Wisou gëtt Cattenom net zougemaach?

Feier, Accidenter, Sécherheetslücken… ëmmer nees beonrouegt dat franséischt Atomkraaftwierk zu Cattenom, just puer Kilometer fort vun Däitschland a Lëtzebuerg. Mee wisou gëtt d’Atomkraaftwierk eigentlech net ofgeschalt?

Frankräich ass d’Atom-Land schlechthin: 2016 sinn iwwer 72% vum franséische Stroum aus Atomkraaftwierker komm. Een Undeel, un dee weltwäit keen anert grousst Land och nëmmen erukënnt. Däitschland huet z.B. dat selwecht Joer 13 % vum Stroum sou produzéiert, Groussbritannien 21%.

Anescht wéi an dësen zwee Länner ass a Frankräich nämlech net vill Kuel oder Gas ze fannen. Energie war awer nom 2. Weltkrich néideg fir ëmmer méi Stroum ze produzéieren. Gläichzäiteg war d‘Faszinatioun fir Atomenergie am Weste grouss (Ford hat souguer Pläng fir en Atom-Auto). Also huet Frankräich fréi an d’Nuklearenergie investéiert fir méi onofhängeg vun Energieimporter ze ginn.

Uran, den d’Haapt-Energiequell vun dëse Kraaftwierker ass, muss zwar importéiert ginn, mee en ass relativ bëlleg. En ass och a ville verschiddene Länner ze fannen, während Pëtrol just an enger Selektioun vu Länner virkënnt. Wéi an de 70er Joren e puer vun deenen Uelech-Länner de Präis fir Pëtrol op ee Coup eropgesat hunn, konnt domat och Stroum net méi bëlleg mat Pëtrol hiergestallt ginn. Dat huet d’Nuklearenergie nach méi attraktiv gemaach. Och d’Bauaarbechte fir Cattenom hunn dowéinst kuerz no dësem Pëtrol-Schock ugefaangen, an d’Kraaftwierk gouf bis 1991 ëmmer vergréissert – haut ass et dat siwentgréisst Atomkraaftwierk op der Welt.

Dobäi ass Atomstroum bëlleg, op d’mannst den aus Kraaftwierker kënnt, déi et scho laang gëtt – bei neien Kraaftwierker ass dat net sou kloer. Dat deiert ass nämlech net de Brennstoff Uran, mee déi riseg Kraaftwierker. Dowéinst setzen déi grouss Stroumfirmen alles drun, dës méiglechst laang benotzen ze kënnen fir sou ee niddrege Stroumpräis ubidden ze kënnen. Ënnert anerem wéinst dëse laange «Lafzäiten» ass de Stroumpräis bei eise Noperen ee vun de niddregsten a Westeuropa: 2016 hunn d’Leit a Frankräich – an iwwregens och hei zu Lëtzebuerg – bal hallef souvill fir Stroum bezuelt wéi an Däitschland. An der franséischer Debatt em Atomstroum gëtt dowéinst ëmmer nees betount, dass dës niddreg Präisser de Portmonnie vu Familljen a Betriber schounen. Do dernieft gëtt oft widderholl dass Atomstroum quasi keng CO2-Emissiounen verursaacht, also och net zum Klimawandel mat all senge Gefore bäidréit.

D’Géigner vun dëser Technik hunn natierlech och Argumenter. Dofir suergen Erfarungen wéi Tschernobyl, Fukushima oder och d’Aktivisten, déi rezent zu Cattenom agedronge sinn. Bei engem schlëmmen Tëschefall zu Cattenom wieren och Däitschland a Lëtzebuerg betraff, deemno setzt Cattenom also och «de Fortbestand vun der Lëtzebuerger Natioun» a Gefor, wéi eng Motioun et ausdréckt déi 2012 eestëmmeg vun der Chamber ugeholl gouf. Derbäi kommen ökologesch Grënn, déi Frankräich beweegt hu sech 2015 d’Ziel ze setzen, bis 2025 just nach 50% vu sengem Stroum iwwer Atomenergie ze produzéieren.

Mee souguer den aktuelle – grénge – franséischen Minister fir d’”Transition énergétique” seet, dass et am Ablack net ouni déi Mass vun Atomstroum geet. Cattenom als zweetgréisst franséischt Atomkraaftwierk produzéiert ee gudden Deel dovun, an 2015 gouf eng Moderniséierung dervun ugefaangen fir et bis op d’mannst 2025 lafen ze loossen. Do derbäi kënnt finalement, dass d’Kraaftwierk ronn 1300 Leit beschäftegt, plus ongeféier 500 Leit vu Firmen déi fir d’Kraaftwierk schaffen, an dat an enger Regioun, där hier Wirtschaft net zu deene stäerkste vu Frankräich gehéiert.

Och wa Frankräich also laangfristeg manner Atomstroum produzéiere well, wäert Cattenom wuel deemnächst net vum Netz geholl ginn.

 

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

– En Artikel iwwert d’Noutpläng déi nom Accident vu Fukushima an der Groussregioun décidéiert goufen

http://www.land.lu/page/article/552/7552/FRE/index.html

– En Artikel iwwert de rezenten Abroch vun Aktivisten op de Site vu Cattenom

https://www.wort.lu/de/lokales/greenpeace-aktion-feuerwerk-ueber-cattenom-59defe3a56202b51b13c50cd

Franséisch:

– De lëtzebuerger Premier Xavier Bettel iwwert eng lëtzebuergesch Participatioun un de Käschte fir Cattenom zou ze maachen

https://www.wort.lu/fr/politique/xavier-bettel-revient-sur-la-rumeur-nous-ne-paierons-pas-pour-la-fermeture-de-cattenom-574877d2ac730ff4e7f610c1?utm_campaign=magnet&utm_source=article_page&utm_medium=related_articles

– De franséische Minister Nicolas Hulot iwwert déi franséisch Atomkraaft

http://www.lemonde.fr/energies/article/2017/07/10/nicolas-hulot-annonce-qu-il-faudra-fermer-jusqu-a-17-reacteurs-nucleaires_5158321_1653054.html

Englesch:

– En interessanten Artikel deen d’Atomkraaft weltwäit ënnert d’Lupp hëllt

https://www.economist.com/blogs/graphicdetail/2017/01/daily-chart-22

– En Artikel iwwert d’Kontrovers em en atomkraaftwierk, dat am Moment an England gebaut gëtt

http://www.independent.co.uk/news/business/news/offshore-win-energy-nuclear-power-plant-cheaper-subsidies-electricity-clean-environment-a7940231.html

 

Source vun de Biller:

– Bild 1: https://www.flickr.com/photos/shantideva/3556419409

– Bild 2: http://www.ingenieur.de/Fachbereiche/Kernenergie/Druckbehaelter-belgischer-Atomkraftwerke-16000-Rissen-uebersaeht

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *