Share Tweet Email Share Elo ass et offiziell. Nodeems den 61-järege Politiker Martin Schulz a ganz Däitschland eng „Schulzmania“ ausgeléist huet, gouf hien de Sonden um ausseruerdentleche Parteidag vun der SPD zu hirem neie Parteichef gewielt – mat engem Resultat, dat an d’Geschicht ageet. 100% vun de 605 gültege Stëmmen huet hie kritt, just 3 Vote waren net gülteg. Domat stellt de Schulz en neie Rekord an der Nokrichszäit op. Mä wouhier kënnt dat Resultat? Den eemolege President vum EU-Parlament hat am November 2016 ugekënnegt, vun der Europapolitik zréck an d’Bundespolitik an Däitschland ze wiesselen. Den 29. Januar 2017 gouf hie vum SPD-Parteivirstand eestëmmeg zum Kanzlerkandidat ernannt – den Ufank vu sengem Rakéitenopstieg. Säit des Decisioun … Continue reading Wat ass den “Schulz-Effekt”? Weiderliesen
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed