Polen- Um Wee zum autoritären Staat?

Dës Woch schreiwe mir iwwert déi nei Justiz-a Medienreforme vu Polen, déi säit Méint ëmmer erëm kuerz an de Noriichte sinn. Mee ët gëtt kritiséiert dass dës Reforme fir een EU-Memberstaat eng signifikant Verschlechterung vun der Demokratie an der Gewaltentrennung sinn. Dowéinst wëlle mir erkläre wat sech a Polen duerch d’Reforme verännert a wéi d’EU dorop reagéiert.

Déi néi Justizreform a Polen gëtt dem Justizminister Zbigniew Ziobro d’Kompetenz fir all déi aktuell Riichter vum „Tribunal Supérieur“ z’entloossen an déi duerch Riichter ze ersetzen, déi der Regierung no stinn. De Justizminister kritt zudeem vill méi Afloss zougesprach fir Riichter kënnen Uweisungen ze ginn. De Problem dobäi ass, dat d‘Geriichter esou net méi onofhängeg wieren, wat eng wichteg Viraussetzung an engem Rechtsstaat ass. Domat géifen d’Geriichter ënnert den Afloss vun der PiS-Partei gerooden. Ausserdeem soll eng néi Disziplinarkummer agefouert ginn, déi ënnert dem Justizminister steet an déi Riichter, Procureuren, Affekoten an Notairen disziplinéiere soll oder och souguer entloossen kéint.

D’PiS-Partei (Recht a Gerechtegkeet) ass eng rietspopulistesch, konservativ an EU-skeptesch Partei, déi 2015 eng absolut Majoritéit am Parlament krut mat 235 vu 460 Sëtzer. Schonn 2015 gouf duerch d’Regierung d’Verfassungsgeriicht geschwächt. D’Onofhängegkeet vum Geriicht steet net méi an deem Gesetz. Zudeem muss ët eng 2/3 Majoritéit bei der Ofstëmmung ginn an ët mussen ëmmer 13 vu 15 Riichter präsent sinn. Obwuel den Tribunal Supérieur dat Gesetz als net konform mat der Konstitutioun deklaréiert huet, ignoréiert déi polnesch Regierung dëst a well eben elo genau deen Tribunal Supérieur reforméieren.

Och d’Medie solle reforméiert ginn. 2015 goufen déi ëffentlech-rechtlech Medien an sougenannte Kulturinstituten ëmgeännert, fir dat déi ënnert dem Kultusministère stinn. Dat gëtt dem Kulturminister an haaptsächlech der polnescher Regierung d’Méiglechkeet Direktere vun de Medien auszesichen. Comitéë solle vum polneschen Tresorier gewielt ginn, also och vun der PiS-Regierung. Verschidden NGO’en hunn d’Reform staark kritiséiert well kritesche Journalismus domat ënnerbonne géif ginn. D’EU huet vu Polen eng Erklärung gefuerdert, wéi déi Reform mat EU-Recht vereenbar wier.

D’EU Parlament gesäit massiv Aschränkunge fir d’Demokratie a de Rechtsstaat a Polen. D’Europadeputéiert schwätze vun engem Broch mat den EU-Traitéen. Verschidden Europapolitiker wëllen, dat Polen kee Stëmmrecht méi an der EU huet. Zudeem soll och een EU-Vertragsverletzungsverfahren ageleet ginn. Polen géif mat den néie Reformen och net méi Bäitrëttskritären erfëllen, esou d‘Argumentatioun vun den EU-Politiker. Mee Sanktioune géint Polen duerch ze setzen ass schwéier, wëll dofir all 28 EU-Staaten dofir missten ofstëmmen an Ungarn sech schon op d’Säit vu Polen gestallt huet.


D’EU-Kommissioun huet bis elo just e Rechtsstaatsverfahre géint Polen ageleet. Den Ënnerscheed zu engem Vertragsverletzungsverfahren ass dass an engem Rechtsstaatsverfahre keng finanziell Sanktiounen oder en Stëmmentzuch kënnen ausgesprach ginn. Dëst Verfahre gouf awer schonn virun iwwert engem Joer ageleet, fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der EU.

Mee vill Bierger sinn och net d’Accord mat der Regierung an de Reformen. Si hunn Angscht, dat Polen sech zu engem autoritäre Staat entwéckelt an dowéinst sinn dausende Leit op d’Stroosse gaange fir dogéint ze protestéieren. Mëttlerweil huet den polnesche President bekannt ginn, dass hien dat neit Gesetz net wäert ënnerschreiwen, ausser wann d’Parlament enger Ännerung zoustëmmt, déi hien proposéiert. Hie well dass déi Leit, déi an de Conseil gewielt ginn deen Riichter bestëmmt, mussen vum Parlament mat méi wéi enger einfacher Majoritéit gewielt ginn, wat bedeite géift, dass d’PiS-Partei op mannst eng aner Partei jeeweils iwwerzeege misst fir eng Nominatioun ze confirméieren.

Et bleift allerdéngs ofzewaarden, wéi sech d’Situatioun an den nächsten Deeg weiderentwéckelt. Während d’Oppositioun op d’Parlamentswahlen 2019 hofft, sicht d’EU nach ëmmer no enger passender Äntfert op d’Ännerungen an der polnescher Staatsform.

Artikelen fir wieder ze liesen:
Däitsch:

Eng Analyse vun der däitscher Bundeszentrale fir politësch Bildung iwwert Regierung vu Polen

http://www.bpb.de/internationales/europa/polen/216737/analyse-von-kaczyskis-gnaden-die-neue-nationalkonservative-regierung

Polen an Ungarn zwee Partner ënner sech

http://www.faz.net/agenturmeldungen/dpa/eu-streit-mit-polen-und-ungarn-eskaliert-15105270.html

Franséisch:

Polen an den Emgang mat Journalisten

http://www.lemonde.fr/europe/article/2017/07/18/en-pologne-le-gouvernement-ultraconservateur-harcele-les-journalistes_5161876_3214.html

Een Resumé iwwert déi demokratësch Crise a Polen

http://info.arte.tv/fr/pologne-cinq-questions-sur-la-derive-autoritaire-qui-inquiete-leurope

Englesch:

Polnësch Minister- een Lien zu Russland?

https://www.theguardian.com/world/2017/jul/12/polish-minister-accused-of-having-links-with-pro-kremlin-far-right-groups

Carnegie Europe erklärt d’Méiglechkeeten, wéi d’EU réagéieren kann

http://carnegieeurope.eu/strategiceurope/71568

Sourcen vun de Biller:

Bild1: http://www.aljazeera.com/mritems/imagecache/mbdxxlarge/mritems/Images/2015/12/28/0a5a198734354b6e92d0b344174f52e3_18.jpg

Bild2:http://www.deutschlandfunk.de/proteste-in-polen-tausende-demonstranten-in-warschau.1773.de.html?dram:article_id=353494

 

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *