
Am Kontext vun de Gemengewahlen hu mir ënnerschiddlech Politiker interviewt, déi um kommunalen Niveau politesch Poste bekleeden. Bis zu de Wahlen, den 8. Oktober, wäerte mir een Artikel pro Poste publizéieren. Den zweeten Artikel an dëser Serie dréint sech ronderëm de Poste vum Schäffen. Dofir hu mir mam Simone Beissel, DP, aus der Stad a mam Fréd Ternes, CSV, vu Nidderaanwen geschwat.
Wéi gesäit den Alldag vun engem Schäffen aus ?
Fréd Ternes: „Hei an der Gemeng ass den Alldag esou, dass mir dräi mol d’Woch eng Sëtzung am Schäfferot hunn, wou sech déi zwee Schäffen an de Buergermeeschter an de Sekretär zesummesetzen. Do ginn dann all d’Decisioune getraff déi mussen an enger Gemeng geholl ginn. Mam Sekretär ginn usech déi méi organisatoresch Decisioune geholl, dat ka si fir nei Leit anzestellen, dat kann awer och sinn eng Kommunikatioun déi mer eraus ginn. An dann hu mir déi selwecht Sitzung och mam Chef vum Service Technique zesummen an do geet et dann dorëm Decisiounen iwwert all déi grouss Bauprojeten an déi technesch Saachen ze huelen. Dat ass usech den Aarbechtsoflaf vum Schäffen. An da kënnt natierlech dobäi eng ganz Reih Reunioune mat Veräiner déi hei an der Gemeng aktiv sinn oder Betriber mat deene mir zesumme schaffen. Dat kann awer och all Bierger sinn deen eng Entrevue mam Schäfferot well hunn.“
Wat ass dem Schäfferot seng Roll ? Wat kann een als eenzele Schäffe bewierken?
Simone Beissel: „Dir musst wëssen, de Schäfferot ass d’Exekutive an de Gemengerot ass wéi d’Legislative. Dat heescht déi grouss Decisioune ginn am Gemengerot geholl an de Schäfferot, deen exekutéiert – ausser de Buergermeeschter deen nach e ganze Koup eege Kompetenzen huet. Well eis Gemeng mëttlerweil sou grouss ginn ass, huet den eenzele Schäffen esou vill Ressorten zougedeelt. Ech hunn eng riseg Zuel. Ech sinn zoustänneg fir alles wat ënnert der Äert gebaut gëtt an alles iwwert der Äert. Dat heescht vun de Foyeren, Crèche, Schoulen iwwert de Stadion, d’Kasär, d’Kläranlag. An da sinn ech och zoustänneg fir d’Pompjeeën an de Sport. Also et feelt mir wierklech net un Aarbecht. An do ass et sou, dass all Schäffe kuckt wat a sengem Ressort an der Schäfferotsdeklaratioun ass. An dofir ass den eenzele Schäffe wierklech schonn zoustänneg fir seng Ressorte virzebereeden, ze verteidegen an eben och fir Inzentiven ze gi wat een nach kann iwwert d’Schäfferotsdeklaratioun ewech ka maachen. Well et geet io dorëm, dass mir eis Stad ëmmer virubréngen.“

Kënnt Dir e konkret Beispill nenne wou een den Afloss vum Schäfferot gesäit ?
Fréd Ternes: “Usech kann een dat bei all Projet maachen. Dee gréissten Deel wat de Gemengerot mécht ass de Budget stëmmen, mee et ass awer schonn de Schäfferot deen dëse Budget virbereet an zur Ofstëmmung bréngt. Et decidéiert ee schonn als Schäfferot wat ee well dem Gemengerot presentéieren. Do huet ee mengen ech de gréissten Afloss. Da kann een dat als Schäfferot ëmsetzen. Dat kann dann ee Projet si wéi de Skatepark, zum Beispill, wann een deen ausschafft mat Architekten zesummen. Hei hu mir dann och Jonker mat bäigezunn, déi dann och hir Ideeë mat erabruecht hunn. Da gëtt dee Projet ausgeschafft an dem Gemengerot ënnerbreet, mee d’Ausschaffen an d’Gestalten dovunner geschitt am Schäfferot.”
Wat fir Decisioune kann een net vum Schäfferot erwaarden ?
Simone Beissel: „Alles wat Finanzen ugeet, alles wat Budget ass, muss obligatoresch vum Gemengerot ofgeseent ginn. Do huet de Schäfferot wierklech nëmmen en droit de proposition. De ganze Budget gëtt io vum Gemengerot gestëmmt. Dat selwecht ass beim neie Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg, de sougenannte PAG – de plan d’aménagement général. Dat ass ëmmer nëmme fir de Gemengerot. An d’Fonctionnaire gi vum Gemengerot gestëmmt an d’Salarié gi vum Schäfferot désignéiert. Dat ass elo mol wat eise Gemengerot mécht. Mee an enger anerer Siicht, hänke mir io awer och zesumme mam nationale Plang. Dat gesäit ee schonn alléng wéi d’Opdeelung vun de Stroossen ass mat de Regierungsservicer. An da gëtt et och vill grouss Infrastrukturen, déi national geréiert ginn. Dir wësst mir kréien elo en Tram, dat ass natierlech Regierungsniveau, wou dat elaboréiert ginn ass. Mee dat gëtt an enker Zesummenaarbecht mat der Gemeng gemaach, well en iwwert eisen Territoire fiert a mir mussen hëllefen alleguerten déi Infrastrukturen am Buedem ze preparéiere fir dass d’Schinnen op de richtege Plaze kënne verlafen. Déi Saache ginn natierlech mat der Regierung zesumme gemaach.”
Wéi kann een als Schäffen dofir schaffen dass méi Jugendlecher sech u Politik interesséieren ?
Fréd Ternes: „Ech denken dee wichtegste Punkt ass dass een de Jonken och muss soe “Dir kënnt matschwätzen”. Et ass och erwënscht dass dir matschwätzt. Ech hat dee Projet vum Skatepark ugeschwat. Do si mer higaangen a mir hu Workshops mat Jonke gemaach déi mat Skater, mat Architekte gekuckt hu wéi esou eng Piste kann entstoen. An doduerch kann e Jonken dee Besoin ausdrécken deen en huet a mir hunn als Gemeng an engems dono e Projet wou mir wëssen, dass en ugeholl gëtt vun der Jugend. Et gëtt vill Gemenge wou esou eng Piste dohigesat gëtt an et ass dono net onbedéngt dat wat gebraucht ginn ass. Dat heescht ech mengen den éischte Punkt ass wierklech, dass een deene Jonke seet a weist, dass se matschwätze kënnen. Et ass oft sou eng Hürd fir ze soe “Nee, d’Politik ass näischt fir mech”, “Ech kennen net genuch dovun”. An ech denken hei ass wierklech wichteg ze soe “Dach, jiddwereen huet eng Meenung an déi muss ee vertriede kënnen”. Déi muss jidderee kënne soen, egal wéi al en ass – och wann en nach net Wieler selwer ass. Mir hunn och e Projet lancéiert “Niedz4kidz” wou et drëm geet wéi Jonke schonn an der Gemeng kënne participéieren. Do hunn 8 an 9-järege Maquette gebaut wéi se sech hire Schoulhaff virstellen. Oder si hu selwer eng Kéier Buergermeeschter gespillt. An dann denken ech hëlleft et och wann Jugendlecher ënnert 30 gesinn, dass och aner Jonker kënne Politik maachen. Dat heescht, dass ee selwer och Virbild ass. Da gesinn och Jonker, dass Politik net nëmme muss vun eelere Leit gemaach ginn, mee dass dat och vu Jonke ka gestalt ginn.”

Géift Dir Iech heiansdo wënsche fir en anere politesche Posten ze hunn ?
Simone Beissel: “Als éischt géif ech mol soen, dass mäi Schäffeposten extrem spannend an aarbechtsintensiv ass. E gëtt mir ganz vill Satisfaktioun an et ass wierklech eng Passioun. Et ass net nëmmen ee Mandat, mee ech maachen dat mat Häerz a Séil (laacht) – net nëmme wéinst eisem Slogan, mee well ech sou gepoolt a gestréckt sinn. Heiansdo dreemt een natierlech vun nach méi schéine Saachen. Et gëtt natierlech Posten déi sinn nach méi spannend. Buergermeeschter ass e supper Posten, well do kann een nach méi maachen, nach méi bewierken. An et huet een och a bestëmmte Secteuren – alles wat Bebauung vun der Stad an Zukunftsvisiounen ass – nach eege Pouvoiren, déi am Gesetz virgesi sinn. An da gëtt et Poste vun deenen ee kann dreemen. Dat ass Minister, wou een och an eisem Land ka vill bewierken an och kann esou maachen, dass d’Jugend hei an deem Land eng Zukunft huet.”
Hutt Dir nach e Message fir Jugendlecher virun de Gemengewalen ?
Fréd Ternes: “Fir all Jonken – an och fir jiddereen – gëllt et selwer aktiv ze ginn. Ech denken, dass vill Leit sech net trauen aktiv ze ginn. Mee et muss een eng Kéier ufänken, wann een sech well engagéieren. Et muss een et léieren. Dofir géif ech soe “Probéiert et einfach eng Kéier. Gitt aktiv”. Dat muss net politesch sinn, dat kann och an der Gemeng an engem Veräi sinn, mee ech fannen all Jonke soll sech engagéieren, do um Terrain wou en och wunnt. An en huet eng Meenung, en huet Saachen déi em opfalen, e schwätzt mat Leit. An usech ass Politik genau dat. Ech denken, dass haut oft Politik ze wichteg gemaach gëtt an dass dann doduerch Leit eng Hürd hunn a sech net trauen. Mee d’Erfarung kënnt eréischt mat de Jore wou een an der Politik ass. Et muss jiddereen eng Kéier ufänken, wéi dat och an all Beruff de Fall ass.“
Simone Beissel: „Ech géif soen: Liest alleguerten d’Programme vun de politesche Parteie ganz genau duerch. Maacht iech eng Meenung. Sidd kritesch. An da wielt der déi Parteien déi är Lokalitéit virubréngen an déi lauter interessant Aktivitéiten hunn am Interessi vun der Jugend fir eng flott a performant Stad ze maachen, eng Stad wou dir iech ganz wuel fillt fir ze liewen an ze schaffen.“
