Wahlen an Holland

De 15. Mäerz gëtt an Holland en neit Parlament gewielt. Dës Wahle suergen awer fir méi Opreegung am Rescht vun Europa, wéi normalerweis. Dowéinst geet et haut an eisem Blog dorëm, wie gutt Chancen huet, den nächste Premierminister ze ginn a firwat dës Wahlen esou wichteg fir Europa sinn.

De momentane Premierminister Mark Rutte vun der VVD – enger liberaler Partei – geet och fir dës Wahlen erëm als Spëtzekandidat vu senger Partei an d’Rennen. An de meeschten Ëmfroe gesäit et awer esou aus, wéi wa seng Partei vill Stëmme wäert verléieren – verschiddenen Ëmfroen no souguer bal 50% vun den Sëtz, déi d’VVD de Moment am Parlament huet. Fir d’Scholde vum Land ze reduzéieren, huet dem Rutte seng Regierung vill onpopulär Politiken duerchgesat, déi souguer schonn 2012 zu neie Wahle gefouert haten. Allerdéngs gëtt en och kritiséiert, well hie bei de leschte Wahle versprach hat, keng Sue méi fir e weidere Rettungsplang fir Griichenland ze bezuelen – wat en dunn awer gemaach huet.

De Rutte féiert momentan eng Koalitioun mat der PvdA un – enger sozial-demokratescher Partei. Mä och fir d’PvdA sinn d’Ëmfroen alles anescht ewéi villverspriechend. Si verléiere villen Ëmfroen no souguer zwee Drëttel vun de Setzer, déi se den Ament am Parlament hunn. Well d’PvdA also och en Deel vun der Regierung ass, kréie si ähnlech Kritike gemaach, wéi de Rutte a seng Partei.

Déi zwou Parteien, déi wahrscheinlech am meeschte Stëmmen bäigewanne wäerten déi Gréng an d’PVV sinn, woubäi mir eis op déi zweet konzentréiere wäerten, well d’PVV net nëmme wäert vill méi Stëmme kréien, mä souguer kéint no de Wahlen déi Partei mat de meeschte Setz am Parlament sinn. D’PVV – “D’Partei fir d’Fräiheet” – gëtt ugefouert vum Geert Wilders. Hien a seng Partei vertrieden zanter Joren eng rietspopulistesch Politik, déi sech virun allem op den Islam als Gefor fokusséiert. Sou huet de Geert Wilders zum Beispill schonn de Koran mat “Mein Kampf” vum Hitler verglach a gefuerdert, dass all Moscheeën an Holland zougemaach ginn, well do Haass an Gewalt gepriedegt géif ginn. Seng Partei ass och fir en Austrëtt vun Holland aus der Europäescher Unioun an huet schonn no engem Referendum nom britesche Beispill gefrot

An et ass ënnert anerem dowéinst, datt d’Wahle fir déi ganz EU wichteg sinn. Engersäits ass déi direkt Gefor en Referendum a méiglechen Austrëtt vun Holland aus der EU, falls de Geert Wilders den nächsten Premierminister sollt ginn. Dëse wier ënner Ëmstänn nach méi dramatesch wéi de Brexit, well Holland e Grënnungsland ass a bei all wichtegem Deel vun der EU mat mécht. Gläichzäiteg besteet eng méi indirekt Gefor, dass en Erfolleg vun enger Europa- a friemefeindlecher Partei an Holland ähnleche Parteien an de Wahlen a Frankräich an Däitschland méi spéit dëst Joer hëllefe kéint.

Obwuel de Geert Wilders gutt Chancen huet d’Wahlen ze gewannen, ass seng Partei wäit ewech vun den néidege Sëtz am Parlament fir alleng ze regéieren. Vill aner grouss Parteie lehnen awer eng Koalitioun mat der PVV kategoresch of. Sollt d’PVV also tatsächlech stäerkst Partei an de Wahlen ginn, dierft et schwéier ginn, eng Koalitioun ze formen. Grad esou schwéier dierft et awer och ginn, déi stäerkste Partei an d’Oppositioun ze schécken.

Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– En Artikel iwwert dem Geert Wilders seng Anti-Islam-Politik: https://www.welt.de/politik/ausland/article162014806/Geert-Wilders-setzt-Koran-mit-Mein-Kampf-gleich.html

– Eng Prognose fir d’Wahlen am Mäerz: http://www.spiegel.de/politik/ausland/niederlande-parlamentswahlen-geert-wilders-trumpt-auf-a-1133097.html

Franséisch:

– En Artikel iwwert dem Geert Wilders säin Verspriechen en Referendum iwwert den Austrëtt aus der EU ze organiséieren: http://www.lemonde.fr/referendum-sur-le-brexit/article/2016/06/25/tentation-referendaire-aux-pays-bas_4958022_4872498.html

– Eng Analyse vun den Wahlen an den méiglechen Koalitiounen: http://www.lepoint.fr/monde/pays-bas-des-elections-scrutees-par-l-extreme-droite-en-europe-14-02-2017-2104682_24.php

Englesch:

– En oppenen Bréif vum Premierminister Rutte iwwert d’Situatioun an Holland: https://www.theguardian.com/world/2017/jan/23/netherlands-pm-mark-rutte-dutch-citizens-open-letter-pvv

– En méi détailléierten Iwwerbléck iwwert dem Wilders seng Popularitéit an d’Stëmmung am Land virun den Wahlen: http://www.bbc.com/news/world-europe-38956740

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: http://cdn.images.express.co.uk/img/dynamic/139/590x/754518_1.jpg

Bild 2: https://www.stratfor.com/analysis/elections-will-measure-euroskepticism-netherlands

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *