Wat ass Glyphosat?

Kee Mëttel gëtt méi benotzt fir Onkraut vun de Felder z’eliminéieren, all Joer gëtt et weltwäit op eng Fläch sechs Mol sou grouss wéi Frankräich gesprëtzt, mee géint kaum ee Mëttel sinn Ëmweltorganisatiounen a sëllech Politiker sou Stuerm gelaf. No laangem Gestreits gouf dëse Méindeg decidéiert, dass d’Substanz an der EU em weider 5 Joer benotzt dierf ginn. Wat huet et mam Glyphosat op sech?

Keen huet der Mollekül hiert Potenzial erkannt, wéi e Schwäizer Chemiker se 1950 fir d’éischt kënschtlech hiergestallt huet. Dat selwecht huet 20 Joer duerno déi amerikanesch Firma Monsanto gemaach, déi se awer als Onkrautmëttel patentéiert huet. Monsanto hat nämlech gemierkt, dass Planzen d’Moleküll iwwert hir Blieder ophuelen an doduerch ofstierwen, ee Mechanismus dee bei villen anere Mëttelen anescht – a manner wierksam – fonctionnéiert.

Wéinst sengem bëllege Präis ass Glyphosat an der Landwirtschaft dunn zu engem enorme Succès ginn, dee gehollef huet d’Felder vu quasi all Onkraut fräi ze halen, a sou méi kënnen ze ernten. Vu Monsanto ënnert anerem als “Roundup” verkaf, gëtt Glyphosat haut vun iwwer 90 Firme produzéiert, an och benotzt fir Gäert a Gleiser vun Onkraut fräi ze halen.

Wisou also d’Kritik? Duerch de massiven Asaz vum Herbizid kënnt dëst och am Mënsch un. An do ass et “wahrscheinlech kriibserreegend”, soe Studien vun enger Agence, déi der Weltgesondheetsorganisatioun ënnersteet. Aner Studie kommen awer zur Conclusioun, dass et net kriibserreegend ass, an och dës si vu serieuxen Institutioune wéi der “European Food Safety Authority” (EFSA).

Konzerner wéi Monsanto gëtt virgeworf, alles drun ze setze fir dës Autoritéite bei hirem Uerteel ze beaflossen, sou och am Fall vun der EFSA. Eng intensiv Lobby-Aarbecht beleeën och intern Dokumenter vun dëse Firmen, déi weisen wéi se systematesch probéieren Wëssenschaftler derzou ze kréien, positiv Uerteeler iwwert hir Mëttelen ze schreiwen.

D’Situatioun ass also alles ausser eendeiteg. Ënnert anerem dowéinst hunn d’EU-Staaten de Méinden net iwwert eng Verlängerung vun der Glyphosat-Erlaabnis em 10 Joer – wéi um Ufank geplangt – mee em “just” 5 Joer diskutéiert, wat ganz knapp ugeholl gouf. Dëst, obwuel grouss Länner wéi Italien a Frankräich dergéint waren, an zum Beispill eng Verlängerung em just dräi Joer virgeschloen hunn. Och d’lëtzebuerger Regierung war géint d’Verlängerung em fënnef Joer a fir eng Iwwergangszäit, an där d’Verbraucher op Alternative vu Glyphosat ëmstelle kéinten.

Op ee Coup ëmzeklammen ass am Ablack nämlech nach net sou einfach, well alternativ Methoden och Nodeeler hunn. Am Moment kéinten d’Baueren entweder op aner Chemikalien ëmklammen, vun deenen der vill als schiedlech fir Mënsch an Ëmwelt bekannt oder manner erfuerscht sinn. Eng aner Method fir d’Onkraut lass ze ginn ass, d’Felder méi oft ëmzeploue – dat bedeit méi Asaz vun Trakteren, also méi klimaschiedleche CO2, an och dass grouss Landmasse méi einfach ewech gespullt gi wann et kräfteg reent. Dës Alternative sinn oft méi deier wéi d’Benotzung vu Glyphosat, dowéinst hunn och Bauereverbänn sech fir d’Erfuerschung vun Alternativen agesat, a net fir e radikaalt Verbuet.

Den Interêt un enger Eenegung op europäeschem Niveau louch doran, dass da fir jiddereen déi selwecht Reegele gegollt hätten. Och wann déi eenzel Länner d’Substanz elo theoretesch nach ëmmer op hirem Territoire verbidden dierfen, ass dëst komplizéiert a géif verschidde Konditioune fir d’Baueren aus de verschiddenen Ecke vun Europa schafen. Spéitstens a fënnef Joer dierft d’Diskussioun awer weidergoen: da muss nees decidéiert ginn, ob d’Mëttel nach benotzt dierf ginn.

 

Artikle fir weider ze liesen:
Däitsch:

– En ausféierlechen Artikel iwwert d’Kontrovers.

http://www.wiwo.de/technologie/umwelt/glyphosat-letzte-runde-im-kampf-um-das-unkrautgift/13540896.html

– E Resumé iwwert Glyphosat a säin Asaz.

https://www.nzz.ch/wirtschaft/was-ist-glyphosat-und-wie-wird-es-eingesetzt-ld.1324030

Franséisch:

– Eng Analys vun der Decisioun fir Glyphosat weiderhinn z’erlaben.

http://www.liberation.fr/planete/2017/11/27/glyphosate-l-ue-en-remet-pour-cinq-ans_1612936

– En Artikel iwwert de franséische Virsaz, Glyphosat a Frankräich innerhalb vun 3 Joer ze verbidden:

http://www.lemonde.fr/europe/article/2017/11/27/la-commission-europeenne-autorise-l-utilisation-du-glyphosate-jusqu-en-2022_5221037_3214.html

Englesch:

– En Artikel, deen och déi amerikanesch Vue op d’Debatt abezitt:

https://www.nytimes.com/2017/03/14/business/monsanto-roundup-safety-lawsuit.html

– En Artikel iwwert déi komplizéiert Diskussiounen tëscht Staaten, Baueren an Industrie.

https://www.theguardian.com/environment/2017/oct/24/eu-brink-historic-decision-pervasive-glyphosate-weedkiller

 

Sourcen vun de Biller:

– Bild 1: http://img.zeit.de/wirtschaft/2016-05/glyphosat-landwirtschaft-motiv/wide__822x462

– Bild 2: http://media-cdn.sueddeutsche.de/image/sz.1.2734475/940×528?v=1491065931000

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *