A wat fir eng Richtung soll d’EU an Zukunft goen?

Obwuel d’Europäesch Unioun hir Ufäng schonn an den 1950er-Joeren huet, ass wuel seelen sou vill iwwert hir Zukunft geschwat ginn wéi déi lescht Joren. Vun Euro-Kris iwwert Brexit zur Flüchtlingskris – fir nëmme puer Themen ze nennen – nach ni war d’EU esou emstridden. An och bei de Jonken ass d’EU en aktuellt Thema, dofir d’Fro un eis 3 Auteuren haut: “A wat fir eng Richtung soll d’EU an Zukunft goen?”

D’Etabléierung vun der Europäesch Union war ëmmer eng Fro vum fräie Marché. Net fir näischt huet de Prototyp vun der EU schon 1957 EWG (Europäische Wirtschaftsgemeinschaft) geheescht. Die ganz Legitimatioun vun der EU ass bis haut just mam fräie Marché ze erklären. Dass et ee „Friddensprojet“ ass, wie ganz oft gesot gëtt, ass just ee flotten Nieweneffekt.

Op d’Fro „A wat fir eng Richtung soll d’EU an Zukunft goen? Federal oder nationalstaatlech?“ kann ech keng direkt Äntwert ginn. Aus enger Lénker Perspektiv kann eng nationalstaatlech Léisung schon guer net funktionéieren. D’Konstrukt vum Nationalstaat, wie mir en mei oder manner, kennen, ass am 19. Joerhonnert opkomm. Eng Natioun probéiert ëmmer aner Natiounen ze bekämpfen, ob militäresch oder ekonomesch Aart a Weis. Länner elo nees mei Muecht ze ginn, feiert op laang Siicht nees zu militäresche Konflikter, anerersäits, gesäit een dass d’Tensiounen duerch ekonomesch Konkurrenz och ëmmer mei zouhuelen.

Eng federal Léisung, ass ënnert den aktuelle Verhältnisser just eng Verschibung vun de Problemer. Et gëtt anstatt een Nationalenmythos een Europäesche Mythos konstruéiert. Als Beispill kennen d’Europäer haut zwar tëschent EU Länner reesen, d Baussegrenze sinn awer fir net-Europäer zou – genee sou wien dat bei aneren Nationalstaaten ass. D’Resultat ass, dass Dausende vu Leit un de Baussegrenze gestuerwe sinn a weiderhi stierwen. Just dass den Dout un d’Grenze vun der EU outgesourct gouf.  Am Mier geséit een eben déi Dout net méi.

Ob laang Siicht muss gekuckt ginn, wéi d’Leit sech organiséiere kennen. D’ekonomesch Verhältnisser verschlechteren sech fir vill Leit ëmmer wieder. All Land wurschtelt bësse säint. Och d’EU huet wéineg Interessi dodrunner eppes ze änneren. D’Resultat gesi mir wann een d Wahlresultater an der EU kuckt. Populiste gewannen ëmmer mei Stemmen, Firme verdéngen ëmmer mei, an de Leit geet et mei schlecht. Et ass also wichteg eng EU fir d Leit an net fir d Kapital ze forméieren, dat heescht awer och, dass ënner anerem Lëtzebuerg mat senger Steierpolitik ofschléisse muss, fir dass et eng solidaresch EU ka ginn, ouni Patriotismus an Nationalismus.

Fir ofzeschléissen halen ech et mat der Genoss*inne vu Richtung 22 a soe „Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss“

Die großen Herausforderungen, vor denen wir stehen, zwingen uns alle zur Zusammenarbeit. Sie können nicht im Sinne des alten nationalstaatlichen Denkens von den einzelnen Ländern allein bewältigt werden.“ Déi grouss Erausfuerderungen, vun denen de fréieren däitsche Bundeskanzler Helmut Kohl geschwat huet, ginn et och zu eisen Zäiten: d‘Bekämpfung vum Terrorismus, Flüchtlingswellen a sozial Ongläichheete sinn nëmmen e puer vun de Problemer, déi sech eis hautzedaags stellen. Wéi kann d’EU am Beschten op dës Problemer reagéieren? Als eenheetlech Federatioun oder als eenzel Nationalstaaten?

Wann ee vun engem méigleche federalen Europa schwätzt, muss een sech fir d’éischt mol bewosst sinn, datt et an Europa eng Villzuel un verschidde Volleker a Kulture gëtt. Dësem Ëmstand muss Rechnung gedroe ginn, wann ee well eng gemeinsam Europapolitik maachen. Et däerf net eng zentraliséiert, „one-size-fits-all“ Politik bedriwwe ginn, mais et muss een sou vill wéi méiglech de Länner d’Méiglechkeet iwwerloossen, europäesch Reegelen un déi lokal Kultur an Traditioun unzepassen.

Anerersäits ass et menger Meenung no wichteg, datt mer an Europa méi zesummeschaffen a méi gemeinsam Politik maachen. Fréier Entwécklungslänner wéi China, Brasilien an aner Regioune sinn um Virmarsch, a wann mir als europäesche Kontinent och an Zukunft op der Weltbühn ee Wiertche wëlle matschwätzen, geet dat nëmmen, wann mir  eng gemeinsam Positioun vertrieden. Nëmmen zesumme kënne mir eis ekonomesch a sozial Interête géint aner staark Weltregioune verteidegen.

Dofir muss Europa menger Meenung no an eng federal Richtung goen, an där deenen eenzele Länner eng Reih Kompetenzen iwwerlooss ginn, mais an där d’EU all d’Länner zesummen no baussen hin vertrëtt – e bëssen sou, wéi dat an der däitscher Bundesrepublik de Fall ass. D’EU kéint zum Beispill d’Kompetenzen an der Aussepolitik, der Police, der Verteidegung an der Sécherung vun de gemeinsame Grenzen iwwerhuelen. Och verschidde Froe vu Privatrecht – wéi zum Beispill d’Propriété intellectuelle – missten op EU-Niveau gereegelt an sou uechtert d’EU koordinéiert ginn. Aner Kompetenzen, déi méi ee lokaalt Gefill néideg hunn fir gutt ausgefouert ze ginn, kéinten um Niveau vun de Länner ausgefouert ginn. Ech denken hei zum Beispill un d’Educatioun.

Mat engem federalen Europa, an där d’EU als ganzt gezielt Kompetenzen zougedeelt kritt, an déi eenzel Länner fir all aner Froen zoustänneg wieren, kéinte mer erreechen, datt Europa – zu deem Zäitpunkt als grousst Land – op der Weltbühn weiderhi matschwätzen an eis Interête verteidege kann.

D’Zukunft vun der Europäescher Unioun a 350 Wieder ze beschreiwen ass keng sonnerlech einfach Aufgab, besonnesch net wann de Point de Vue ee lëtzebuergesche muss sinn. Déi selbsternannte Prinzipien vun der EU si Fridden, Fräihandel an offenhäerzeg Immigratiounspolitik déi Mënsche Chance gëtt. Dës Valeur’en sinn a sech selwer wënschens- an ënnerstëtzenswäert an an all Hinsicht och liberal. Fir dës Prinzipien ze verteidegen ass et allerdéngs net néideg eng politesch Unioun ze krééieren déi lues a lues méi Pouvoir accumuléiert.

Ganz au contraire: während d’Euopäesch Unioun ëmmer méi eng zentraliséiert Institutioun gëtt, sinn déi grondsätzlech Prinzipien ëmmer mann vu Wichtegkeet ginn. Mir sinn Europäer fir fräien Handel… awer just wann ëmmer just mir de Notzen draus zéien! Mir sinn Europäer fir fräi Immigratioun… awer just fir d’Membere vun eisem Club! Mir sinn Europäer fir Fridden… innerhalb vun eisen eegene Grenzen! D’EU ass kee Projet méi deen europäesch Valeur’en vu Fräiheet représentéiert, mee just nach d’Intérêt’en vun hire Club-Memberen.  Hir elo nach méi Pouvoir ze ginn wir der Saach net gehollef.

Vereengt Staaten vun Europe wiren op laang Dauer an engem ähnlech problematesche Verhältnis zu hire Bierger wéi d’Vereenegt Staate vun Amerika: Een iwwergrousse Staatsapparat deen mat engem grousse Militär Weltpolizei spillt, déi sech wéineg fir d’Rechter vun de vereenzelte Staaten interesséiert an deen eng Gefor fir Biergerrechter duerstellt (wéi z.B. duerch Masseniwwerwaachung).

De Grondprinzip von gudder Gouvernance, ass dass déi déi um Ruder sinn ee Verständnes fir d’Liewe vun deenen hunn fir déi se Gesetzer maachen. Wat de Pouvoir méi wäit fort vum Liewe vun de Wieler ass, wat dese Prinzip vu Lokalismus méi verluer geet. Dass d’Reegelen fir d’Awunner vu Wäisswampech an der Stad gemaach ginn steet nach en engem gesonden Verhältnis zu eneen. D’Distanz zwësche Bukarest a Bréissel allerdéngs suergt dofir dass sech an der EU-Haapstad wéineg fir déi local Besoin’en vun der Bierger interesséiert gëtt.

Eng vun den Organisatiounen virun där mir eis am meeschten ernuecht huele mussen an eisen eegene Staat. Dëse Pouvoir op enger eenzeger Plaz ze zentraliséieren ass ee Feeler. Et ass Zäit fir manner Europa.

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *