Kënnt de “Grexit”?

Dës Woch gëtt erëm méi iwwer d’Scholdekris vu Griichenland geschwat. Mä firwat gëtt elo erëm iwwer Griicheland an de „Grexit“ geschwat?  Wéi eng Konsequenze kënnen dat fir Europa a Griicheland bedeiten?

Griichenland huet an de Jore virun der Finanzkris méi Suen ausginn, wéi si era kritt haten. Mat der Finanzkris ass awer gläichzäiteg de Wuesstem gefall an d’Banke sinn immens virsiichteg ginn, fir weider Suen ze léinen. Dës Sue goufe benotzt, fir ze importéieren amplaz z’investéieren. Nodeems Griichenland zouginn huet, jorelaang Zuele gefälscht ze hunn, war Enn 2009 den Defizit vum PIB bei 13,6%. Fir datt et net zum Staatsbankrott komme sollt, goufen 3 finanziell Hëllefe vun den europäesche Staatscheffen decidéiert. D’Troika besteet aus der EU-Kommissioun, dem Internationale Wärungsfong (IWF) an der Europäescher Zentralbank (EZB) a si kontrolléieren, ob Griichenland déi néideg Reforme mécht fir d’Kris z´iwwerwannen.

Griichenland muss dëst Joer erëm Scholde vu 7,4 Milliarden Euro un d‘EZB zréckbezuelen. Dofir brauche si en neien Deel vum accordéierten Hëllefsprogramm. Mä den IWF hat iwwerluecht, keng Kreditter méi u Griicheland weider ze ginn, wann net gläichzäiteg Griichenland en Deel vu senge Scholden erlooss kritt.  Si mengen nämlech, dass de momentane Scholdestand net zeréck ze bezuelen ass an en negativen Afloss op de Wuesstem huet an domadder d’Reformen an Griichenland manner effektiv sinn. Dee Plang wëll den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble awer net akzeptéieren. Dowéinst huet den IWF bis elo keng Suen vum 3. Hëllefspak u Griichenland iwwerwisen. Ee weidere Faktor, deen d’Situatioun méi komplizéiert mécht, sinn d’Wahlen an den Niederlanden, a Frankräich an an Däitschland. An allen 3 Länner sinn d’Hëllefe fir Griichenland immens onbeléift an déi meescht Politiker verspriechen (oder hu versprach) keng weider Suen u Griichenland ze ginn oder en Deel vun de Scholden ze erloossen.

Eng zweet Méiglechkeet ass de sougenannte „Grexit“, dee vu verschiddene Politiker gefuerdert gëtt. De „Grexit“ bedeit an deem Fall net, datt Griichenland aus der EU austriede soll, mä aus der Euro-Zone. En weideren Ënnerscheed zum “Brexit” ass, dass hei Griicheland an hir Bevëlkerung den Austrëtt net decidéieren, mä déi europäesch Staaten. Den däitsche Kanzlerkandidat vun der SPD, Martin Schulz, gesäit doran awer eng Gefor. Hie mengt, dass een d’Deelung vun Europa net nach virun dreiwen soll, well  d‘EU am Moment viru schwieregen Zäite steet.

Wat géif ee „Grexit“ fir den Euro a Griichenland bedeiten? Griichenland géif dann hir al Wärung Drachme zréckkréien, mä mat enger grousser Ofwäertung. D’Exporter géifen zwar méi bëlleg an doduerch méi interessant fir aner Staate ginn, mä d’Importer gi fir Griicheland méi deier. Dëst kéint immens sozial Folgen hunn. Nodeems Griicheland schonn e Véierel vun senger Wirtschaft an dëser Kris verluer huet an nach ëmmer e Véierel vun der Bevëlkerung aarbechtslos ass, mengt déi griichesch Nationalbank, dass déi griichesch Wirtschaft duerch ee „Grexit“ géif geschwächt ginn an d’Aarbechtslosegkeet nach weider an d’Luucht géif goen. Zudeem kéint e Verloscht vun Importer bedeiten, dass d’Land vill Medikamenter net méi kéint kréien. Aner Ekonomiste gesinn och eng Chance am „Grexit“, well de schwaachen Drachme den Tourismus ukuerbele kéint. D’Scholde vu Griicheland missten och an Euro zeréckbezuelt ginn, wat d’Scholden an engem Coup nach vill méi grouss géif maachen.

Griichenland wäert nach eng gutt Zäit e wichtegt an en zentraalt Thema an der EU sinn. Duerch de Populismus an Europa wäert d’Problematik nach méi komplizéiert ginn, falls et zu Scholdenerliichterungen oder weidere Kreditter komme sollt.

Weider Artikelen fir ze liesen:
Däitsch:

“Bundeszentrale für politische Bildung” erklärt Griichelandkris: http://www.bpb.de/geschichte/zeitgeschichte/griechenland/178328/die-griechenlandkrise-als-weltwirtschaftskrise

Een Reformcheck-Wat huet Griicheland vun Reformen gemaach? http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/eurokrise/griechenland-im-reform-check-14223390.html

Franséisch:

D’Konsequenzen fir Frankräich am Fall vum “Grexit”: http://www.lepoint.fr/economie/grexit-quel-impact-pour-les-francais-si-la-grece-sort-de-l-euro-28-06-2015-1940615_28.php

Kritik vun der griechescher Spuerpolitik: https://www.monde-diplomatique.fr/2014/10/BASU/50879

Englësch:

Den IWF an Europa hunn verschidde Virstellungen fir Griicheland: http://www.economist.com/news/europe/21717043-biggest-difference-now-between-imf-and-europeans-greeces-creditors-are-now-main

Wei hunn aaner Staaten (Portugal, Spunien, Island,Irland, Zypern…) et gepackt der Kris ze entkommen? https://www.theguardian.com/business/2015/jun/20/spains-improving-economy-is-not-reaching-everyone

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: http://www.handelsblatt.com/politik/international/griechenland-debatte-weiter-kredite-oder-doch-lieber-grexit/19416694.html

Bild 2: http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/eurokrise/griechenland/wie-viel-schulden-griechenland-schon-erlassen-wurden-ein-offener-und-ein-verdeckter-schuldenschnitt-13391476.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *