Wei geet et weider no der Bundestagswahl?

Nom Resultat vun den däitsche Bundeswahle leschte Sonnden, de 24. September, steet d’Angela Merkel virun hirer véierter Amtszäit als Bundeskanzlerin. Dobäi huet hier politesch Partei – d’CDU an d’Schwësterpartei CSU – e bedeitende Verloscht erlidden: Et as dat schlechtst Wahlresultat fir d’Partei säit 1949. Eng vun deenen éischten Aufgaben déi dem Merkel no de Wahlen elo virleit as et, eng Regierung op Basis vun de Wahlresultater ze bilden. Me wei gesinn déi verschidde Koalitiounsmeichlegkeeten eigentlech aus?

Dëst Joer sëtze fir déi éischt Kéier erëm säit den 1950er 6 Parteien am Bundestag. Dat heescht, dass den Total vun den 709 Sëtz deelweis op mei kleng Parteie verdeelt sinn. Am Verglach zu de Wahlresultater 2013, hun dëst Joer d’AfD an d’FDP vill mei Stëmme kritt. Virun allem hun iwwerhaapt mei Leit gewielt wei 2013. De Statistiken no huet d‘Alternative für Deutschland’, eng Millioun Wieler ugezunn déi viru véier Joer fir d’CDU gestëmmt hunn. 470.000 Leit déi 2013 fir d’SPD gestëmmt hun, hun sech elo fir d’AfD entscheet. Eng Millioun Leit déi d’lescht Kéier net gewielt hun, hun och fir d’AfD gestëmmt. Di ‘Freie Demokratische Partei’, déi 2013 net genuch Stëmme krut fir am Bundestag ze bleiwen huet dëst Joer 80 Sëtz kritt. Vill vun deenen déi lescht Kéier net gewielt hun, hun dëst Joer fir d’FDP gestëmmt. D’CDU huet och en groussen Deel vu senge Wieler un d’FDP verluer.

Trotz engem grousse Verloscht un Stëmmen, sinn déi zwou gréisste Parteien am Bundestag nach ëmmer d’CDU/CSU an d’SPD déi säit de leschte Wahlen 2013 eng Regierungskoalitioun bilden. Ma de Kanzlerkandidat a President vun der SPD, de Martin Schulz, huet schon kuerz nom Wahlresultat kloergestallt, dass d’SPD fir dei kommend véier Joer keng Koalitioun mat der CDU forméiere well. D’Partei huet ugekënnegt an d’Oppositioun ze goen. Di ‘Große Koalition’ (och ‘GroKo’ genannt) teschend deenen 2 gréisste Parteien am Parlament, as also ausgeschloss.

 

Domatter bleiwen nëmmen nach 2 aner Koalitioune meichleg. Déi Partei déi no der CDU/CSU an der SPD am meeschte Stëmme kritt huet, as d’AfD. Mat 94 Sëtz as d’Partei also elo déi drëttgréisst am Bundestag. Ma d’Angela Merkel huet schon kloer d’Meichlegkeet vun enger Koalitioun mat der AfD ofgelehnt. Dann bleift als lescht Meichlegkeet nach eng sougenannt ‘Jamaika-Koalitioun’ – Ma wat as dat?

Wann d’SPD weiderhin dobäi bleift an d’Oppositioun ze goen, bleiwe just nach dei Gréng, an d’FDP, di ‘Freie Demokratische Partei’, mat deenen d’Merkel eng Koalitioun bilde kéint. Des Koalitioun gëtt ‘Jamaika-Koalitioun’ genannt, well d’Faarwe mat deenen déi dräi Parteie verbonne ginn, d’Faarwe vum Jamaikanesche Fändel erëmginn: schwaarz (CDU/CSU), gréng, a giel (FDP). D’Koalitiounsgespréicher bei dëser Meichlegkeet si mei komplizéiert wei bei der ‘GroKo’ zum Beispill, well mei Parteien sech op hier politesch Prioritéiten eenege mussen.

Obwuel eng Jamaika-Koalitioun am Moment wahrscheinlech schéngt, as et nach laang net secher dass d’Entscheedung op des Meichlegkeet fält. Bis elo gouf nëmmen an zwee eenzele Bundeslänner op eng Jamaika-Koalitioun zeréckgegraff, me dëst as nach nie op bundeswäitem Niveau virkomm (5). Et gëtt genuch Themen, bei deenen d’Parteien wäit auserneen leien, virun allem beim Ausstig aus der Kuelenenergie an der Politik fir d’Eurozon.

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

– Eng politesch Analys vum Wahlresultat

http://www.zeit.de/politik/deutschland/2017-09/angela-merkel-afd-bundestagswahl-wahlanalyse

– Eng Analys vun der Wahlbedeelegung an der Verdeelung vun de Stëmmen

http://www.zeit.de/politik/deutschland/2017-09/wahlverhalten-bundestagswahl-wahlbeteiligung-waehlerwanderung

Franséisch:

– E Journalist vun “Le Monde” beäntfert Froen iwwert déi verschidde Koalitiounen déi méiglech sinn

http://www.lemonde.fr/europe/live/2017/09/25/quels-enseignements-tirer-des-elections-legislatives-allemandes-posez-vos-questions_5190845_3214.html

– E Resumé iwwert d’Wahlen an déi éischt Réaktiounen

http://www.huffingtonpost.fr/2017/09/24/resultats-des-elections-en-allemagne-la-victoire-sans-surprise-de-merkel_a_23221098/

Englesch:

– En Iwwerbléck iwwert Meenungen vu Wieler fir déi verschidde Parteien

https://www.theguardian.com/world/2017/sep/25/a-lot-of-people-feel-left-behind-voters-on-the-far-right-surge-in-germany

– E Resumé iwwert d’Wahlen an eng Beschreiwung vun der Stëmmung um Wahlowend

http://www.bbc.com/news/world-europe-41382411

 

Source vun de Biller:

– Bild 1: http://www.mdr.de/wahl2017/wahlplakate-cdu-fdp-gruene-100_v-variantBig16x9_w-576_zc-915c23fa.jpg?version=6801

– Bild 2: http://www.bbc.com/news/world-europe-41094785

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *