Wat ass e Buergermeeschter?

Am Kontext vun de Gemengewahlen hu mir ënnerschiddlech Politiker interviewt, déi um kommunalen Niveau politesch Poste bekleeden. Bis zu de Wahlen, den 8. Oktober, wäerte mir een Artikel pro Poste publizéieren. Den drëtten Artikel an dëser Serie dréint sech ronderëm de Poste vum Buergermeeschter. Dofir hu mir mam Manon Bei, LSAP, vun Dippech a mam Henri Kox, Déi Gréng, vu Réimech geschwat.

 

Wéi gesäit den Alldag vun engem Buergermeeschter aus ?

Manon Bei-Roller: Ech ginn dat am Fong wéi eng “mère de famille” un. Ech soen ëmmer et ass e Betrib an dee muss guidéiert ginn – net geleet ginn, well ech mengen administrativ gesinn, kommen esou vill Tâchen op een duer, dass een déi Formatiounen net all kann hunn. Mee et bleift awer ëmmer um Buergermeeschter fir den Touch opzesetze wéi eppes behandelt gëtt a wéi een en Dossier ugeet. Den Dossier ugoe wëll och heesche mat eise Matbierger zesummen dat maachen. Do ass den Alldag vun enger Buergermeeschtesch dann och en oppent Ouer hu fir jiddereen. Dat ass enorm wichteg. Mir sinn zwar enorm gewuess, mee mir sinn awer nach eng méi kleng Gemeng. An do ass et awer och nach immens wichteg fir d’Leit ze wëssen, dass een en oppent Ouer huet an dass ee mam Buergermeeschter kann iwwert alles schwätzen. Dann huet een als Buergermeeschter och am Alldag d’Hochzäiten. Do halen ech och dorop. Wann et nëmme méiglech ass, halen ech d’Hochzäite selwer of. Hochzäite sinn elo net nëmmen déi éischt. Mir hunn och gëllen an Diamantenhochzäiten. An dat hu mer awer och alles an der Gemeng fir dat e bëssen ze feieren.

 

Wat ass dem Buergermeeschter seng Roll ? Wat kann een als eenzele Buergermeeschter bewierken?

Henri Kox: E kann usech ganz vill bewierken, well et op der Gemeng awer méi séier weider geet wéi fir e Minister an enger Regierung. E Minister, dee just eng Period dobäi ass, gesäit net ëmmer d’Realisatioun vu senge Projeten déi e lancéiert huet. E Buergermeeschter kann dat awer. E Buergermeeschter kann eng Richtlignekompetenz hunn, wou e Projeten no fir bréngt, eben ëmmer am Accord mat sengem Schäfferot. Do ass eng gutt Zesummenaarbecht eng Bedingung. Mee e Buergermeeschter ka bewierken dass Projete méi séier op den Ordre du Jour kommen, éischtens fir se am Schäfferot ze debattéieren an zweetens am Gemengerot ofstëmmen ze loossen. Also de Rôle vum Buergermeeschter ass effektiv déi Visioun, déi en sech ginn huet fir déi Gemeng no fir ze bréngen, och a Musek ëmzesetzen. A well et méiglech ass dat och kuerzfristeg ze realiséiere kënnt een effektiv u Projeten déi ee vun A-Z ka mat maachen. Dofir sinn och ëmmer esou vill Aweiunge virun de Wahlen. An ech fannen dat och legitim, well et soll ee wierklech och weisen, dass e Gemengerot, e Schäfferot an eben och e Buergermeeschter et fäerdeg bruecht huet innerhalb vun enger Period eng Reih vu Projeten och ëmzesetzen. Et geet drëms, dass een am Interessi vun der Allgemengheet d’Liewensqualitéit ze verbesseren. An do huet de Buergermeeschter e ganz groussen Afloss, well hie kann de Rhythmus bestëmmen.

Kënnt Dir e konkret Beispill nenne wou een den Afloss vum Buergermeeschter gesäit ?

Henri Kox: Meng politesch Heemecht ass d’Energiepolitik, well ech a menger fréierer Zäit als Enseignant an deem Beräich geschafft hunn. Dat ass ee Punkt, wou ech fäerdeg bruecht hunn, dass mir elo wäerten eng Holzvergasungsanlag an d’Ausschreiwung ginn. Dorunner hunn ech déi lescht Jore ganz aktiv dru geschafft zesumme mam Klimateam vum Klimapakt. Do hunn ech mat op de Wee bruecht, dass mir eist Fernwärmenetz, wou elo scho privat an ëffentlech Gebaier drun ugeschloss sinn, successiv op erneierbar Energien ëmstellen. Zesumme mat der Verwaltung a mam Klimateam hu mir dann do elo eng Holzvergasungsanlaag op de Wee ginn. Do ginn da Pellets aus Holz vergaast, mat deem Gaass gëtt e Motor ugedriwwe, dee Stroum produzéiert an d’Hëtzt déi als Offall dobäi entsteet gëtt an d’Fernwärmenetz agespeist fir d’Haiser domat ze hetzen. Dat ass e Projet deen een innerhalb vun enger Period vun 3-4 Joer op d’Schinne setzen. Elo dauert et awer nach eng 9 Méint bis dass déi Anlag zur Zefriddenheet vu jidderengem leeft.

 

Wat fir Decisioune kann een net vum Buergermeeschter erwaarden ?

Manon Bei-Roller: E Buergermeeschter ass do fir seng Matbewunner an do sinn Decisiounen déi lafen op Gemengebasis, mee och e Buergermeeschter huet sech u gewësse Punkten ze halen. En ënnersteet ëmmer de “Guruen” aus der Stad. Do ass eng national Gesetzgebung. E ganz banaalt Beispill: et ginn an enger Gemeng Gemengestroossen an et ginn Nationalstroossen. Do hues de och nach CR-Stroossen dertëschent, dat ass dann esou entre-les-deux. Mee do kanns du als Gemeng oder als Buergermeeschter net dohinner goen an decidéiere fir e Zebrasträifen oder eng Stroosseluucht op enger Nationalstrooss ze maachen. Dat kanns de net. Do gëss de nach protokolléiert vun de Ministèren déi dofir zoustänneg sinn. Du muss hinne weisen, dass dat anescht geet. Et ass io net, dass ech elo well hei de Revolutionär spillen oder géint eng Decisioun well goen, mee a ville Punkte wat de Staat ubelaangt, do ass een als Buergermeeschter méi am Liewe mat dran. Du gesäis d’Situatiounen, sief dat am administrativen, am techneschen etc., an du bass mat dran. An du kenns och d’Suerge vun denge Matbierger, an och am Verkéier vun deene Leit déi all Dag duerch deng Gemeng fueren. An do hues du aner Ideeë wéi een dat da kéint léisen, mee da gees de dann an d’Prozedur fir déi Idee virzeschloen. A ganz oft wann et géint d’Gesetzgebung geet, da kriss de et einfach net duerch. An do soen ech mir, do misst ee vill méi de Courage hunn a vill méi oft soen, dass een dat elo einfach mécht a probéiert.

 

Wéi kann een als Buergermeeschter dofir schaffen dass méi Jugendlecher sech u Politik interesséieren ?

Manon Bei-Roller: Sensibiliséierung – mir hunn eis un d’Léierpersonal gewannt an déi sinn do direkt mat eis op de Wee gaangen. Mir hunn do och e ganz gudde Lien mam Schoulpresident, mam Patrick Arendt. Do hu mir e Schülergemengerot op d’Been gesat. Do kréien d’Kanner dann och e bëssen de Werdegang vun de Wahle bäibruecht. D’Kanner an deem Gemengerot ginn nämlech och esou gewielt. Si mussen och eng Campagne ausschaffen. Dat war ganz flott. An der Zäit ass wahrscheinlech och méi doheem iwwert Politik geschwat ginn. Do waren d’Gemengen nach e bësse méi no beim Bierger. A mat deene risege Gemengen an Awunnerzuelen ass dat e bësse verluer gaangen. Ech menge fréier a menger Generatioun hu mir nach alleguerten eise Buergermeeschter kannt. Also hei an der Gemeng ass dat och nach esou, hei kennt och jiddereen de Buergermeeschter (laacht). A wat och an der Jugend e bësse verluer gaangen ass, dat ass dat Bewierken. Den Interêt un deem Politesche war net do, well et och manner Problemer gouf. Lëtzebuerg ass et gutt gaangen a geet et och elo nach gutt. An ech hunn och ëmmer fonnt, dass d’Jugend ni hir Wichtegkeet vermëttelt kruten. An ech fannen, dat ass e Punkt, deen enorm wichteg ass. D’Jugend muss erëm méi verantwortlech gemaach ginn. Well alles wat elo decidéiert gëtt, dat ass d’Zukunft vun der Jugend. Wat elo hei decidéiert gëtt, dat huet e Lien op hiert spéidert Liewen, wann si an deem Alter si wou ech elo sinn. Dofir soen ech, si musse vill méi involvéiert ginn, nogelauschtert kréien a méi serieux geholl ginn.

Géift Dir Iech heiansdo wënsche fir en anere politesche Posten ze hunn ?

Henri Kox: Jo, mee ëmgedréint schafft een als Politiker awer ëmmer dorop déi meescht Responsabilitéiten ze kréien. Buergermeeschter ass esou eng héich Responsabilitéit. Ech sinn elo am 18. Joer wou ech Politik an der Gemeng maachen. Ech hunn vun der Oppositioun an de Schäfferot bis zum Buergermeeschter d’Phasen duerchlieft. Ee spezifesche Job, wann een och an der Chamber als Deputéierte setzt, ass sécherlech och e Ministerposten. Ech misst awer haut elo soen, wann ech gesi wat een als Buergermeeschter an enger flotter Equipe kann ëmsetzen, géif ech mech haut fir Buergermeeschter entscheeden – wann et eng Kéier zur Trennung tëscht Buergermeeschter an Deputéierte kënnt. Mee et huet een de Wee erop gemaach an et muss een éierlech soen, dass een ni gären de Wee erëm erof mécht vum Buergermeeschter an de Schäfferot. Dat ass mënschlech. Okay, wann een uewen ass, kann een och erëm zeréck goen. Et soll een sech net sou wichteg huelen, dass ee mengt et géif nëmme mat engem selwer funktionéieren. Ech maachen dee Poste gären. Et ass eng flott Responsabilitéit. Et ass en Amt, dat een ausübt fir eng gewëssen Zäit, an alles huet eng Kéier en Ënn. Mee nach net haut!

 

Hutt Dir nach e Message fir Jugendlecher virun de Gemengewalen ?

Manon Bei-Roller: Do hunn ech ee ganz wichtegen. Engagéiert iech! All Stëmm zielt. Jiddereen ass wichteg. A fäert nëmmen net iergendwéi är Meenung auszedrécken. Dofir, gitt mat wielen an huelt är Verantwortung an d’Hand.

Henri Kox: Et ass ganz wichteg, dass du dech engagéiers, dass du däi Recht an de Grëff hëls fir wielen ze goen, wanns de d’Chance hues fir scho wielen ze goen. Et ass eppes ganz Wichteges. Du kanns mathëllefen ze entscheeden. Et ass ëmmer wichteg deng Meenung ze artikuléieren. A wanns de et fäerdeg bréngs 2-3 Anerer ze iwwerzeegen, déi Meenung och nach ze deelen, dann hues de der schonn 3 a mat 3 kënnt ee scho besser weider. Dofir ass et wichteg ëmmer drun ze denken, dass et ouni Engagement meeschtens net zum Zil kënnt. Dat gëllt fir d’Schoul, dat gëllt fir d’politescht Liewen. An dofir gleef drun, dass ee ka mat Meenungsäußerung och eppes bewierken. Also “Just do it”!

 

 

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *