Existéiert d’Inegalitéit tëschent de Geschlechter? Wa ja, soll d’Politik sech dorëm këmmeren?

Virun 100 Joer huet déi sougenannte “Suffragettes”-Beweegung fir d’Walrecht fir Frae gekämpft. Dat Zil ass mëttlerweil a ganz Europa erreecht. Mee och hautdesdaags gëtt et nach Beräicher wou vill Leit eng Ongläichheet tëschent de Geschlechter gesinn – ob doheem, op der Aarbechtsplaz oder an der Politik. Dofir ass d’Fro un eis 3 Auteuren dës Woch, ob et nach Inegalitéiten tëschent de Geschlechter gëtt a wa ja, wéi eng Roll d’Politik hei spille soll.

“Am éischten Artikel vun der dëser Serie hunn ech duergestallt, dass et Inegalitéit beim Gehalt innerhalb vun der Gesellschaft gëtt. Haut geet et em Inegalitéit tëschent de Geschlechter am Beruffsliewen.

Wann een sech mat dëser Thematik beschäftegt trefft een iergendwann ob de Begrëff „Gender Pay Gap“ (GPG). De „GPG“ ass d’Differenz beim „Bruttostundenverdienst“ tëschent Mann a Fra am Verhältnis zum „Bruttostundenverdienst“ vum Mann. Am Kloertext bedeit dat, dass Fraen am Duerchschnëtt 21% manner an der Stonn verdénge wéi Männer, obwuel se déi nämmlecht Aarbecht maachen. Den Ënnerscheed bei der Bezuelung ass een Zeeche vun Inegalitéit. De GPG ass awer just een Deel vum Problem.

Interessanterweis si Fraeberuffer, oft Beruffer déi an der Gesellschaft manner Prestigen hunn. Wichteg Beruffer am Kontext vun Erzéiung a Fleeg si gesellschaftlech net onbedéngt unerkannt a ginn deementspriechend schlecht bezuelt. Des weidere gëtt d‘ Féiere vum Haushalt och net bezuelt obwuel et Aarbechte sinn, déi gemaach musse ginn  – oder huet är Mamm schonn eng kéier eng Paie kritt fir doheem ze kachen an ze botzen?

An wann d Leit no hirem Beruffsliewen an d Pensioun komme geet et weider mat der Ongerechtegkeet. Och do kréie Frae manner Pensioun wéi d’Männer an si méi oft vun Altersaarmut betraff. Dat huet domadder ze dinn, dass si am Beruffsliewe manner verdéngt hunn an awer och, dass vill Fraen net duerchgoend schaffe konnte well si ob d’Kanner opgepasst hunn. Dat si Joren déi hinnen herno an der Pensioun feelen.

Dat heite ware just puer Beispiller déi ech weise wollt, bei deenen ee gesäit, dass et Inegalitéit tëschent de Geschlechter gëtt. Frae sinn oft méi Belaaschtungen ausgesat well si Privates a Beruff verbanne mussen, zousätzlech dozou ginn nach net gerecht bezuelt.

Ob d’Fro ob d Politik sech dëser Thematik unhuele soll oder net, stellen ech d Géigefro. Wann d’Politik et net mëscht, wien soss?”

“D’Inegalitéit zwëscht de Geschlechter ass ee villsäitegt Thema. Een Domaine, wou d’Inegalitéit zwëscht Männer a Frae wëssenschaftlech bewisen ass, ass d’Beruffswelt: An den OECD-Länner verdénge Fraen am Duerchschnëtt 16% manner wéi Männer, déi den nämmlechte Beruff ausüben, an et si manner Fraen a Management-Positioune wéi Männer.

Menger Meenung no dréit d’Politik eng Verantwortung, duerno ze kucken, datt d’ekonomesch Inegalitéit zwëscht Männer a Frae méi kleng gëtt. Dëst kann op e puer Aart a Weise gemaach ginn:

Éischtens muss d’Politik dofir suergen, datt et fir béid Elterendeeler méi einfach gëtt, de Beruff an d’Familljeliewen ënnert een Hutt ze brengen. Dëst kann duerch e puer Mesuren erreecht ginn:

  • An eiser ëmmer méi technologescher Welt muss et besser méiglech sinn, vun doheem aus ze schaffen.
  • Et musse méi Plazen a Crèchen a Maison relais’en zu subventionéierte Präisser ugebuede ginn;
  • Et muss steierlech méi attraktiv ginn, fir doheem Leit anzestellen, déi sech em d’Kanner këmmeren;

Dës Mesurë géifen et béiden Elteren erméiglechen, d’Familljen- an d’Beruffsliewen ënnert een Hutt ze brengen, a kéinten esou d’Inegalitéiten zwëscht Männer a Fraen an der Beruffswelt reduzéieren.

Doriwwer eraus gëtt, fir d’Inegalitéit zwëscht de Geschlechter op Management-Positiounen ze reduzéieren, oft iwwert Geschlechterquoten diskutéiert. Dovu sinn ech net begeeschtert. Éischtens sinn ech der Meenung, datt brillant Fraen och ouni Geschlechterquot an de Comité de direction vun enger Entreprise kommen. Zweetens solle Betriber fräi kennen decidéieren, wien am Comité de direction sëtzt, ouni dobäi mussen op Geschlechterquoten opzepassen. An drëttens soll de wichtegste Critère bei enger Promotioun d’Kompetenz vum Kandidat sinn, egal ob et sech dobäi em ee Mann oder eng Fra handelt.

Anerersäits ass et ee Fakt, datt Fraen an de Comités de direction ënnerrepresentéiert sinn. Eng méiglech Solutioun wier dofir, während enger Iwwergangsphase eng niddreg Quot a groussen Entreprisen anzeféieren, déi géif besoen, dat all Geschlecht op d’mannst een Drëttel vum Comité de direction muss ausmaachen.

Als Konklusioun ass et fir mech also ee Fakt, datt et eng ekonomesch Inegalitéit zwëscht Männer a Frae gëtt. D’Politik kann dëst veränneren, andeems se et méi einfach mécht fir d’Familljen- an d’Beruffsliewen ënnert een Hutt ze brengen, an andeems se niddreg Geschlechterquoten a grousse Betriber aféiert.”

 

“Mat der “Inegalitéit vun de Geschlechter” ass haut an deene meeschte Fäll den Ënnerscheed am Beräich vun de Salaire gemengt. Gerechent ginn hei d’Ënnerscheeder an deem wat Männer a Fraen an hire Beruffer verdéngen. Déi meescht benotzten Zuel an dësem Kader sinn 80%, wat heesche géif dass fir déi selwecht Aarbecht, eng Fra just 80 Cent kritt während ee Mann 1 Euro verdéngt. An obwuel Politiker gäre mat dëser Zuel schaffen, huet si wéineg mat der Realitéit ze dinn: Et goufe just all d’Salaire vu Männer a Frae verglach, ouni dobäi déi verschidde Kompetenzen, Beruffer oder Preferenzen ze berécksiichtegen.

Obwuel all Beruffer zougänglech si fir béid Geschlechter, si Fraen a Männer a ville Beruffssparten ënnerschiddlech representéiert. An de Beräicher vun de Riichter an deem vum de Grondschoulen zum Beispill, sinn zu Lëtzebuerg méi Frae wéi Männer.

Et stellt een sech och e bëssen d’Fro: Wann ee wierklech strukturell Fraen 20% manner bezuele kéint wéi Männer, an dat obwuel se genau déi selwecht Aarbecht leeschten, firwat géifen Entreprisen dann net einfach just Fraen astellen?

Heescht dat also dass wa mir also wierklech Äppel mat Äppel vergläichen, dass mer dann op 100% gläich Salairë kommen? Sou einfach ass et net: Studien hunn nämlech gewisen dass Diskriminatioun op der Aarbechtsplaz weiderhin eng Roll spillt. Hei ass d’Zuel allerdéngs net 20%, mee minimal 3% Ënnerscheed beim Salaire. Opgepasst: Diskriminéierung ass net direkt Sexismus. Frae bezuele manner fir Autosversécherungen, well Entreprisen d’Geschlecht mat an hir Rechnung mat abegräifen. Dëst huet manner mat Sexismus ze di wéi mat rationellen Entscheedunge bei Choix’en déi Entreprise maachen.

D’Studie weisen also net dass Fraen 80% manner verdénge fir déi selwecht Aarbecht, mee si weisen och net dass sexistesch Diskriminéierung guer net existéiert. Sécher ass op alle Fall dass de Staat bei der Rektifikatioun vun deem onbekannte Prozentpunkt zwëschen 0 an 3 Prozent keng grouss Hëllef wier. “Equal Pay for Equal Work” Gesetzgebung huet sech als immens ineffizient eraus gestallt, well geschlechtsspezifeschen Traitement net ze iwwerpréiwen ass.

Wat mir um perséinlechen Niveau maache mussen, ass fir eis kloerem Sexismus an eisem Alldagsliewen entgéint ze stellen, op en eis elo perséinlech betrëfft oder net.”

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *