Wat ass d’Laach vun der Europäescher Unioun?

Wei steet et em d’Europäesch Unioun ? Eng Fro déi een sech an Zäite vu Brexit, Terrormenacen an opkommendem Populismus wei och Euroskeptiker an der EU oft stellt. Een Haaptsujet op deen den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a senger Ried vum leschte Mëttwoch am EU-Parlament zu Stroossbuerg agaangen ass. Wei also gesäit hien déi momentan Laach vun der europäescher Gemeinschaft ? A virun allem, wei gesäit fir hien d’Zukunft vun der EU aus ?

All Joer am September bezitt den EU-Kommissiounspresident Stellung zur momentaner Laach an der EU. Dobäi gëtt ee Resumé vum leschte Joer gezunn an och op déi aktuell Problemer vun der Unioun agaangen. Doriwwer eraus ginn och eventuell Pläng fir d’Zukunft a Reformidee virgestallt, déi d Komissioun ëmsetze well.

,,Europa huet rem neie Wand an de Seegelen,, ,sou ee Saz aus Jean-Claude Juncker senger Ried. De Kommissiounspresident weist sech optimistesch a strieft eng gëeenten, staark a méi demokratesch Unioun bis zum Joer 2025 un. Mee wat konkret sinn seng Virschléi fir d’Europäesch Union ?

De Kommissiounspresident fuerdert ënner anerem dass d’EU-Memberstaaten mei enk zesumme récke sollen. Dofir missten alleguerten d’Länner den Euro aféieren. De Juncker ass der Meenung, dass ,,den Euro dozou bestëmmt ass d Währung vun der ganzer Unioun ze sinn an de Kontinent ze eneen, an en eben net ze spalten,,. Fir de Moment hun nëmmen 19 vun 28 Memberstaaten den Euro als déi offiziell Währung agefouert. Groussbritannien fir säin Deel war nie Member vum Euroraum. Doniewent fuerdert de Jean-Claude Juncker dass all EU-Staat dem Schengenraum bäitriede soll. Dat géif bedeiten dass bei Länner wei zum Beispill Rumänien, Bulgarien oder och Kroatien d’Grenzkontrolle ewech fale géifen.

Eng aner Fuerderung ass déi vun engem europäesche Wirtschafts an Finanzminister, e Posten deen d’Responsabilitéiten vum momentanen Finanz an Wirtschaftskommissär an dem Eurogruppechef hätt. Dësen Minister hätt am Fall vun ,,fundamentale wirtschaftleche Problemer oder Rezessioun” vun engem Memberstaat déi néideg Befugnisser fir effektiv Mesuren ze ergräifen. Dat géif déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht teschend den EU Länner verdéiwen. Een eegent Parlament fir d’Eurozon mat eegenem Budget, wei de franséische President Macron et fuerdert, lehnt de Juncker awer of.

Doriwwer eraus huet de Juncker sech dofir ausgeschwat, aus de Poste vum Kommissiounspresident a vum Rotspresident een eenzege Posten ze schafen, an zwar dee vun engem eenzegen EU-President. De Kommissiounspresident well domadde fir manner komplizéiert Verhältnisser suergen, well fir hien d’EU eng ,,Union vun de Staaten a vun de Bierger,, ass.

Deswéideren well de Juncker dass et och méiglech soll sinn a wichtegen aussen- a steierpoliteschen Affären nom Majoritéitsprinzip ofstëmmen ze kennen, wat fir Schnellegkeet bei wichtegen Dossiere suerge soll. Bis elo mussen esou Decisiounen nach unanime vun all de Memberstaaten geholl ginn.

Dem Jean-Claude Juncker seng Visioun vir d EU bis d’Joer 2025 besteet also aus méi Geschlossenheet an Zesummenhalt ënnert de Memberstaaten. Dobäi sollen 3 Grondsätz d’Zukunft vun der Eu bestëmmen : Fräiheet, Gläichheet an Rechtsstaatlechkeet. Mat senger Grondsazried dëit de Jean-Claude Juncker un, wei en seng läscht Méint als Kommissiounspresident gestallte well, well hien schon ugekënnegt huet 2019 net mei fir d Amt als Kommissiounspresident unzetrieden. Wéi eng vun dëse Propose vun der EU-Kommissioun d’Zoustëmmung vum EU-Parlament an dem EU-Ministerroot fannen, bleift allerdéngs nach ofzewaarden.

 

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

– E méi détailléierte Resumé vum Juncker senger Ried

http://www.spiegel.de/politik/ausland/jean-claude-juncker-will-euro-ueberall-in-der-eu-einfuehren-a-1167396.html

– En Artikel zur Reaktioun vun der däitscher Regierung zur Ried vum EU-Kommissiounspresident.

http://www.faz.net/aktuell/politik/ausland/zustimmung-und-skepsis-fuer-junckers-eu-plaene-15196312.html

Franséisch:

– En Editorial deen dem Juncker seng Proposen als Mëttelwee tëschent Frankräich an Däitschland gesäit

http://www.lemonde.fr/idees/article/2017/09/14/les-ambitions-realistes-de-jean-claude-juncker-pour-l-europe_5185453_3232.html

– Eng Analyse vun den 10 gréisste Proposen vum Kommissiounspresident

http://www.la-croix.com/Monde/Europe/dix-annonces-incontournables-discours-Juncker-letat-lUnion-2017-09-13-1200876526

Englesch:

– E méi détailléierte Resumé vum Juncker senger Ried

https://www.nytimes.com/2017/09/13/world/europe/juncker-eu-brexit

– E méi kriteschen Ausbléck op d’Maachbarkeet vun de Reformen déi de Kommissiounspresident firgeschlo huet

https://www.theguardian.com/world/2017/sep/13/jean-claude-junckers-federalist-vision-for-the-eu-is-far-from-reality

 

Source vun de Biller:

– Bild 1: http://www.voxeurop.eu/files/images/brief/p035173006901-118994.jpg

– Bild 2: https://crp-infotec.de/wp-content/uploads/eurozone-schengenraum-vergleich.gif

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *