Wat ass d’Frisbee-Affär?

Eng Affär, déi zu Neiwahlen, enger neier Regierung gefouert huet a soss och fir vill Opreegung gesuergt huet, kennt elo esou lues, mat der Uklo vu fréiere Mataarbechter vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht SREL, nees un d’Rullen. Mä em wat geet et eigentlech an där Affär? Wien ass dra verwéckelt a wie steet elo eigentlech viru Geriicht a wéinst wat mussen déi Leit sech veräntweren? Dat sinn déi Froen, op déi mer des Woch versichen, ze äntweren.

D’‘Frisbee’-Affär, wéi se vun den deemolege Mataarbechter vum SREL, dem lëtzeboiesche Geheimdéngscht, intern genannt ginn ass (well et em eng CD geet, déi e bëssen ausgesäit wéi e Frisbee), huet eigentlech hier Origine an der Bommeleeër-Affär, déi zanter 30 Joer nach ëmmer net esou richteg opgekläert ass.

Ugefaangen huet dat Ganzt, wou den Elektronik-Spezialist Loris Mariotto engem Mataarbechter aus dem SREL, dem André Kemmer, gezielt huet, dass e Gespréich op héchstem Staatsniveau tëscht dem deemolege Premier Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc Henri a Saache Bommeleeër opgezeechent gi wier. Dat Gespréich géif sech op enger kryptéierter CD an a sengem Besetz befannen.

D’Mataarbechter vum SREL, den André Kemmer (deemolege SREL-Agent), de Marko Mille (deemolegen Direkter vum SREL) an de Frank Schneider (deemolegen Operatiouns-Chef beim SREL) beschléissen dorops hin, de Premier driwwer ze informéieren. Wéi RTL schreift, soll de Premier deen Dag awer net gutt drop gewiescht sinn an d’Gespréich wier dowéinst net gutt gelaf, wouropshin d’Mataarbechter vum SREL d’Vertrauen an den Här Juncker verluer hätten. D’CD kritt de SREL Enn 2007 vum Loris Mariotto, mä well se kryptéiert ass, kréie si den Inhalt awer net entziffert. Dowéinst rifft den André Kemmer dem Loris Mariotto un an hellt d’Gespréich op an dat, ouni déi néideg Autorisatiounen dofir unzefroen, wat géint d’Reegele verstéisst, un déi Ermëttler an engem Rechtsstaat sech mussen halen, wa se eng Enquête féieren.

Bei engem opgezeechente Gespréich bleift et awer net. De Loris Mariotto gëtt weider illegal ofgelauschtert. Domat ass et awer och net gedoen. Kuerz Zäit drop, geet de Marko Mille bei de Premier an hellt dee mat enger Spionage-Auer op, dat och ouni Autorisatioun. An deem Gespréich geet et ënnert anerem em déi kryptéiert CD an och dorëms, dass de SREL de Loris Mariotto ouni Autorisatioun opgeholl hätt.

D’Aktioun an där de Premier mat Hëllef vun der Spionage-Auer opgeholl ginn ass, kennt eraus, domadder gëtt de Ball un d’Rulle bruecht an dat Ganzt gëtt zu enger institutioneller Kris, duerch déi de Jean-Claude Juncker sech gezwonge gesäit, nach ier e vun der Chamber dozou opgefuerdert gëtt, Neiwahlen opzeruffen.

Et geet an der Affär also an der Haaptsaach em 3 illegal Enregistrementer, déi déi 3 mëttlerweil fréier Mataarbechter vum SREL virgehäit kréien: d’Gespréich tëscht dem Premier an dem Grand-Duc, d’Opzeechnungen vum Loris Mariotto an d’Gespréich tëscht dem Marko Mille an dem Premier. Dat sinn nämlech Infraktiounen zum Schutz vum Privatliewen an zum Dateschutz. D’Aktioun mat der Spionage-Auer huet awer weider keng juristesch Suitten.

Ob op der CD tatsächlech iwwerhaapt eppes drop ass oder ob dat wat drop wier iwwerhaapt iergend eng Bedeitung hätt, weess wéi et schéngt keen.

 

Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– E ganzen Dossier zur SREL-Affär:

https://www.wort.lu/de/lokales/dossier-srel-die-geheimdienstaffaere-von-a-bis-z-50e5f5a9e4b01992f27d4153

– En Artikel iwwert de Prozess vum Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer.

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg-nachrichten/tagesordnungspunkt-srel-affaere/

Franséisch:

– En Artikel iwwert de Prozess an d’Frisbee-Affär.

http://paperjam.lu/news/un-proces-dans-laffaire-du-srel

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: http://www.lessentiel.lu/dyim/c0d368/B.M600,1000/images/content/1/3/0/13036555/9/topelement.jpg

Bild 2:

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *