Wat ass zu Charlottesville geschitt?

Dës Woch schreiwe mir iwwert d’Eskalatiounen a Charlottesville an den USA. Do gouf et eng Demonstratioun vu Rietsradikalen an eng Géigendemonstratioun. No enger Eskalatioun vu Gewalt ass eng Persoun gestuerwen a 34 Leit si blesséiert ginn. Mee wéi eng rietsextrem Gruppen hunn un dëser Demonstratioun Deel geholl a firwat gëtt de President Trump fir seng Reaktioun kritiséiert?

An enger Staat mat 50.000 Awunner hunn sech um Samschdeg puer honnert rietsextrem Gruppéierunge bei enger Manifestatioun getraff. Ënner anerem waren do d’Alt-Right-Beweegung, Neonazi-Gruppen an och Membere vum Ku-Klux-Klan. Si hunn sech getraff fir géint ee Beschloss vum Gemengerot vu Charlottesville ze demonstréieren. De Gemengerot well eng Statue vum Generol Robert E. Lee, deen am Biergerkrich fir d’Confederéiert Arméi gekämpft huet, ofrappen. An Amerika sinn esou Statuë scho länger kontrovers, well déi Confederéiert Arméi sech am Biergerkrich fir d’Sklaverei agesaat huet. Sou Statuë ginn dowéinst oft als Symbol vun der Ënnerdréckung vun Afroamerikaner gesinn.

Nodeems et scho bei der Manifestatioun zu Ausernanersetzunge koum, ass dono een Auto an e Grupp vu Géigendemonstrante gefuer. Dobäi ass eng Persoun gestuerwen an 19 Leit goufe blesséiert. Donieft sinn nach 15 Leit bei enger Kläpperei blesséiert ginn an ee Police-Helikopter ass aus bis elo onbekannte Grënn ofgestierzt, woubäi déi 2 Pilote gestuerwe sinn.

Mee wéi eng rietsextrem Gruppe waren elo op dëser Demonstratioun? Do war eng Grupp dobäi, déi sech „Vanguard American“ nennen. Si hunn schwaarz Schëlter mat engem wäissem Kräiz a gleewen un eng biologesch Iwwerleeënheet vu Mënsche mat europäescher Ofstamung. Si sinn net grondsätzlech géint eng multiethnesch Gesellschaft, mee si gesinn déi Wäiss awer un der Spëtzt vun enger natierlecher Hierarchie.
Och d’Neonazi-Partei an den USA war op der Demonstratioun. Si stëtzen sech op d’Ideologie vum Adolf Hitler. Also sinn se géint all Mënschen, déi net wäiss sinn, an och géint Homosexueller, Judden a Leit mat Behënnerungen. Op der Demonstratioun waren deementspriechend vill NS-Symboler a Fändelen ze gesinn.

Eng weider bekannte Grupp déi un der Demonstratioun Deel geholl huet war de Ku-Klux-Klan déi eng vun den eelsten auslännerfeindleche Gruppen an Amerika ass. Si veruerteelen all Net-Wäisser an hunn an hirer Geschicht scho vill Léit ëmbruecht déi hiren Idealer net entspriechen. Virun allem am 19. Joerhonnert an nom Zweete Weltkrich huet de Ku-Klux-Klan vill Afroamerikaner gelyncht.

Den amerikanesche President Donald Trump huet a senger éischter Reaktioun net wollte soen, dass et sech beim Auto deen an e Grupp vu Mënsche gerannt war, ëm eng Terror-Attack handelt. Hie sot ausserdeem, dat béid Säiten – Gruppe vum lenken a vum rietse Spektrum – un der Gewalt Schold waren. Nodeems hie vun de Medien an immens ville Politiker kritiséiert gouf, dass hie sech domadder net géif genuch vun de Rietsextremen distanzéieren, huet den Trump de Méindeg dunn méi kloer rietsextrem Gruppe veruerteelt. Allerdéngs ass hien den Dënschde Moien erëm dorop zeréck gaangen, dass béid Säite Schold wieren. Dowéinst gëtt hie weiderhi kritiséiert, dass hien sech net kloer genuch vu rietsextreme Gruppen distanzéiert.

De presuméierte Fuerer vum Auto deen 1 Persoun ëmbruecht an 19 Leit blesséiert huet, gouf mëttlerweil festgeholl an ugeklot. Déi politesch Konsequenze vun der Gewalt zu Charlottesville schéngen awer nach net ofgeschloss.

Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– Een Artikel deen zwar 1 Joer aal ass, mee deen verschidden extremriets Gruppen erkläert.

http://www.spiegel.de/einestages/rechtextreme-in-den-usa-vom-ku-klux-klan-bis-zu-alt-right-a-1125797.html

– Een Verglach zwëschen dem amerikanëschem an dem europäeschem Rietsextremismus vun der däitscher Bundeszentrale für politische Bildung

http://www.bpb.de/politik/extremismus/rechtsextremismus/243794/thesen-us-amerikanischer-rechtspopulismus

Franséisch:

-Eng Erklärung vum rietsextremisteschen Terror an den USA

http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2017/08/15/quelle-est-l-ampleur-du-terrorisme-d-extreme-droite-aux-etats-unis_5172696_4355770.html

-Eng nei Well vun extremrietsen Stréimungen

http://www.ledevoir.com/international/etats-unis/505756/sous-trump-une-nouvelle-vague-d-extreme-droite-emerge-aux-etats-unis

Englesch:

-White Supremacy, ginn si méi staark?

http://www.bbc.com/news/world-us-canada-40915356

-Extremriets Gruppen plangen weider Demonstratiounen an den USA

https://www.nytimes.com/2017/08/13/us/far-right-groups-blaze-into-national-view-in-charlottesville.html

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: http://edition.cnn.com/2017/08/12/us/charlottesville-white-nationalists-rally/index.html

Bild 2: http://www.motherjones.com/wp-content/uploads/2017/08/20170812-charlottesville.png?w=945

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *