
Wikileaks ass dës Woch an den Noriichten, nodeems d’Organisatioun nei Dokumenter vum amerikaneschen Geheimdéngscht CIA (Central Intelligence Agency) verëffentlecht huet. Mä et ass net déi éischte Kéier, dass Wikileaks iwwert déi lescht Joren an den Noriichten ass. Dofir beäntwere mir haut d’Froen: Wat ass Wikileaks? Wat fir brisant Verëffentlechungen hunn si bis elo gemaach?
Wikileaks ass eng Organisatioun, déi geheim Informatioune publizéiert, fir se der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen, woubäi d’Organisatioun selwer seet, dass si sech op Informatiounen iwwert Krich, Spionage an Korruptioun konzentréiert. Wikileaks ass geduecht, fir sou genannte “Whistleblower” ze hëllefen. E “Whistleblower” ass eng Persoun, déi Informatioune vun enger Organisatioun verëffentlecht, well dës Organisatioun entweder illegal oder onethesch Saache mécht. Dacks hu Whistleblower awer Angscht ëm hir Carrière oder souguer hiert Liewen an hunn Problemer hir Informatiounen un d’Ëffentlechkeet ze bréngen. Wikileaks bitt dofir anonymme Sourcen un, hir Informatiounen ze publizéieren.
Wikileaks ass och bekannt fir d’Situatioun vu sengem Grënner, dem Julian Assange. Wéinst sengen Aktivitéite mat Wikileaks ass hien an Amerika ugeklot ginn. Ausserdeem ass hien an Schweden wéinst Vergewaltegung ugeklot. Hien dementéiert dës Virwërf. Hie fäert awer, dass Schweden hien un Amerika ausliwwere géif, wann hien a Schweden géif goen, fir sech géint dës Vergewaltegungsvirwërf ze wieren. Dofir huet hie politeschen Asyl an Ecuador ugefrot. Dëse krut en accordéiert, mä England huet decidéiert, dass hien direkt u Schweden ausgeliwwert géif ginn, wann hien aus der Ambassade vum Ecuador zu London eraus kënnt. Zënterhier lieft hien also an der ecuadorianescher Ambassade zu London.

Déi neisten Dokumenter wäerten an Etappe verëffentlech ginn – an enger Serie déi Wikileaks “Vault 7” nennt, déi um Schluss déi gréisste Verëffentlechung vun CIA-Daten jeemools soll sinn. “Vault 7” soll um Enn méi Dokumenter ëmfaassen, wéi d’Revelatioune vum Edward Snowden am Joer 2013. An déi éischt Etapp vun “Vault 7” weist schonn nei Weeër, wéi d’CIA Leit ausspionéiere kann. Zum Beispill kann d’CIA iwwert Samsung Smart TVs Leit oflauschteren – souguer wann d’Televisioun aus ass. Ausserdeem sinn och vill Dokumenter déi beleeën, dass d’CIA Efforte mécht, fir sech a Smartphonë vun alle grousse Firmen ze hacken (Apple, Google, Windows). D’CIA huet och Weeër fonnt, fir bekannten a vill benotzte Software-Programmer mat ze liesen oder ofzelauschteren. Sou huet d’CIA anscheinend Programmer wéi Skype a Whatsapp geknackt an kann Audio an Video späicheren iert d’Date verschlësselt ginn, virausgesat de Geheimdéngscht ka sech Accès op de Smartphone verschafen.
Mä dëst ass net déi éischte Kéier, dass Wikileaks an den Noriichten ass wéinst sengen Enthüllungen. Sou hu si nach lescht Joer intern Korrespondenz vun amerikaneschen Ambassade verëffentlecht, déi beweise sollen, dass en aneren amerikaneschen Geheimdéngscht, d’NSA, déi wichtegst Politiker vun der Welt ofgelauschtert huet – vum Angela Merkel, Ban-Ki Moon, Silvio Berlusconi an Nicolas Sarkozy ass do d’Ried. Donieft ass Wikileaks awer och fir vill aner Affaire verantwortlech, wéi zum Beispill déi ëm d’Chelsea Manning oder och déi ëm d’Demokratesch Partei an Amerika, wou verëffentlecht E-maile weise sollen, dass d’Hillary Clinton vis-à-vis vum Bernie Sanders bevirdeelegt gouf.
Et ass also net nëmme wichteg ze wëssen, wat Wikileaks ass fir dës nei Noriichten iwwert der CIA hir Spionageméiglechkeeten ze verstoen, mä och fir vill aner international Affaire besser kennen ze verfollegen.
Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:
– En Artikel iwwert CIA-Spionage vun Däitschland aus.
– Eng Iwwersiicht vun den CIA-Spionageméiglechkeeten déi Wikileaks mat “Vault 7” publizéiert huet.
Franséisch:
– Eng Iwwersiicht vun den neisten Enthüllungen an d’Konsequenzen fir Smartphones an Software-Programmer.
– En Artikel iwwert dem Julian Assange seng Situatioun
Englesch:
– Eng Iwwersiicht vun den neisten Enthüllungen déi Wikileaks “Vault 7” nennt.
https://www.nytimes.com/2017/03/07/world/europe/wikileaks-cia-hacking.html
– En Artikel zu den Enthüllungen déi Wikileaks iwwert dem Hillary Clinton seng Campagne verëffentlech huet.
