Syrien, USA, Russland – em wat geet et?

Déi lescht Woch gouf et eng nei Attack mat chemeschen Waffen an Syrien. Dëst eleng huet fir vill Noriichten gesuergt, mee och d’Reaktioun vun den USA an den Afloss vun dëser Attack op déi US-russesch Bezéiungen sinn en grousst Thema am Moment. Wat ass geschitt? An firwat ass dat en US-russeschen Problem?

Am Syrien-Krich, deen säit iwwert 6 Joer am Gaangen ass, goufen schonn e puer Mol Chemiewaffen benotzt. Déi sinn awer vun engem internationalen Traité op Grond vun hirer Grausamkeet verbueden. No enger schwéierer Attack 2013 op en Quartier an Damaskus huet den deemolegen US-President Obama militäresch Optiounen géint déi syresch Regierung an Erwänung gezunn. Doropshin huet Russland en Deal virgeschloe, deen virgesinn huet dass Syrien all seng chemesch Waffen zerstéiert an och den Traité géint chemesch Waffen ënnerschreift. Den Obama huet dës Léisung enger militärescher Aktioun virgezunn an gemengt den Deal géif sécher stellen, dass Syrien dono keng chemesch Waffen méi hätt – eng Ausso déi elo unzezweiwelen ass.

Déi nei Attack op eng Stad an der Idlib Provënz soll op mannst 58 Leit ëmbruecht hunn, woubäi verschidden Oppositiounsgruppen vill méi grouss Zuelen reportéieren. Idlib ass eng vun den leschten Provënzen wou d’Rebellen kontrolléieren, nodeems si vill Territoire verluer hunn an den leschten Méint. Während et onkloer ass wien d’Attack ausgefouert huet, kéint dëst en Indiz sinn, dass d’Regierung vum Assad sech elo erëm sécher genuch fillt fir géint en internationalen Traité ze verstoussen, deen se nach selwer virun 4 Joer ënnerschriwwen huet.

Op alle Fall huet déi nei US-Regierung net laang gewaart fir eng Reaktioun ze weisen. Si maachen kloer déi syresch Regierung fir déi nei chemesch Attack verantwortlech. Den US-President Trump huet dann och den Befehl ginn d’Militärbasis, vun där d’Fligeren mat den chemeschen Waffen aus fortgeflunn sollen sinn, unzegräifen. Dëst war déi éischten Kéier, dass Amerika direkt militäresch an den Syrien-Krich agegraff hunn – wat géint dem Trump seng eegen Wahlverspriechen geet.

 

D’Bombardéieren vun der syrescher Militärbasis ass dann och vun Russland veruerteelt ginn, well se net vum UN-Sécherheetsrot autoriséiert gouf. D’Russen hunn doropshin en Deal mat den USA suspendéiert, deen verhënneren soll, dass amerikanesch an russesch Jets sech iwwert syreschem Gebitt an den Wee kommen. Béid Länner féieren jo Loftattacken an deem Beräich aus. En Tëschefall tëscht Jets vun den zwee Länner kéint séier zu enger méi grousser internationaler Kris féieren.

Mee den Syrien-Krich stellt déi US-russesch Bezéiungen schonn säit Joren ënnert Drock. Déi russesch Ënnerstëtzung vun der Assad-Regierung ass den genauen Géigendeel vun der amerikanescher Opfaassung, dass et keng Zukunft an Syrien gëtt vun där den President Assad en Deel kann sinn. Wéi den Krich ausgeet ass fir béid Länner vun strategescher Bedeitung. D’Russen wëllen weider en Alliéierten mat Mier-Accès am Mëttleren Osten hunn. D’Amerikaner wëllen net, dass en Bündnis aus Syrien an Iran den Mëttleren Osten an Zukunft dominéiert, wat och zwee Länner sinn déi oppen géint Israel, een vun den enksten US-Verbündeten, Stëmmung maachen.

Déi chemesch Attack selwer ass eng Gefor fir déi international Reegelen, déi d’USA verteidegen well. An den Syrien-Krich als Ganzt ass – nieft der Ukrain-Krise – en groussen Test fir déi US-russesch Bezéiungen, déi schonn vun engem Pressespriecher vum russeschen President Putin als méi schlecht wéi am Kale Krich bezeechent goufen.

Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– En Artikel iwwert déi US-russesch Bezéiungen an d’Oneenegkeet iwwert Syrien.

https://www.welt.de/politik/ausland/article163633622/Tillerson-besucht-Moskau-in-einer-neuen-Eiszeit-der-Grossmaechte.html

– En Artikel iwwert d’Méiglechkeet, dass nei chemesch Waffen geheim an Syrien prodzéiert goufen säit 2014.

http://www.spiegel.de/wissenschaft/technik/syrien-warum-es-immer-noch-chemische-waffen-im-land-gibt-a-1142573.html

Franséisch:

– En Artikel iwwert dem Trump seng militäresch Reaktioun op den Gebrauch vun chemeschen Waffen.

http://www.lemonde.fr/syrie/article/2017/04/07/les-etats-unis-lancent-des-missiles-en-syrie_5107220_1618247.html

– En Artikel iwwert dem amerikaneschen Ausseminister Tillerson säin Besuch zu Moskau.

http://www.ledauphine.com/defense/2017/04/11/usa-et-russie-dos-a-dos

Englesch:

– En Iwwerbléck iwwert déi chemesch Attack an der Idlib-Provënz.

http://www.bbc.com/news/world-middle-east-39500947

– En Meenungsartikel zu den méiglechen Eskalatiounen an den US-russeschen Bezéiungen iwwert Syrien.

https://www.washingtonpost.com/posteverything/wp/2017/04/09/what-could-go-wrong-for-the-u-s-in-syria-war-with-russia/

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: http://static.theglobeandmail.ca/e5a/incoming/article32936029.ece/ALTERNATES/w620/GettyImages-493525678.jpg

Bild 2: https://gdb.voanews.com/B7F64447-0901-42BA-8D5C-164F3F975B89_w650_r0_s.png

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *