Tierkesche Wahlkampf am Ausland

Dës Woch huet d’Tierkei erëm fir vill Opreegung gesuergt, well Regierungsmemberen am Ausland Wahlkampf fir de Referendum bedreiwe wollten. Mä firwat ass dem Recep Tayyip Erdoğan de Referendum esou wichteg? Wéi hu verschidden EU-Staate reagéiert, wou e Member vun der tierkescher Regierung Walkampf maache wollt?

Iwwert de Referendum an der Tierkei ass de 16. Abrëll ofgestëmmt ginn. D’Ännerunge gesi vir, dass de President gläichzäiteg de Staats- an de Regierungschef soll ginn. De President kéint och Dekreter erloossen, déi direkt wéi e Gesetz a Kraaft trieden. De President an d´Parlament sollen um selwechten Dag gewielt ginn an d‘Legislaturperiod soll 5 Joer daueren an op zwou Legislaturperiode begrenzt sinn, mä bei Neiwale kéint de President sech nach eng Kéier opstellen. Neiwahle kënne vum President oder och vum Parlament ervir goen, dowéinst gëtt awer eng 3/5 Majoritéit gebraucht an de President an d’Parlament ginn nei gewielt. Zudeem kritt den tierkesche President méi eng grouss Influenz op d’Justiz.

Fir datt de Referendum positiv ausfält, braucht den tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan eng absolut Majoritéit. Mä well an der Tierkei dem Erdoğan seng Partei AKP bei Walen ëmmer ënner 50% louch, braucht den Erdoğan Stëmme vun den Tierken, déi am Ausland liewen. Déi meescht liewen an Däitschland, an der Belsch, an Eisterräich, an Holland an a Frankräich. Do hunn d’Tierken d’AKP an der Moyenne mat 55,8% gewielt, wat dem President an der Tierkei vill gehollef huet. Well d’Stëmme vun den Tierken, déi am Ausland liewen esou wichteg sinn, probéiert déi tierkesch Regierung alles fir hier Stëmmen ze kréien. Dowéinst gi verschidden Experten dovun aus, datt ee Verbuet fir déi tierkesch Regierungsmembere fir verschidde Walkampfoptrëtter méi Stëmmen an Opmierksamkeet op sech zéie géifen, wéi den Optrëtt selwer. Mä net all d´Tierken, déi am Ausland liewen, sinn op dem Erdoğan senger Säit, well meeschtens emol net d’Halschent vun den Tierke bei der Wahl matmaachen.

Wéi ginn dann elo déi eenzel Länner domat ëm? Oder gëtt et eng gemeinschaftlech Léisung an der EU? Eisterräich war géint eng gemeinschaftlech Léisung, well si der Meenung waren, dat ee Verbuet vun eenzele Länner soll ausgeschwat ginn, am Plaz vun der EU. Dänemark hat opgrond vun den aktuelle Spannungen tëschent der Tierkei a verschiddenen EU-Staaten gefrot, fir de Besuch vum Ministerpresident Binali Yilderim fir de Weekend virun de Wahlen ze verleeën. Schweden dogéint hat een tierkesche Vertrieder säin Optrëtt maache gelooss, well et zu der Meenungsfräiheet gehéiert. Polen an osteuropäesch Staate sinn éischter op der Säit vun der Tierkei, well si d’Sécherheet op éischter Platz gesinn an dofir gëtt Tierkei gebraucht. Holland hat allerdéngs e komplette Verbuet fir esou Optrëtter ausgeschwat. Souguer den Ausseminister huet net dierfe mam Fliger landen an och d’Familljeministesch gouf aus dem Land eraus geheit, wéi si versicht hat mam Auto an Holland ze kommen fir en Optrëtt. Däitschland wëll et op Bundesebene net verbidden, mä d’Saarland hat awer gesot, datt si net wéilten, datt tierkesche Walkampf bedriwwe sollt ginn. Zudeem gëtt et zanter 2008 ee Gesetz an der Tierkei selwer, wat e Walkampfoptrëtt am Ausland verbitt, mä net mat Strofe sanktionéiert.

Et muss een elo ofwaarden, wéi sech EU-Staate mateneen ofschwätzen a kucke wéi si weiderfuere wëllen. Allerdéngs hunn déi momentan Spannunge mat Holland schonn zu enger diplomatescher Kris gefouert.

Weider Artikelen fir ze liesen:
Däitsch:

Een tierkescht Gesetz verbitt Walkampf am Ausland: https://www.welt.de/politik/deutschland/article162717184/Tuerkisches-Gesetz-verbietet-explizit-den-Wahlkampf-im-Ausland.html

D’Nato an d’EU lénken an: http://derstandard.at/2000054051132/Niederlande-wollen-sich-bei-Tuerkei-nicht-entschuldigen

Franséisch:

Walkampfoptrëtt zu Metz: http://www.france24.com/fr/20170313-turquie-meeting-electoral-erdogan-metz-critiques-gauche-droite-fillon-lepen-macron

Tierkei provozéiert Europa weider: https://www.lesechos.fr/monde/europe/0211878609108-la-guerre-des-mots-entre-la-turquie-et-leurope-se-poursuit-2072251.php

Englësch:

Wéi geet et elo weider mam Flüchtlingsdeal?: http://foreignpolicy.com/2017/03/14/did-turkey-just-kill-the-refugee-deal-with-europe/

Setzt den Erdogan déi ganz Bezéiungen zu der EU op d’Spill?: https://www.nytimes.com/2017/03/13/world/europe/turkey-erdogan-disunity-europe.html?_r=0

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: http://www.tagesspiegel.de/politik/noch-mehr-macht-fuer-erdogan-die-tuerken-sollen-im-april-dem-praesidialsystem-zustimmen/14719604.html

Bild 2: http://www.n-tv.de/politik/politik_kommentare/Seltsam-was-Wahlkampf-bewirken-kann-article19745728.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *