Vergréissert/verréngert eise Bildungssystem bestoend Inegalitéiten an eiser Gesellschaft?

Dass e bessere Bildungsstandard am Duerchschnëtt spéider zu enger besserer Aarbecht an engem méi héije Salaire féiert wees quasi jiddereen. Mee wéi gutt suergt eise Schoulsystem dofir fir d’Inegalitéit tëschent Bildungsstandarden ze verréngeren? A wéi kéint een dat änneren? Dat sinn dëse Mount d’Froen un eis 3 Auteuren, déi selwer nach studéieren.

Dëse Sujet ass een dee mir perséinlech no läit, well ech zu menger Zäit als Schüler immens engagéiert am Beräich Educatioun war. Sief et Schülercomité, Conseil d’éducation, National Schülerkonferenz an Conseil supérieur de l’éducation national: Iwwerall hunn ech a grousse Gremie versicht mäin Apport ze maache fir de lëtzebuerger Bildungssystem ze verbesseren. Kloer war fir mech dass de Schoulsystem Jonken net déi selwecht Chance gëtt, well e net op den individuelle Schüler agoe kann. Besonnesch am Grand-Duché, wou esou eng Multitude u Mammesprooche geschwat gëtt, ass an uniformiséierte Schoulsystem einfach net méi zäitgeméiss.

D’Resultater si visibel: Den taux de décrochage (Schüler déi mam Lycée fréizäiteg ophalen) geet konstant an d’Luucht, a gläichzäiteg och de Jugendchômage. Et brauch een dofir keng international Tester wéi de PISA-Test ofzewaarde fir ze mierken dass eisen ëffentleche Schoulsystem net immens ass, an dat obwuel en alles wéi net fir näischt ass. Studien hu gewisen dass ëffentlech Schoulen net nëmme méi deier sinn wéi hir privat Alternativen, mee meeschtens souguer duebel sou deier. Zu Lëtzebuerg ass et leider esou dass de Staat Privatschoulen quasi dozou zwéngt déi vun de Proffen ausgeschafften (schlecht) Schoulprogrammer anzehalen: Wien sech net dorun hält kritt keng Subventiounen, wëssentlech dass dat oft bis zu 40% vun de pro capita Käschten ausmëscht. 

Wien d’Qualitéit vun eise Schoule verbessere wëll dee muss de Konsumente Choix ginn sech Alternativen ze sichen. Mir dierfen de Staaten, déi an Europa iwwer 90% vun de Schoule kontrolléieren, net e Monopol iwwer d’Educatioun vu Kanner iwwerloossen.

Bei all Service deen dir consomméiert an deen eng schlecht Qualitéit huet, ass et wichteg ze wësse WIEN de Service proposéiert huet. Wann dir beim Cactus schlecht Produkter verkaaft kritt, da gitt dir dem Cactus d’Schold a net dem ganze System vu Supermarché’en. Dat selwecht gëllt fir Schoulen: Eltere mussen d’Méiglechkeet hunn hir Kanner an engem private System an déi Schoul ze schécken déi si fir déi bescht halen.

D’Zukunft vu gudder Bildung läit um fräie Marché, net beim Monopol vum Staat.”

Et kennt ëmmer ob d’Perspektiv un, aus  wei enger een argumentéiert. Och aus enger lénker Vue gouf et laang Zäit keng eenheetlech äntwert. Gouf zum Beispill an den 60/70er Joren ganz kloer gesot, dass den Bildungssystem Inegalitéit verréngert, kann een haut soen, dass dat sou einfach net ass.

Besonnesch vill Aarbecht huet den franséischen Soziolog Pierre Bourdieu an des Thematik gestach. An sengen Analysen aus den 60er huet hien erausfonnt, dass den Schoulsystem Inegalitéit, obmannst oprecht erhält, wann net souguer verstäerkt. Seng Analysen hun definitiv fir vill Opreegung gesuecht, mee hun sech mëttlerweil an der Wëssenschaft duerchgesat, well se ëmmer erëm validéiert goufen.

Den Problem mam Bildungssystem ass, dass et eng formell Gläichheet gëtt, dat heescht um Pabeier huet jiddereen die nämmlecht Chancen. An der Realitéit gesäit et awer sou aus, dass net jiddereen mat den nämmlechten Viraussetzungen an den Schoulsystem kennt. Sou huet all Mënsch een gewosst Kapital an sech, wat sech aus ekonomeschen, kulturellen (z.B. Wëssen) an sozialen Fakten zesummen setzt, an dozou feiert, dass déi eng et mei einfach hun an der Schoul an déi aner mei schwier.

Besonnesch bei Bildungsiwergäng, also z.B. vun Primaire ob Secondaire asw. fält et ob, dass Leit mat vill Kapital éischter an den Klassik geschéckt ginn. Dat mëscht ob den éischten Bléck jo och Sënn. Den Problem ass, dass Leit déi keng Hëllef kréien fir hier Defiziter ofzebauen, ëmmer am niddregen Schoulsystem bleiwen, an souguer éischter dozou tendéieren, d’Schoul ofzebriechen. Wann sie, dann och eng kéier Kanner kréien, geet d’Spill vun fir un. Wéineg Hëllef, keng Suen fir Hëllef ze kréien, nidderegen Bildungsoofschloss.

Den ganzen Schoulsystem beaflosst och den Choix herno ob d’Universitéit ze goen. Och wann een eng Premiere oder 13e huet, an een ob d’Universitéit goen kéint, tendéieren Leit aus Familljen mat wéineg Kapital dozou éischter net studéieren ze goen.

Ob d’Fro ob den Bildungssystem Inegalitéit verréngert oder vergréissert, kann ech just äntweren, dass en zumindest näischt mëscht fir d’Liewenslag vun den Leit ze verbesseren. Dat ganz ass zu Lëtzebuerg net anescht wie an aneren Länner. Wann een sech d’Populatioun an den Schoulen ukuckt, geséit een dat ganz gutt.

Fro ass, ob mir et dobäi beloossen wëllen, oder eng Schoul kreéieren die ob d’Besoinen vun den Schüler ageet an Inegalitéiten die schon virum Bildungsuntrett optrieden ausgläicht. Dass dat ganzt funktionéieren kann, gesäit een um Beispill vun Finnland.

“Menger Meenung no dréit eise Bildungssystem dozou bäi, dat bestoend Inegalitéiten an eiser Gesellschaft weiderhi bestoe bleiwen. Enger Studie a Groussbritannien no verdénge Kanner aus méi niddrege Gesellschaftsschichte manner, wann se erwuesse sinn, wéi Kanner aus méi héijen sozio-ekonomesche Schichten.

Och zu Lëtzebuerg ass eise Schoulsystem sou opgebaut, datt Kanner aus méi héijen sozio-ekonomesche Schichte favoriséiert sinn: Sou ass d’langue d’enseignement an eiser Grondschoul Däitsch, woumat sech virun allem Schüler mat portugiseschem Migratiounshannergrond schwéier doen. Dëst dreet dozou bäi, datt 2015 43,9% vun de Lëtzebuerger Schüler an de Lycée classique orientéiert goufen, an soumat méi eng grouss Chance op een Universitéits-Ofschloss hunn, awer nëmmen 13,5% vun de portugisesche Schüler.

Et ass also ee Fakt, datt Schüler aus méi niddrege Gesellschaftsschichten, oft aus Famille mat Migratiounshannergrond, et méi schwéier hunn an der Schoul ze reusséieren. Wat kann d’Politik dogéint maachen?

Eng méiglech Léisung wier, d’Educatioun zu Lëtzebuerg méi diversifiéiert ze gestalten an verschidden Educatiounssystemer unzebidden. Sou kéint een a verschiddene Grondschoulen d’Mathe an d’Sciencen net op däitsch, mais vun Ufank un op franséisch enseignéieren, wat de Schüler aus romaneschsproochege Länner zegutt kéim. Dëst gëtt zwar schon an Privat-Schoulen ugebueden, mais dës sinn oft ze deier, fir datt Eltere mat Migratiounshannergrond hier Kanner dohin kéinte schécken.

Eng weider Solutioun wier, fir nach méi Nohëllef zu niddrege Präisser an de Grondschoulen unzebidden, fir datt och Kanner, déi doheem net vun hiren Elteren bei den Hausaufgabe gehollef kenne kréien, sou fréi wéi méiglech ënnerstëtzt kenne ginn.

Des Méiglechkeete kéinten weider dozou bäidroen, datt eise Bildungssystem bestoend Inegalitéiten an eiser Gesellschaft verréngert, anstatt se bäizebehalen.

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *