

Dës Woch geet et em déi wichtegst franséisch Presidentschaftskandidaten: Emmanuel Macron (En Marche!), Benoît Hamon (PS), François Fillon (LR), Marine Le Pen (FN). Si hu sech a Wahlen bannent hire Parteien duerchgesat an trieden elo bei der Presidentschaftswahl un. Dowéinst wëlle mir ee kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Kandidaten/Kandidatin an de franséische Wahlsystem ginn.
Déi franséisch Wahle sinn den 23. Abrëll 2017. Falls do kee Kandidat méi wéi 50% vun de Stëmmen wäert kréien – wat immens wahrscheinlech ass – dann ass eng Stéchwahl fir den 7. Mee 2017 ugesat. Do trieden dann just déi 2 Kandidaten un, déi am éischten Tuer déi meeschte Stëmme kruten.
Den Emmanuel Macron war nach d’lescht Joer Wirtschaftsminister ënnert dem President François Hollande bis hien demissionéiert huet, fir seng Beweegung „En Marche!“ ze grënnen. Hie wëll sech och net engem traditionellem Lénks-Riets Schema ënnerstellen. Duerch seng Beweegung stellt hie sech als parteilos duer. Hien huet allerdéngs och nach kee genaue Programm vu senger Beweegung virgestallt. Hie verfollegt wirtschaftsliberal Virstellungen, ass fir Europa a wëll sech géint all Diskriminéierung asetzen. Säi grousst Zil ass et, déi franséisch politesch Strukture ze changéieren, mat deene vill Fransousen onzefridden sinn. Ëmfroen no huet hie gutt Chancen an d’Stéchwahl ze kommen.
De Benoît Hamon vun der Parti Socialiste huet an de Virwahle géint de momentane Premierminister Manuel Valls gewonnen. Hie gehéiert dem lénke Spektrum bei de Sozialisten un a steet fir eng lénks Wirtschaftspolitik an eng liberal Gesellschaftspolitik. Den Hamon wëll ee Grondakommes vun 750 Euro fir all Bierger an d’Aarbechtszäit vun 35 op 32 Stonnen d’Woch begrenzen. Déi Fuerderunge gi verschiddene Sozialisten awer ze wäit a si wëllen hien net ënnerstëtzen. Seng Chance an Stéchwahl ze kommen ginn éischter als méi kleng ugesinn, well d’Kandidate vun der grénger Partei an der kommunistescher Partei déi selwecht Leit unzéien.

De François Fillon gehéiert der Republikanescher Partei un, déi éischter fir eng konservativ Politik steet. Hie wëll de Pensiounsalter op 65 Joer eropsetzen an d’Aarbechtsstonnen erhéijen. De Marché soll dereguléiert ginn. Zudeem ass hie géint eng Adoptioun duerch gläichgeschlechtlech Koppelen. Vis-à-vis vun der EU, fuerdert de Fillon, dass manner Pouvoir zu Bréissel zentraliséiert gëtt an d’Staaten erëm méi Muecht kréien. Aussepolitesch wëll hien ee Stopp vun de Russlandsanktiounen. An de leschte Wochen war de Fillon a Kritik geroden, well hie senger Fra soll iwwert vill Joren en Salaire bezuelt hunn, während si an engem Interview behaapt huet, si géif net schaffen. Mëttlerweil huet de Fillon sech dofir entschëllegt, awer erkläert, dass hien näischt Illegales gemaach hätt.
D’Marine Le Pen gehéiert dem Front National un an ass ausser Konkurrenz als Kandidatin vun hirer Partei gewielt ginn. Si wëll déi franséisch Souveränitéit erëm etabléieren, d’Sécherheet stäerken, d’Migratioun begrenzen an den Islam bekämpfen. Dofir wëll si ee Referendum iwwert den Austrëtt vun der EU halen. D’EU ass fir si eng Aart Diktatur, déi déi franséisch Identitéit zerstéiert. Déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht wéilt si awer bäibehalen. Si ass fir eng 35 Stonnewoch an fir méi Sozialleeschtungen, déi awer just an Ausnahme fir Migrante gëlle soll. D’Marine Le Pen ass accuséiert ginn, datt si Mataarbechter vun der FN mat EU-Gelder finanzéiert huet an hätt missten 300.000 Euro zréckbezuelen, wat si awer net gemaach huet.
Zwee Méint virun der éischter Ronn ass et also nach net kloer, wéi eng zwee Kandidaten et an déi zweet Ronn packen. Déi beschte Chancen huet d’Marine Le Pen, déi allerdéngs an Ëmfroen iwwert eng eventuell zweet Wahlronn ëmmer géint hir méiglech Géigner verléiert an dat am kloersten géint den Emmanuel Macron.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
– En Artikel iwwert dem Front National seng Finanzéierung aus Russland: http://diepresse.com/home/ausland/aussenpolitik/5137342/Bericht_Front-National-bittet-Russland-um-30-Millionen-Euro
– En Artikel iwwert nei Virwerf géint den François Fillon: http://www.faz.net/aktuell/politik/ausland/francois-fillon-geraet-immer-weiter-in-bedraengnis-14866532.html
Franséisch:
– En Bilan vum Emmanuel Macron senger Aarbecht als Wirtschaftsminister: http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2016/08/30/quel-bilan-pour-emmanuel-macron-au-gouvernement_4990086_4355770.html
– En Artikel zum Benoît Hamon: http://www.liberation.fr/elections-presidentielle-legislatives-2017/2017/02/07/autour-de-hamon-l-unite-dans-quelle-mesure_1547032
Englesch:
– En Artikel zur Méiglechkeet dass Russland sech kéint an déi franséisch Wahlen amëschen: https://www.washingtonpost.com/world/europe/russian-media-leap-on-french-presidential-candidate-with-rumors-and-innuendo/2017/02/06/d123676a-ec7d-11e6-a100-fdaaf400369a_story.html?utm_term=.45a189dd33ee
– En Iwwerbléck iwwert dem President seng Muecht am franséischen politeschen System: http://www.cfr.org/france/powerful-frances-president/p38736
Sourcen vun de Biller:
Bild 1: http://m.slate.fr/sites/default/files/styles/500×229/public/five_0.jpg
