Wanns du kéints d’EU vu Grond op nei gestalten, wat fir Prinzipie géifs du verfollegen?

Kritiken vun der Europäescher Unioun gëtt et genug. An déi lëscht Joeren hu mat Wirtschaftskris, Flüchtlingskris a Brexit gewisen, dass et eng grouss Unzuel u Leit gëtt déi net mat der Europäescher Unioun zefridde sinn. Genau wéi Kritiken, gëtt et och genug Virschléi fir d’EU nei ze gestalten. Dofir haut d’Fro un eis 3 Jonker, wat fir Prinzipien si géife verfollegen, wann si kéinten d’EU vu Grond op nei gestalten.

Wien och nëmmen ee minimaalt Verständnis vu liberaler Philosophie huet, wees dass Liberalismus a supra-national Organisatiounen déi sech iwwert ee ganze Kontinent erstrecken, immens geféierlech fir eng fräi Gesellschaft sinn. Zentraliséierung vum Pouvoir op enger eenzeger Plaz war nach ëmmer problematesch fir d’Fräiheete vum Individuum, sief dat Peking, Moskau oder Washington D.C. Wann also d’Fro ass wéi ee Liberalen d’EU vu Grond op nei gestalte géif, dann ass d’Äntwert: Guer net.

D’Europäesch Unioun ass kee Produkt vun der direkter Nokrichszäit, mee vum Maastricht Traité vun 1992. Dat ass eng Verwiesslung déi oft stattfënnt, an déi souguer Politiker gäre maachen. Et ass eréischt säit 1992 dass mir politesch Strukturen hunn déi sech säit dem Lissabonner Vertrag vun 2009 eens sinn dass Bréissel ëmmer méi Pouvoir soll usammelen.

Dat heescht deemno net dass alles zwëschen 1945 an 1992 falsch war: D’Valeure vum fräien Handel an Europa ass mat ee vun deene wichtegste Facteure fir de kontinentale Fridden. Eng liberal Äntwert op eng ideal Konstruktioun vun der Europäescher Unioun ass dofir eng Unioun déi sech ëm vill manner Sujet’en këmmert wéi haut. D’Verträg musse kloer dorop hiweisen dass d’EU (oder wéi se och ëmmer heesche géing) sech ni a militäresch, aussepolitesch, bildungspolitesch, ëmweltpolitesch, fiskal, wirtschaftlech, währungstechnesch oder a Sujet’en zu individueller Fräiheet amëschen. Europäesch Kooperatioun soll sech doduerch auszeechnen dass se eng Plattform bitt déi géigesäiteg Zirkulatioun vu Persounen, Gidder a Servicer zouléisst ouni dobäi eng politesch Struktur opzebauen.

Mir mussen europäesche Länner erlaben a géigesäitege Wettbewerb ze stoe fir ekonomesch Attraktivitéit, net se duerch een zentrale Pouvoir probéieren an ee Schema eran ze pressen. Dëst wäert Entreprisen a Bierger méi Mobilitéit ginn: D’Idee dass “wann et dir hei net gefält, da géi zwësch anescht hin” funktionéiert besser mat ville klenge Länner amplaz vun engem eenzege Superstaat.

Aus enger Vue vun individueller Fräiheet muss europäesch Kooperatioun op fräiem Handel an enger gesonder Skepsis vis-à-vis vun der Muecht vum Staat berouen.”

“De Problem vun der EU ass, dass den Ursprong vun Ufank un wirtschaftlecher Natur war. Duerch den Marché sollt et Fridden a Wuelstand fir alleguerte ginn. Dat huet och eng laang Zäit méi oder wéineger gutt funktionéiert, iwwer 70 Joer laang Fridden an Europa gouf et nach ni. D’Konzept vun der EU stéisst awer lues a lues un seng Grenzen. Ville Leit geet et ëmmer méi schlecht, d’Jugendaarbechtslosegkeet steigt an de Riets-Populismus gräift a praktesch allen Länner em sech. De Problem dofir kann een ënner anerem un der Finanzkris 2009 festmaachen. Duerch déi sougenannt Bankrettung hunn sech vill  Staaten verschëlt respektiv hier d Erspuerten opgebraucht. Dat feiert elo dozou, dass a ville soziale Beräicher Sue feelen. Dat mierken d Leit.

Eng optimal EU kéint ee schonn erreechen, wann d’Grondsätz déi am Lissabon-Vertrag festgehale goufen och ëmgesat géife ginn. Ënnert anerem heescht et do „Die Werte, auf die sich die Union gründet, sind die Achtung der Menschenwürde, Freiheit, Demokratie, Gleichheit, Rechtstaatlichkeit und die Wahrung der Menschenrechte, einschließlich der Rechte der Personen, die Minderheiten angehören. Diese Werte sind allen Mitgliedstaaten in einer Gesellschaft gemeinsam, die sich durch Pluralismus, Nichtdiskriminierung, Toleranz, Gerechtigkeit, Solidarität und die Gleichheit von Frauen und Männern auszeichnet.”

An praktesch allen Länner gëtt ëmmer erëm géint des Prinzipie verstouss ouni Konsequenze fir de Staat. Besonnesch Minoriteite sin ëmmer erëm Ziel vu systematescher Ënnerdréckung. Meng optimal EU géif awer méi weit goen, an des Grondsätz och um Marché ëmsetzen. Et kann net sinn, dass engersäits vu Mënscherechter geschwat gëtt, an anerersäits mat Länner geschafft gëtt, déi ëmmer nees des Rechter net respektéieren. Et kann och net sinn, dass ëmmer erëm Waffe gehandelt ginn, an domadder Krich finanzéiert gëtt. An menger EU géifen net europäesch Iwwerproduktioun extrem bëlleg an aner Länner geschéckt ginn, fir d Wirtschaft do ze schiedegen.

Déi optimal EU gëtt just erreecht, wann et méi Solidaritéit an Vernetzung tëschent de Länner gëtt, wann et een anert Wirtschaftssystem gëtt, an net méi alles nom kapitalistesche Verwertungszwang gereegelt géif ginn. Eng optimal EU wier net hannerhälteg, mee éierlech mat sech a mat anere Länner.”

“De 24. Juni 2016 ass Europa an engem Schock erwächt. Den Dag virdrun huet Groussbritannien an engem Referendum dofir gestemmt, d‘Europäesch Unioun ze verloossen: De Brexit war Realitéit. Sou ongleeflech dëst Resultat fir vill Leit och geklongen huet – ee kloren Message huet de Brexit scho matgedeelt: Vill Leit si mat der EU an hirem aktuelle Fonctionnement net zefridden a fannen, datt se vu Grond op nei gestalt muss ginn.

Wann ech d’Europäesch Unioun vu Grond op kéint nei gestalten, géif ech dräi Grondprinzipie verfollegen, déi d‘Vertrauen an d‘EU erëm géifen hierstellen: einfach Strukturen, eng transparent Aarbecht a präzis Kompetenze fir d’EU.

Einfach Strukturen si wichteg, fir datt d’Leit innerhalb an ausserhalb vun den EU-Institutioune verstinn, wien wei eng Roll an der EU spillt. Am Moment deelen sech d’Kommissioun an den EU-Conseil zum Beispill de pouvoir exécutif, wat et enorm schwiereg mécht ze verstoen, wéi eng Reegele vu wiem proposéiert goufen, a wiem seng Interêten des Reegele protegéieren. Wann een d’Vertrauen an d’EU well erhéijen, muss ee kloer Strukture schafen: Mier brauchen eng staark Kommissioun, déi grouss politesch Lignë vierget a Reglementer proposéiert; ee Parlament, dat Reglementer ka proposéieren an doriwwer ofstëmmt; an ee Geriichtshaff, dee Verstéiss géint dës Reglementer bestrooft.

Des weidere géif et der EU gutt doen, wann hiert Wierken duerch gezielt Ëffentlechkeetsaarbecht méi transparent wier. Dëst wier zum Deel schonn eng automatesch Konsequenz vu méi einfache Strukturen. Doriwwer eraus misst d’EU méi mat Ëffentlechkeetscampagnen op hier Bierger duergoen, fir ze erklären, wéi eng Aarbecht zu Bréissel geleescht gëtt an wéi eng Rechter d‘Bierger dank der EU hunn.

Schlussendlech géif d’EU ee grousse Schrëtt no fir maachen, wann si fir verschidden Domainer exklusiv zoustänneg wier. Dëst ass zum Beispill de Fall an der Bundesrepublik Däitschland, wou d’Kompetenze ganz kloer tëscht dem “Bund” an den eenzelen “Länder” opgedeelt sinn. Op EU-Ebene kéint een zum Beispill fir d’Police, eng gemeinsam Aussepolitik a verschidden Deeler vum Privatrecht responsabel sinn. All déi aner Kompetenze géifen da bei den EU-Memberlänner leien. Sou eng kloer definéiert Opdeelung géif weider dozou bäidroen, datt d’Leit besser verstinn, wat op EU-Ebene a wat op nationalem Niveau decidéiert gëtt.

Déi aktuell EU ass sécher net perfekt. Mat enger vereinfachter Struktur, méi Transparenz a präzise Kompetenze géif d’Europäesch Unioun ee grousse Schrëtt an déi richteg Richtung maachen, fir datt an Zukunft keng Länner méi der EU de Réck zoukéieren.”

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *