Wat ass qualitative Wuesstem?

Säit gutt engem Joer gëtt zu Lëtzebuerg iwwert de „qualitative Wuesstem“ geschwat. Mee wat bedeit et iwwerhaapt fir Lëtzebuerg? Fir verschidde Leit stellt et eng Bedroung duer, fir anerer eng Chance. Dowéinst beschreiwe mir des Woch em wat et beim „qualitative Wuesstem“ genau geet.

Am Fall vu Lëtzebuerg ass et virauszegesinn, dass d´Land weider ekonomesch wiisst. Lëtzebuerg ass de Motor vun der Groussregioun an och eng wichteg Plaz fir vill verschidde Branchen. Historesch gesinn ass et dann och naicht Neies dass d’Populatioun wiisst, well vun 1910 bis 2010 huet sech d´Awunnerzuel zu Lëtzebuerg verduebelt op ca. 500.000. Aktuell wunnen zu Lëtzebuerg  590.667 Awunner. Dat bréngt an noer Zukunft vill Erausfuerderunge mat sech a punkto Infrastrukturen, Verkéier, Wunnen etc. Qualitativ ze wuesse bedeit also kuerz gesot de Wuesstem am Land duerch Investitiounen an de genannte Beräicher fir d´Zukunft ze reguléieren, esou dass de Fonctionnement vum Land spéider net gesteiert gëtt. Am Géigesaz geet et beim quantitative Wuesstem nëmmen em de Wuesstem selwer, mee et gëtt net gekuckt wéi een de Wuesstem amenagéiere kéint, fir dass dëse Wuesstem an der Zukunft keng Problemer schaaft.

Mee wéi genau ka qualitative Wuesstem an eenzelen Themeberäicher ausgesinn? Beim Thema Logement, kann de Staat zum Beispill mei staark an d´Immobilienwirtschaft agräifen an den Immobiliëpräis duerch Steierännerungen oder nei Fonge bëssi drécken. Fir qualitativ ze wuesse misst och am Verkéier an nei an innovativ Léisungen investéiert ginn. An de Stousszäiten ass op den Autobunne Stau oder den ëffentlechen Transport ass iwwerfëllt. Enger Idee vu qualitativem Wuesstem folgend investéiert d’CFL zum Beispill ca. 3,8 Milliarden Euro fir P+R ze baue fir dat d´Leit net mam Auto bis an d’Stad fuere mussen. Och d´Gare bei der rouder Bréck an der Staat, d´Seelbunn an den Tram sollen dofir suergen, dat de Verkéier verbessert gëtt.

Virun allem huet een d’Konzept vum qualitative Wuesstem allerdéngs beim Thema Landesplanung héieren. Bei der Landesplanung geet et dorëms fir a grousse Linnen ze decidéiere wéi a virun allem wou d’Land sech soll weider entwéckelen. Den Nohaltegkeetsministère gesäit do 3 méiglech Zeenarien. Die éischt Méiglechkeet ass et, alles esou ze loosse wéi et ass, mee da géif sech alles am Süden an Zentrum entwéckelen an doduerch wiere bestoend Problemer schwéier ze léisen. Eng zweet Méiglechkeet wier et, dat et am Land verschidden Zentre ginn, wou Aarbechtsplazen entstinn an esou géif sech de Verkéier besser duerch d´Land verdeelen. Déi drëtt Méiglechkeet wier et, regional Zentren, déi et elo scho gëtt, bestoen ze loossen, mee am Norden, Süden an Zentrum dräi „Agglomerationszentren“ ze aschaffe wou d´Populatioun intensiv wuesse soll.

D´Landesplanung ass säit Joren zu Lëtzebuerg fir den Nohaltegkeetsministère en immens wichtege Projet. Obwuel de momentane Virschlag vum Staatsrot ofgelehnt gouf, ass d’Idee fir regional Laboratoiren ze schafen an deenen Experten, Awunner, Interessegruppen, Gemengeconseilleren a Frontalieren zesumme Léisungsvirschléi ausschaffen.

Dass d’Thema vu qualitativem Wuesstem eent ass wat vill Leit an der Gesellschaft beschäftegt ass kloer. Ëmmerhi geet et em fundamental Entscheedunge wéi jiddereen zu Lëtzebuerg an den nächste Joren, souguer Joerzéngten, liewe wäert.  

 

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

– En Interview mam Minister Bausch zum Thema qualitative Wuesstem

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/bausch-qualitat-geht-beim-wachstum-vor-17716373/

– En Artikel zum momentane Stand vun der Landesplanung

https://www.wort.lu/de/politik/landesplanung-austausch-statt-frontalunterricht-59ef1d5256202b51b13c5c10

Franséisch:

– En Artikel mat Statistiken zum Wuesstum zu Lëtzebuerg

http://www.lequotidien.lu/economie/croissance-qualitative-au-luxembourg-the-wind-of-change-chronique/

– En Artikel deen d’Konzept vu qualitativem Wuesstem méi détailléiert beschreift

http://www.fondation-idea.lu/2017/04/18/wei-e-qualitative-wuesstem-fir-eist-land/

Englesch:

– Eng Publikatioun zur Rifkin-Studie, déi oft am Kontext vu qualitativem Wuesstem genannt gëtt

http://www.luxembourg.public.lu/en/actualites/2016/11/15-rifkin/index.html

– En Interview mam President vun der UEL an hirer Siicht vu qualitativem Wuesstem

http://delano.lu/d/detail/news/uel-lux-needs-be-more-productive/159547

 

Source vun de Biller:

– Bild 1: http://images.freeimages.com/images/previews/36b/graph-line-up-and-down-1-1237014.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *