barış Pınarı Harekâtı” (op däitsch: „Friedensquelle“) huet des Operatioun d’Aufgab den no tierkeschen...
Den Rapport vum Weltklimarot ass alarméierend
Auteur: Max Fisch Vum 20. Bis de 23. September huet sech den IPCC (=Intergovernmental Panel on Climate Change), och nach Weltklimarot genannt, zu Monaco fir den sougenannten SROCC (=Special Report on the Ocean and Cryosphere in a Changing Climate) getraff an deen och dono verëffentlecht. Et handelt sech hei em...
Hongkong – Fir d’Fräiheet kämpfen
Säit méi wéi véier Méint protestéiert d’Bevëlkerung a Hongkong géint méi Afloss aus China. D’Demonstratiounen hunn ugefaangen, well déi Regierung aus Hongkong een Ausliwwerungsgesetz lancéiere wollt, fir Honkonger kënnen un China auszeliwweren. Obwuel d’Regierung aus Hongkong elo dat Gesetz zeréckgeholl huet, ginn d’Protester weider. Déi fréier britesch Krounkolonie ass 1997...
Wéi schlëmm sinn d’Bëschbränn op der Welt?
Säit dem Summer sinn d’Bränn vun der Amazonasgebitt duerch déi ganz Medielandschaft present. Mee ëm wat geet déi ganz Diskussioun a wat bedeiten déi Bränn allgemeng? Dat gitt dir am Artikel vun der Woch gewuer. D’Welt kuckt op Latäinamerika, ob d’Bränn vum Reebësch, déi aktuell virun allem a Brasilien sinn....
Spëtzt sech d’Kris an der Strooss vun Hormus zou?
Am Moment herrscht an der Golfregioun eng kritesch Situatioun. Den Iran huet ee briteschen Äerduelegtanker an der Strooss vum Hormus festgesat. Dës Route ass déi wichtegst fir den Äerduelegtransport, knapp 1/5 vum ganzen Transport verleeft do. Zudeem well den Iran sech och net méi un den Atomdeal halen. Wat dat...
Firwat ass d´Nominatioun vum Ursula von der Leyen esou ëmstridden?
Auteur: Max Fisch Mam Ursula von der Leyen huet den EU-Conseil den 2. Juli fir d’éischt Kéier eng Fra un d’Spëtzt vun der EU-Kommissioun nominéiert. De 16. Juli stëmmt d’EU-Parlament iwwert des Decisioun of an decidéiert op déi däitsch Verdeedegungsministesch d’Platz vum Jean-Claude Juncker anhuele wäert. Dësen Oflaf ass am...
