Wahlen an Éisträich

Leschte Sonnde waren eng ronn 6,4 Milliounen Éisträicher berechtegt en neien Nationalrot ze wielen. No dëse Wahle gesäit et ganz dono aus wei wann den nëmmen 31 Joer ale Sebastian Kurz vun der konservativer „Östereischische Volkspartei“ (ÖVP) neie Bundeskanzler a sengem Land gëtt. Seng Partei konnt sech nämlech mat 31,5 % vun de Stemme virun der sozialistescher SPÖ (26,9 %) an der rietser FPÖ (26%) duerchsetzen. Mee wei gesinn elo déi méiglech Regierungskoalitiounen aus ? An wisou gëtt souvill vun engem sougenannte „Rietsruck“ geschwat ?

Nom Broch vun der sozialistesch-konservativer Koalitioun ënner dem Kanzler Kern  stoungen e Sonnde virgezunne Wahlen un. De Sebastian Kurz geet no dëse Wahlen als kloren Gewënner ervir. Mat 31 Joer wier hien am Fall vun enger Kanzlerschaft domatten och jéngste Regierungschef an Europa. Fir vill Experte kennt ed dann och wahrscheinlech zu engem rietse Bündnis teschend ÖVP an der „Freiheitliche Partei Österreichs“ (FPÖ). Rechneresch wieren allerdéngs och Koalitiounen tëscht de Sozialisten an der FPÖ oder ÖVP méiglech.

Dobäi kennt, dass de Wahlkampf am Virfeld staark vun den Theme Migratioun a Flüchtlingspolitik geprägt war. Sujete mat deenen déi als oft stramm riets bezeechent FPÖ punkte konnt an hiert beschte Resultat säit 1999 erreeche konnt. Nach am Ufank vum Joer louch d FPÖ a Sondagë kloer vir. Mee nodeems de Sebastian Kurz am Mee seng Partei iwwerholl huet ass et fir déi konservativ Partei ÖVP staark biergop gaangen. Wat ass de Grond fir den Erfolleg ?

De Kurz, dee bei sengem Programm selwer vun enger „Beweegung“ schwätzt, huet et an nëmmen e puer Méint fäerdeg bruecht senger Partei een neit Image ze verpassen. Beispillsweis huet d’Partei ënnert him hir Faarf vu Schwaarz op Turquoise ëmgeännert an se as souguer ënnert dem Numm „Liste Sebastian Kurz-Die neue Volkspartei“ an d’Renne gaangen. Seng Kritiker allerdéngs werfen him vir dass hien sech bei senge politesche Positiounen ze staark bei der rietspopulistescher FPÖ inspiréiert huet.

An senger momentaner Funktioun als Ausseminister huet hie während der Flüchtlingskris duerch eng kloer Positioun fir manner Migratioun op sech opmierksam gemaach. Dobäi hat hien sech frei dofir ausgeschwat déi sougenannte „Balkanroute“ zouzemaachen an déi éisträichesch Grenzen trotz Schengenaccord ze verschléissen. Säin Ziel ass et, déi illegal Migratioun komplett ze ënnerbannen an dass keen illegale Migrant mei op europäeschem Buedem kennt. Dobäi plangt hien no der Balkanroute och d’Mettelmierroute ze verschléissen, iwwert déi nach ëmmer vill Flüchtlinge probéieren d’EU ze erreechen.

Eng potentiell Koalitioun tëschent der rietser FPÖ an dem Kurz senger ÖVP gëtt vu villen dann och als en kloren Rietsruck vun Éisträich bezeechent. De FPÖ Chef Heinz Christian Strache huet während dem Wahlkampf sech duerfir ausgeschwat sech der Politik vun deene sougenannte Visegradstaaten (Polen, Ungarn, Slowakei, Tschechien) unzeschléissen. Des Staaten hun an der läscht mat der Verdeedegung vun nationalen Interessen an enger haarder Flüchtlingspolitik op sech opmierksam gemaach.

 

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

– E Resumé vun der Wahl

http://www.spiegel.de/politik/ausland/oesterreich-wahl-rechts-gewinnt-a-1173011.html

– En Artikel iwwert d’Reaktiounen an Däitschland op d’Resultat vun de Wahlen

http://www.faz.net/aktuell/politik/reaktionen-deutscher-politiker-ausgang-der-wahl-in-oesterreich-polarisiert-15248274.html

Franséisch:

– E Profill iwwert de Sebastian Kurz, wahrscheinleche nächste Kanzler vun Éisträich.

http://www.lemonde.fr/international/article/2017/10/17/sebastian-kurz-le-jeune-homme-presse-de-la-politique-autrichienne_5201849_3210.html

– En Artikel iwwert déi méiglech Koalitioun vun der ÖVP an der FPÖ

http://plus.lesoir.be/119710/article/2017-10-17/elections-en-autriche-une-negociation-avec-lextreme-droite-inquiete-leurope

Englesch:

– En Artikel iwwert d’Resultat vun de Wahlen an de “Rietsruck”

https://www.theguardian.com/world/2017/oct/15/austria-set-to-elect-youngest-eu-leader-in-move-to-the-right

– En Artikel iwwert d’Roll déi d’Thema Integratioun an de Wahle gespillt huet

https://www.washingtonpost.com/world/europe/austrian-election-yields-a-hard-right-turn-as-conservative-and-nationalist-parties-gain/2017/10/15/d1dce850-ad22-11e7-9b93-b97043e57a22_story.html?utm_term=.b5f99bc176db

 

Sourcen vun de Biller:

– Bild 1: https://i.ytimg.com/vi/5N9DHnGP5fw/maxresdefault.jpg

– Bild 2: https://wahl17.bmi.gv.at/

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *