
Et héiert een ëmmer méi „Europa vun zwou Geschwindegkeeten“ an de Medien. Mä wat bedeit dat iwwerhaapt? Wou gesäit een, datt et schonn een Europa vun den zwou Geschwindegkeete gëtt? Dat wëlle mir dës Woch an eisem Artikel behandelen.
Dofir kennt ee klengen Iwwerbléck iwwert d´Europäesch Unioun, datt et besser ze verstoen ass. De Robert Schuman gëllt als wichtegst Persoun fir den europäesche Prozess. De Schuman-Plang oder EGKS, d´Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol, ass vun de BENELUX-Staaten, Frankräich, Italien an Däitschland 1951 gegrënnt ginn. De But war d´Kontroll vun der däitscher a franséischer Kuel- a Stolindustrie. Groussbritannien wollt bei der Organisatioun net dobäi sinn, well dat ze supranational war. 1957 ass dann EURATOM an den EWG, den Europäesche Wirtschaftsraum, gegrënnt ginn. Doduerch sollen d´Wirtschaft an d´Landwirtschaft duerch eng gemeinsam Politik gestäerkt ginn, wéi zum Beispill d´Ewechfale vum Zoll. EURATOM sollt fir eng friddlech Benotzung vun Atomenergie a Fuerschung stoen. 1958 sinn dann d´Europäesch Organer entstanen: Europäesch Kommissioun, Europäescht Parlament, Ministerrot an de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun. Dono koumen dann nach all déi verschidden Traitéen dobäi (Lissabon, Maastricht, Amsterdam, Nice) an de Rescht vun den 28 Memberstaaten.
Firwat kann een elo scho gesinn, datt et een Europa mat zwou oder verschidde Vitesse gëtt? Als éischt kann ee sech d´Währungsunioun ukucken. Net all Staat huet den EURO, aktuell 19 vun den 28 Memberen. Den Zweck vum Euro ass et déi verschidde Schwankunge vun de verschiddene Wärungen ze stoppen, de Leit et méi liicht ze maachen an aner Länner ze reesen, d´Wirtschaft ze stabiliséieren an ze stäerken. Déi Europäesch Zentralbank kontrolléiert den Euro. Den Euro gëllt dowéinst als een Europäeschen Integratiounsfaktor.
Et schwätzt ee vun engem “Käreuropa”, wa verschidde Staaten an der EU eng méi staark Integratioun vun der EU wëllen. Oder vun engem “Europa à la carte”, wa verschidde Membere a verschidde Beräicher op nationalem Niveau bleiwe wëllen.

Dat gesäit een zum Beispill bei der Flüchtlingspolitik, well verschidde Staate sech mat deem Thema léiwer op nationalem Niveau këmmere wëllen, wéi zum Beispill d´Visegrad-Staaten. Bei der Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen hu sech verschidden EU-Memberen net bereet erkläert, hir Quoten anzehalen.
Ee weidert Beispill ass de Schengener-Traité, well net all Memberstaat am Schengener-Traité dobäi ass a Staaten, déi net an der EU sinn, dobäisinn. Dësen internationalen Traité ass während der “Flüchtlingskris” vu verschiddene Staaten temporär annuléiert ginn, fir Grenzkontrolle kënnen ze maachen.
Ass en “Europa mat verschiddene Vitessen” dann elo positiv oder negativ? Wa sech verschidde Memberen dozou entscheeden, just bei verschidde Beräicher mat der EU zesummen ze schaffen, heescht dat net, datt si maache kënnen, wat si wëllen? Fir si gëllt nämlech awer nach de Rechtsstaat, Mënscherechter oder och d´Fräiheete vum Binnenmarché.
De Problem ass awer, dat sech vläicht e parallele System an der EU entwéckele kéint, well d´Staate vum Käreuropa sech aner Institutiounen opbaue wëllen, wéi zum Beispill eng Europäesch Staatsanwaltschaft. D´Aarbecht vun der EU wier intransparent, well een net wees, fir wien eng nei Richtlinn oder Veruerdnung gëllt. Steierung vun engem “Europa mat verschidde Vitessen” wier och schwéier ze steieren an ze kontrolléieren, dowéinst muss een ofwaarden, wéi sech d´EU weiderentwéckelt.
Weider Artikelen fir ze liesen:
Däitsch:
10 Joer Osterweiderung-een Resumé (2014): https://www.welt.de/wirtschaft/article127497595/Das-hat-die-Ost-Erweiterung-der-EU-gebracht.html
EU an hir Sécherheetspolitik: http://www.zeit.de/politik/2016-02/europa-krise-fluechtlinge-instrumente
Franséisch:
Konsequenzen vum Austrieden aus der Eurozone/EU vum Front National: https://www.lesechos.fr/elections/marine-le-pen/0211812836869-sortie-de-leuro-les-effets-desastreux-du-projet-economique-du-front-national-2066884.php
Robert Schuman een Europäer: http://www.robert-schuman.eu/fr/robert-schuman-et-l-idee-europeene
Englësch:
Groussbritannien an hiren Euroskepsis: https://www.theguardian.com/politics/2016/feb/07/british-euroscepticism-a-brief-history
Wei affektéiert Schengen Groussbritannien? http://ukandeu.ac.uk/the-uk-and-the-schengen-system/
