Wéi ongläich ass Lëtzebuerg?

Dës Woch huet déi international Organisatioun Oxfam erëm hire Rapport zur Ongläichheet an der Welt publizéiert. 2016 hu si fonnt, dass déi 8 räichste Männer (nëmme Männer) zesummen esou räich sinn, wéi déi äermste 50% vun der ganzer Welt. Natierlech sinn ënnert den 8 räichste Leit zum Beispill de Bill Gates an de Warren Buffett, déi vill vun hire Suen spenden. Mä den Trend iwwert déi lescht 30 Joren ass eendeiteg: d’Welt gëtt méi ongerecht. Mä wéi ass dat zu Lëtzebuerg eigentlech?

Vill Leit – inner- an ausserhalb vun Lëtzebuerg – kennen déi berühmte Statistik, dass Lëtzebuerg zanter Joren ënnert de räichste Länner vun der Welt ass. Mä de Räichtum vun engem Land verréit engem wéineg iwwert d’Verdeelung vun dësem Räichtum an der Populatioun. Et gëtt ënnerschiddlech Weeër fir dës Verdeelung ze rechnen. Dee bekanntsten ass den GINI-Koeffizient, deen eng Zuel tëscht 0 an 1 ugëtt. 0 bezeechent eng Situatioun, an där jiddereen am Land genau dat selwecht Akommes huet, während 1 eng Situatioun bezeechent wou eng eenzel Persoun dat ganzt Akommes kritt. Do schneit Lëtzebuerg relativ gutt of. Mat engem Koeffizient vun 0.285 am Joer 2015 leit et do viru Länner wéi England, Italien an Däitschland, mä awer hannert Finnland an Dänemark.

Mä den GINI Koeffizient ass eng relativ grob Aart a Weis fir Ongläichheet ze moossen. Esou kann een zum Beispill och kucken, wéi vill Leit an der relativer Aarmut wunnen. Weltwäit wunnt een a relativer Aarmut, wann ee manner wéi d’Halschent vun der Mediane vum Land verdéngt. D’Mediane ass déi Zomme, déi d’Populatioun genau an 2 deelt – an aner Wierder, wou 50% vun den Leit méi verdéngen an 50% manner. An Europa ass d’Limite awer normalerweis net 50%, mee 60% vun der Mediane, woubäi een déi Leit, déi tëscht 50 a 60% falen als “en risque de pauvreté” bezeechent. Wann een dann d’Limite bei 60% vun der Mediane setzt, liewen zu Lëtzebuerg 15.3% a Gefor vu relativer Aarmut. Déi Zuel ass domadder zanter 2003 em 3.4% an d’Luucht gaangen. Während déi Leit am internationale Verglach immens räich ausgesinn, bréngt hinnen dat relativ wéineg, wa si mussen hiren Logement, Transport an Iessen zu Lëtzebuerg bezuelen. Bei dëser Mesure schneide virun allem Kanner schlecht of. 2016 wuessen, UNICEF no, 25% vun de Kanner  (oder all véiert Kand) zu Lëtzebuerg am “risque de pauvreté” oder a relativer Aarmut op. Dat ass ganzer 8.5% méi héich, wéi nach 2003 (cf. Tableau 1).

E weidere Wee fir d’Ongläichheet vun engem Land ze analyséieren, ass fir de Rapport tëschent verschiddene Bevëlkerungsgruppe vum Land auszerechnen. Esou kann een zum Beispill d’Populatioun an 20 Stécker opdeelen – jeeweils 5%. Esou verdéngen déi bescht bezueltsten 5% vun der Populatioun den Ament am Duerchschnëtt 11 Mol méi, wéi déi 5 schlecht bezueltsten 5%. D’Top 10% verdéngen ëmmerhin nach 7 Mol méi, wéi déi ennechst 10%. Während béid Zuele sech am Verglach mat 2003 wéineg verännert hunn, war den Ecart tëscht den ieweschten an ennechsten 5% net ëmmer esou grouss. Nach 2007 hu si nëmmen 8 Mol méi verdéngt.

Och wa Lëtzebuerg e räicht Land ass, profitéiert net jiddereen d´selwecht vun dësem Räichtum. Virun allem vill Kanner liewen elo schonn an relativer Aarmut. An och Auslänner si vill méi vun Aarmut betraff, wéi LëtzebuergerDëst ass e wichtegt Thema, well vill Studien en negativen Zesummenhang tëschent Ongläichheet an aner sozialen Aspekter, wéi Gewalt, Verhaftungen, Bildung an Bezéiunge mat der Noperschaft weisen. An engem ongläiche Land sinn och alleguerten d’Awunner manner gesond, souwuel mental wéi physesch.

Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– En Interview mam President vun der Chambre des Salariés zu den Ongläichheeten zu Lëtzebuerg: http://www.wort.lu/de/politik/sozialpanorama-2016-reding-tendenz-steigender-ungleichheiten-56f9693a1bea9dff8fa75416

– En Artikel deen op aner Aspekter vun Ongläichheet zu Lëtzebuerg ageet: http://www.journal.lu/top-navigation/article/wachsende-ungleichheit/?L=0&cHash=24e6034e73130b7059bfe95c0cee8954

Franséisch:

– Den UNICEF-Rapport zur (On)gläichheet ënnert de Kanner: http://unicef.lu/rc13

– En lien zu den Statistiken iwwert Ongläichheet zu Lëtzebuerg: http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12956&IF_Language=fra&MainTheme=3&FldrName=1&RFPath=29

Englesch:

– Den Oxfam-Rapport zur (On)gläichheet weltwäit: https://www.oxfam.org/en/pressroom/pressreleases/2017-01-16/just-8-men-own-same-wealth-half-world

– En Artikel iwwert d’Situatioun an der EU mat Erkläerungen zu wichtegen Begrëffer an der Debatt em Onglaichheet: http://www.poverty.org.uk/summary/eapn.shtml

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: https://s3.amazonaws.com/blog.oxfamamerica.org/politicsofpoverty/2016/01/o-INCOME-INEQUALITY-facebook.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *