Wat sinn d’israelesch Siidlungen?

E Mëttwoch huet déi israelesch Regierung decidéiert, 2500 weider Wunnengen a sougenannte “Siidlungen” ze bauen. Dëst war déi zweet esou Decisioun zanter deem den Trump als amerikanesche President ageschwuer ginn ass. Mä wat sinn déi Siidlungen? Wat hu se mam Israeli-palestinensesche Konflikt ze dinn? A wat ass d’Verbindung mam Trump sengem Ufank als US-President?

Fir ze verstoen, wat déi Siidlunge genau sinn a firwat se esou kontrovers sinn, muss een d’Geschicht vum Israeli-palestinensesche Konflikt kennen. Scho virum zweete Weltkrich, wéi England d’Gebitt vum haitegen Israel a Palestina kontrolléiert huet, hunn d’Judden an d’Araber sech bekämpft. Béid gesinn d’Land a virun allem Jerusalem als helleg un.

Während dem Zweete Weltkrich si vill Judden, déi virum Holocaust fortgelaf sinn a vun anere Länner keng Protektioun ugebueden kruten, a Palestina geflücht. Nom Zweete Weltkrich huet eng Kommissioun vun de Vereenten Natiounen dunn decidéiert, dass d’Gebitt sollt an en israelesche Staat fir d’Judden an e palestinensesche Staat fir d’Araber gedeelt ginn. D’Stad Jerusalem sollt kengem Land gehéieren. Dëst ass nach ëmmer d’Grondiddi vun enger “Zwee-Staaten-Léisung” vum Konflikt. Déi israelesch Communautéit huet dëse Plang akzeptéiert.

Doropshinn huet den David Ben-Gourion de 14. Mee 1948 d’Grënnung vum Staat Israel bekannt ginn. Dëst huet dozou gefouert, dass Jordanien, Libanon, Syrien, Egypten an den Irak dat nei-gegrënnten Israel ugegraff hunn. Israel huet dëse Krich awer gewonnen an huet Territoire besat, déi nom UN-Plang, fir de palestinensesche Staat virgesi waren. Dës néi Grenz um Enn vun 1948 gëtt als “Gréng Ligne” bezeechent. 1967 huet Israel do seng Nopeschlänner op Grond vu bedreelechen Aktiounen, wéi zum Beispill dem Zesummenzéie vun egypteschen Truppen un der Grenz mat Israel, ugegraff. Israel huet an dësem Krich nach méi Territoiren erobert, déi bis dohin ënner egyptescher a jordanescher Kontroll waren: de Gaza-Sträifen, d’Westjordanland a Jerusalem. 

An et ass hei, wou d’Siidlungen an d’Spill kommen. Säit dem Krich vun 1967 hu verschidden israelesch Regierungen an dësen nei eroberten Territoire Wunnenge gebaut fir israelesch Bierger. Dës Wunnenge leien ausserhalb vun der sougenannter “Grénger Ligne” vun 1948. Dowéinst gi si och vun de Vereenten Natiounen als illegal ugesinn. Mëtt 2012 gouf et 250 esou Siidlungen an deenen iwwert 600’000 Leit gewunnt hunn

D’Relatiounen tëschent Israel an Amerika ware schonn ëmmer e wichtegen Faktor an dësem Konflikt, woubäi Amerika awer dacks eng zweedeiteg Roll hat. Engersäits sinn d’Amerikaner déi gréissten Ënnerstëtzer vun Israel mat 3 Milliarden Dollar pro Joer säit 1985. Anerersäits hunn déi meescht Presidenten de Bau vun israelesche Siidlungen op palestinenseschem Territoire kritiséiert a versicht, en dauerhafte Fridden auszehandelen. A sengem leschte Mount als President huet den Obama awer decidéiert, eng Resolutioun vun de Vereenten Natiounen net ze stoppen. Dës Resolutioun veruerteelt den israelesche Siidlungsbau als illegal. 

Zanter dem Trump senger Victoire an de Wahlen huet Israel awer nei Siidlunge geneemegt. Den Trump a säin Team hunn nämlech eng méi pro-israelesch Politik ugekënnegt nom Obama senger UN-Aktioun. Sou sinn zum Beispill dräi israelesch Vertrieder, déi de Siidlungsbau verteidegen als Éieregäscht zum Trump senger Inauguratioun ageluede ginn – eppes wat kee President virdru gemaach huet. Obwuel den Trump nach net säin Team fir Aussepolitik zesummen huet a sech nach net als President ëffentlech dozou geäussert huet, huet seng Wahl also schonn en Afloss op den israeli-palestinenseschen Konflikt. 

Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– Eng “Timeline” zum israeli-palestinenseschem Konflikt: http://www.bpb.de/internationales/asien/israel/171045/zeitleiste

– En Artikel zur israelescher Siidlungspolitik no der UN-Resolutioun vun 2016: https://www.welt.de/politik/ausland/article160582617/Israel-steht-mit-seiner-Siedlungspolitik-jetzt-isoliert-da.html

Franséisch:

– En Artikel zur UN-Resolutioun vun 2016: http://www.lemonde.fr/international/article/2016/12/23/la-resolution-de-l-onu-reclamant-l-arret-de-la-colonisation-israelienne-a-ete-adoptee_5053630_3210.html

– En Artikel zur Positioun vun der Europäescher Unioun zum israeli-palestinenseschem Konflikt: http://www.liberation.fr/planete/2015/05/14/quel-est-le-role-de-l-europe-dans-le-conflit-israelo-palestinien_1309462

Englesch:

– En Artikel iwwert déi neisten Décisioun vun Israel fir 2500 Wunnengen an der Westbank ze bauen: https://www.theguardian.com/world/2017/jan/24/israel-announces-2500-more-west-bank-settlement-homes

– En Artikel zum Obama senger Decisioun fir d’UN-Resolutioun duerchgoen ze loossen: http://edition.cnn.com/2016/12/26/politics/understanding-unsc-resolution/

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: http://i.huffpost.com/gen/2673970/images/o-BENJAMIN-NETANYAHU-facebook.jpg

Bild 2: https://cdn.vox-cdn.com/uploads/chorus_asset/file/7724059/Israel_settlements__1_.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *