Wat sinn d’Paradise Papers?

Nodeems d’Panama Papers an d’LuxLeaks international schon fir vill Opmierksamkeet gesuergt hunn, hunn d’läscht Woch déi sougenannte Paradise Papers fir vill Polemik gesuergt. Net manner wei 13,4 Milliounen Dokumenter goufe während engem Joer vun 120 Journalisten aus aller Welt analyséiert an ausgewäert. Mee em wat handelt ed sech genau bei de Paradise Papers a wat ass de gesellschaftlechen Interêt un dëser Affär ?

D’Publikatioun vun de Paradise Papers verdäitlecht op wei eng Aart a Weis, grouss international Firme wei zum Beispill Nike, Apple oder Facebook mee awer och Prominenter wei de Bono vun U2 a souguer d Queen iwwert sou genannte Steierparadäiser fuere fir hiert Verméigen ze verwalten. An deene meeschte Fäll geet et dann och drëm fir sou mann wei méiglech Steiere bezuelen ze mussen.

Di Dokumenter déi des Steiertricker beléë solle stame vun der Affekotenkanzlei ,,Appleby’’ mat Setz op de Bermudas. Dësen Affekotecabinet ass eng vun deene gréissten Entreprisë wann ed drëms geet duerch komplex Finanzstrukturen a verschiddene Steieroase Sue vun der Steier ze befreien. ,,Appleby’’ betount dass déi sensibel Donnéeën opgrond vun engem illegalen Hackerugrëff un d´Journaliste komm sinn. Doriwwer eraus weist d´Entreprise och drop hin, dass ed sech bei hire Geschäfter em legal Praktiken handelt.

Falls et sech also net em illegal Geschäfter handelt, wisou ass d´Opreegung sou grouss? Fir d´Polemik novollzéien ze kennen, kann een d Beispill vun Nike benotzen fir sou ee Steiermodell ze erklären. Wann Nike an Däitschland ee Schong verkeeft, gëtt dëst Geschäfft net iwwert eng Däitsch Nike-Entreprise ofgewéckelt, mee iwwert eng Firma an Holland. Do gëtt duerno och de Gewënn vun der Firma besteiert. An Holland kann Nike awer duerch legal Steiermodeller de Gewënn an Duechterfirmaen transferéiere bis se duerno nëmme minimal op hirem Gewënn besteiert kenne gi. An Däitschland wou de Gewënn also gemaach gouf, mee awer och an Holland, ginn deemno nëmme minimal Beträg op d´Steier fälleg.

Kritiker behaapten, dass während déi meescht Leit normal hier Steiere bezuele missten, hätte räich Leit a Firmen d´Méiglechkeet iwwert des komplex Steiersystemer keng oder nëmme ganz wéineg Steieren ze bezuelen. Obwuel Firme wei Nike a co vun der Gesellschaft a Steiergelder profitéieren (a Form vu Stroossen, Schoulen, Kliniken…) géifen se sech selwer praktesch net un de Käschte bedeelegen. Fir d Gesellschaft géif sou ee grousse Schued entstoen. Doriwwer eraus ginn d Ënnerscheeder tëscht aarm a räich nach mei grouss.

Eng Léisung gesi vill Leit an der Politik. Gesetzer, déi des Modeller legal maachen, misste geännert ginn. Lëtzebuerg, dat net am Zentrum vun de Paradise Papers steet, hätt no de LuxLeaks-Revelatioune Konsequenze gezunn sou de Lëtzebuergeschen Ausseminister Asselborn. Hien hätt sech ,,geschummt’’ dass onst Land vu groussen Entreprisë benotz gouf fir manner Steieren ze bezuelen.

Wéi een dëse Problem allerdéngs global léise kéint, bleift weider onkloer. An enger weltwäit vernetzter Finanzwelt ass et schwiereg fir national, an och souguer regional, Léisungen ze fannen. Mee sou laang et Steieroase gëtt, wäerten déi och vu gewënnorientéierten Entreprisë genotzt ginn, wat dann oft zur Laascht vun der Gesellschaft geet.

 

Artikle fir weider ze liesen:
Däitsch:

– E flotte Questions-Réponses zu de wichtegste Froen em d’Paradise Papers

http://www.spiegel.de/wirtschaft/soziales/paradise-papers-was-sie-ueber-die-paradise-papers-wissen-muessen-a-1177027.html#sponfakt=2

– E kuerze Video deen de Steiermodell vun Nike erkläert

http://www.sueddeutsche.de/wirtschaft/paradise-papers-nike-1.3737216

Franséisch:

– Eng kuerz Iwwersiicht vu Firmen a Leit déi an d’Paradise Papers verwéckelt sinn

http://www.liberation.fr/planete/2017/11/07/paradise-papers-qui-est-mis-en-cause-et-pour-quoi_1608366

– En Artikel deen eng méiglech Connectioun tëschent de Paradise Papers an dem Trump senger Russland-Affär ënnersicht

http://www.lesoir.be/122790/article/2017-11-05/paradise-papers-une-nouvelle-fuite-de-documents-devoile-les-liens-entre-des

Englesch:

– E Resumé zu de Panama Papers

https://www.nytimes.com/2017/11/05/world/paradise-papers.html

– Eng Iwwersiicht vun de wéinege Fäll an de Paradise Papers an deene Lëtzebuerg verwéckelt ass

http://delano.lu/d/detail/news/luxembourg-and-paradise-papers/161158

 

Source vun de Biller:

– Bild 1: https://ichef.bbci.co.uk/news/660/cpsprodpb/7FD6/production/_98662723_pad.jpg

– Bild 2: https://qzprod.files.wordpress.com/2017/11/paradise-papers-collage_colorcorrected.jpeg?quality=80&strip=all&w=1200

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *