Firwat gëtt et esou vill Waffen an Amerika?

59 Doudeger a 527 Blesséierter – dat ass den traurege Bilan vun der Schéisserei um Sonndeg den Owend zu Las Vegas. Während deem de „Closing Act“ vum Country Sänger Jason Aldean am Gaange war, huet de 64 Joer ale Stephen Paddock aus enger Distanz vun 350 Meter während enger véirel Stonn mat engem Maschinnegewier op d´Leit geschoss ier e sech selwer ëmbruecht huet. Firwat weess bis ewell keen. De Mann schéngt mam Gesetz nach ni a Konflikt geroden ze sinn a gëtt vu Famill a Noperen als frëndlechen a friddlechen Eenzelgänger beschriwwen.

Obwuel esou eng Grujeldot, wann et vun engem ausgeet, dee wierklech determinéiert ass esou eppes ze maachen, wahrscheinlech net wierklech konnt verhënnert ginn, verdäitlecht se de Manktem um Welle fir méi streng Waffegesetzer ze maachen. Dat obwuel Amerika eent vun den developpéierte Länner ass, an deem all Joer déi meescht Leit u Waffegewalt stierwen.

Dem Gun Violence Archiv no, waren dëst Joer eleng schonn 273 Masseschéissereien an Amerika. Dëst Joer sinn och schon 11’686 Leit duerch Waffen ëmkomm. Dorenner eng ronn 3’000 Kanner a Jugendlecher, déi mat Waffen ëmbruecht oder blesséiert gi sinn. An dat hei Joer ass keng Ausnam – 2016 waren et ronn 15 000 Doudesaffer an eng 30 000 Blesséierter. 2015 waren et em déi 13’000 Doudeger an eng 27’000 Blesséierter. De Centers for Disease Control and Prevention no, stierwen am Duerchschnëtt all Dag 93 Amerikaner u Waffegewalt. Dat ass en Duerchschnëtt, dee 25 mol méi héich ass, wéi an anere developpéierte Länner.

Bei deenen Ausmoosse un Doudesaffer stellt sech d’Fro, firwat näischt sech ännert. Obwuel déi meescht Amerikaner, souwuel Demokrate ewéi Republikaner et ënnerstëtzen, dass déi Leit, déi eng Waff wëlle kafen, musse kenne virweisen, dass se nach keng Verbrieche begaangen hunn an och Ënnerstëtzer vu béide Parteien domatten averstane sinn, dass Leit, déi op sougenannten „federal Watchlists“ stinn, keng Waffe solle verkaf kréien, deelt sech d´Meenung vun den Amerikaner awer der Partei no, wann et em de Besetz vu Waffe geet.

De gréisste Grond firwat et esou schwéier fält eppes ze änneren ass, dass d’Recht op Waffen an der amerikanescher Konstitutioun verankert ass, am sougenannten “Second Amendment”. Dat geet op d´Philosophie vum Liberalismus zeréck, dee beseet, dass een, wann een net méi zefridden ass mat der Staatsgewalt, ee selwer d´Recht huet, de Staat ze stierzen. Obwuel et zweifelhaft dass ee mat engem Gewier  hautdesdaags nach géint eng modern Arméi wënnt, ass dat am Bewosstsinn vu villen Amerikaner verankert bliwwen.

Fir eng Konstitutioun ze änneren geet en einfacht Gesetz net duer. Dofir gëtt et just zwee Weeër: eng Verfassungsännerung oder en Uerteel vum Ieweschten Geriichtshaff. Fir den éischte Wee missten a béiden Deeler vum Parlament zwee Drëttel vun den Deputéierten an dräi Véierel vun den eenzele Staaten dofir ofstëmmen. Momentan ass dat net méiglech. Den zweeten Wee ass 2008 probéiert ginn, mee d’Geriicht huet ofgestëmmt dass d’Verfaassung d’Recht op Waffen garantéiert.

Obwuel et an Amerika zwar vun den Zuelen hir vill Waffe gëtt, sinn déi op eng Minoritéit vu Leit verdeelt, déi allerdéngs vun enger staarker Lobby vertruede gëtt, der NRA, der National Rifle Association. Si hunn eleng 2016 ronn 50 Milliounen Dollar an d’Kampagne vu Republikanesche Kandidate gestacheppes wat sech mat enger Victoire vun de Republikaner am Kongress a bei der Presidentschaft duerchaus rentéiert huet.

Aus dëse Grënn – an nach aneren – geschitt wéineg an Amerika fir Waffegesetzer méi streng ze maachen.

Artikele fir weider ze liesen:

Däitsch:

– 1 Hei gett beschriwwen, wéi ee Chaos d´Leit an d´Police erlierft hunn.  http://www.spiegel.de/panorama/justiz/las-vegas-die-hektische-suche-nach-dem-schuetzen-im-mandalay-bay-hotel-a-1171049.html

– 2 An deem heiten Artikel gett dem Donald Trump seng Virgehensweis analyséiert. http://www.zeit.de/politik/ausland/2017-10/las-vegas-us-waffengesetze-trump-nra

Franséisch:

– 1 Hei ass eng Lescht vun de Victimen vun der Dot. http://www.lefigaro.fr/international/2017/10/03/01003-20171003ARTFIG00116-qui-sont-les-victimes-de-l-attaque-de-las-vegas.php

– 2 Eng Beschreiwung vun der Dot selwer an dem Fait, dass et muss genee geplangt gewiescht sinn.  http://www.lemonde.fr/ameriques/article/2017/10/04/tuerie-de-las-vegas-l-enquete-sur-stephen-paddock-demontre-une-premeditation-minutieuse_5195789_3222.html?xtmc=las_vegas&xtcr=1

Englesch:

– 1 Artikel citéiert verschidde Reaktiounen aus dem wäissen Haus a schwätzt och iwwer méiglech Motiver vum Täter:  https://www.ft.com/content/7345d406-a745-11e7-ab55-27219df83c97

– 2 Hei geet em de Stephen Paddock an drem, dass hie kee war, deen iergend eng Opmierksamkeet op sech gezunn huet. https://www.nytimes.com/2017/10/02/us/stephen-paddock-vegas-shooter.html

Source vun de Biller:

Bild 1: http://shtfplan.com/wp-content/uploads/2016/08/second-amendment-guns.jpg

Bild 2: http://www.gunviolencearchive.org/charts-and-maps

 

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *