Ass Inegalitéit vun Akommes e Problem deen d’Politik adresséiere soll?

Säit Joren ass an den Noriichten ze liesen dass d’Welt ëmmer méi ongläich gëtt – virun allem d’Noriicht dass 8 Leit esou räich si wéi déi äermste 50% vun der Welt huet vill Leit geschockt. An d’Thema réckelt och spéitstens säit der Occupy Wall Street-Beweegung vun 2011 ëmmer méi an de Virdergrond vu politeschen Debatten. Een Aspekt dofunner ass d’Akommes, dat der OECD no, 2017 an der EU sou ongläich war ewéi nach ni.  Dofir diskutéieren an der éischter Editioun vun eiser Serie “Bléckwénkel” eis 3 Auteuren d’Fro ob Inegalitéit vun Akommes e Problem ass deen d’Politik adresséiere soll.

 

“2984 Euro pro Mount – Dat war dat mediaant Akommes vun enger Persoun, déi 2014 zu Lëtzebuerg geschafft huet. Dëst bedeit, datt genau d’Halschent vun de Leit méi, an d’Halschent vun de Leit manner wéi € 2984 pro Mount verdéngt hunn. Trotzdeem ass d’Inegalitéit vun Akommes zu Lëtzebuerg relativ kleng: Am internationale Verglach steet eist Land regelméisseg op den Top-Platzen, wat d’Verdeelung vum Akommes ugeet.

D’Inegalitéit vun Akommes existéiert also, sie ass awer relativ geréng zu Lëtzebuerg. Awéifern soll d’Politik sech em dëse Problem këmmeren? Fir op déi Fro ze äntweren, muss ee menger Meenung no fir d’éischt kucken, wou d’Inegalitéit vun Akommes iwwerhaapt hierkënnt.

Engersäits huet net jiddereen déi nämmlecht Chancen am Liewen: Statistesch gesi verdénge Kanner aus méi niddrege Gesellschaftsschichte manner, wann se erwuesse sinn, wéi Kanner aus méi héije sozio-ekonomesche Schichten.

Anerersäits ass et menger Meenung no wichteg, datt gutt Leeschtunge finanziell belount gi – soss riskéiert d’Motivatioun ze feelen, fir haart ze schaffen an sech och dann drun ze ginn, wann ee midd ass. Doriwwer eraus solle Leit, déi sech trauen, hier Iddien als Entrepreneur selbstänneg ze realiséieren, gäre fir hire Courage belount ginn.

Aus dëse Grënn soll d’Politik schon duerch Akommessteier a sozial Moossnamen de Räichtum ëmverdeele – awer nëmme bis zu engem bestëmmte Punkt.  Et muss méiglech sinn, méi ze verdéngen, wann ee méi Responsabilitéit iwwerhëlt – oder wann een de Courage huet, gutt Iddien als Entrepreneur selwer ze entwéckelen.

An deem Sënn ass de Staat net dofir responsabel, datt jiddereen dat nämmlecht Akommes huet. Vill méi soll d’Politik sech dofir asetzen, datt jiddereen déi nämmlecht Chancen a Méiglechkeeten huet – fir datt déi Leit, déi déi Chancen notzen, duerno och fir hier Leeschtunge belount ginn.”

 

De Sujet Inegalitéit ass an der häiteger Zäit een immens effikassen ekonomeschen Debattepunkt. Dir héiert non-stop dovu wéi grouss den Ënnerscheed zwëschen Aarm a Räich ass, a wat fir schlëmm Konsequenzen dat op déi huet, déi an eiser Gesellschaft am schlechtsten do stinn. Fir Sozialisten ass dëse Sujet ee fundamentalen, well si doduerch méi Reguléierung vun der Ekonomie a méi héich Steiere fuerdere kënnen. Aner Stëmmen, besonnesch an der Politik, halen sech méi kleng, si ginn sech mat Platitudë wéi “mir schaffen dorun d’Ënnerscheeder erof ze drécken” zefridden.

A Wierklechkeet muss dir just eppes verhalen: D’Inegalitéit vun Akommes seet näischt iwwer de Stand vun der Ekonomie aus. Dir kënnt dat un engem empiresche Beispill festhalen: Wa mir d’Akommes vum Bill Gates mat 4 multiplizéieren, an äert mat 3, da verdéngt dir 3 mol souvill wéi virdrun. Gläichzäiteg awer ass an dësem Beispill d’Inegalitéit an d’Luucht gaangen, well den Ecart zwëschen iech an dem Bill Gates nach méi grouss ginn ass. Huet de Bill Gates iech doduerch eppes ewech geholl? Nee. Au contraire, et si besonnesch Leit wéi de Bill Gates déi fir Innovatioun gesuergt hunn. Dëse Fortschrëtt dee fréier, haut, a muer Millioune Leit aus der Aarmut bréngt.

An an der Praxis weisen d’Zuelen dat och: Zwëschen 1947 an 2015 ass d’Ënnerernierung weltwäit vu 50 Prozent op nëmmen 13 Prozent gefall, an dat obwuel d’Weltbevëlkerung sech verduebelt huet. Bei der Aarmut ass d’Bild dat selwecht: D’extrem Aarmut (Weltbank-Definitioun: ënnert 1,9 Dollar pro Dag) ass säit 1990 vu 40 Prozent op just 10 Prozent zeréck gaangen. Grond dofir ass dass méi a méi Länner eng fräi Maartwirtschaft bedreiwen a Leit vum doraus resultéierten ekonomeschen Opschwong profitéieren. Fakt: Et geet Leit besser wéinst méi Fräiheet an der Ekonomie, net manner.

Vergläicht dat mat Plaze wéi Kuba oder Venezuela, wou Politiker ënnert dem Fändel vum Kampf géint Inegalitéit un d’Muecht komm sinn. Haut sinn do d’Inegalitéite just dowéinst méi kleng, well jidderee gläich aarm ass.

D’Ekonomie als Ënnerscheed zwëschen Aarm a Räich ze kucken ass nom schéinen Däitsche Wuert “Augenwischerei”. Et ass d’Rhetorik aus dem 19. Joerhonnert, mat där versicht gëtt Leit géinteneen opzebréngen, an déi vu Leit verfollegt gëtt déi just eegewëlleg politesch Zieler verfollegen.”

 

“D’Fro ob Politik sech em d‘ Inegalitéit vun Akommes këmmere soll, kennt ëmmer nees ob, awer et schéngt wei wann déi Diskussioun nach net ofgeschloss wier.

An enger Demokratie, geet d’ Muecht, vum Staatsbierger an der Staatsbiergerin aus. Duerch Wahlen, soll hire Welle representéiert an duerchgesat ginn. Dat heescht och, dass d’Politik sech och mat de Problemer vun de Leit ausernee setze muss. Ee Problem vu ville Leit ass, dass se net genuch verdéngen, dass d’Inegalitéit vun Akommes och sie betrefft.

Menger Meenung no gëtt et definitiv een Ongläichgewiicht beim Akommes. Natierlech solle Leit, déi vill geleiert hun, déi vill leeschten oder vill Verantwortung hunn och mei verdénge wei anerer bei deenen dat net Fall ass. D’Fro ass awer, ob dat an eiser Gesellschaft net aus dem Gläichgewiicht geroden ass. Et geséit een, dass Leit déi a wirtschaftlech relevante Beruffer ënnerwee sinn oft mei verdénge wei Leit a soziale Beruffer. Grouss Ënnerscheeder beim Akommes gëtt et och tëschent de Geschlechter.  

Fro ass konkret ob et gerechtfäerdegt ass wann Cheffe vu groussen Entreprisë Milliounen un Gehalt kréien a gläichzäiteg hiren Aarbechter net genuch bezuelen. Oder ob et an der Reih ass wann een/eng Infirmier*e oder Educatrice net genuch verdéngen obwuel sie dagdeeglech vill leeschte mussen an ouni sie eis Gesellschaft net fonctionnéiere géif. Dat si just puer Beispiller déi natierlech ganz plakativ weise sollen, dass et Ongläichheet beim Akommes gëtt, et kann een déi Problematik awer ob vill aner Beruffer iwwerdroen. De Problem bei der Ongläichheet vum Akommes besteet dodran, dass den Ënnerscheed zwësche Räich an Aarm ëmmer mei grouss gëtt.

Bestëmmt kéint een elo froe firwat et wichteg ass, dass et méiglechst vill Gerechtegkeet beim Akommes gëtt. D’OECD zum Beispill mierkt un, dass ze grouss Ongläichheet am Akommes  de gesellschaftlechen Zesummenhalt an d’Demokratie destabiliséiere kann. Et huet sech och gewisen, dass et een Zesummenhang zwëschen Akommes a politeschen Handelen an Astellunge gëtt. Wann ee kuckt wéi eng Bevëlkerungsschicht riets-populistesch Parteie wielen, sinn dat éischter Leit déi manner verdéngen an sech ee gutt Liewen net leeschte kennen.

Kuerzfristeg gesi muss d Politik menger Meenung no kucken d’Akommes an d’Steiere gerecht ze verdeele fir d’Solidaritéit an der Gesellschaft ze erhalen. Längerfristeg muss een sech iwwerleeën ob eis wirtschaftlech a sozial Konzepter net duerch besser a mei solidaresch Wirtschafts- a Gesellschaftsformen ersat musse ginn.”

 

 

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *