Wat ass den Eurogrupp?

D’Eurogrupp war déi lescht Deeg vill an den Noriichten, nodeems een néie President gewielt gouf – de Portugis Màrio Centeno. Mee wat mëscht d’Eurogrupp a wéi eng Roll huet si an der EU? Dat wëlle mir iech dës Woch méi genau erklären.

D’Eurogrupp ass een informelle Gremium, wou d’Finanzminister aus allen Euro-Memberstaaten vertruede sinn. De President vun der Eurogrupp (deen och e Minister vun engem Land muss sinn), de Vize-President vun der Europäescher Kommissioun, den als Ressort Wirtschaft, Finanzen an den Euro huet, an och de President vun der Europäescher Zentralbank sinn an de Sëtzungen dobäi. Jee nom Sujet ginn och den Direkter vum Europäesche Stabilitéitsmechanissem an den IWF invitéiert.

Et gëtt beroden iwwert d’Froen déi mat der gemeinsamer Währung, dem „Euro“, ze dinn hunn. D’Minister mussen d’Wirtschaftspolitiker vun den Euro-Staaten koordinéieren, fir de Wuesstem vun der Ekonomie an d’Stabilitéit vum Euro ze sécheren. D’Gespréichsthemen hunn meeschtens mat der Stéier-, Währung-, a mat der Strukturpolitik ze dinn. Well all déi Froen Auswierkungen op all Euro-Länner hunn, sichen d’Minister no Léisungen, déi fir jidder Land an der Réi ass.

D’Eurogrupp kënnt normalerweis eemol de Mount zesummen – meeschtens um Virowend vum Rot vun der Europäescher Union fir Ekonomie a Finanzen. An deene Sëtzunge gëtt haaptsächlech iwwer d’ekonomesch Perspektive vum Euro-Territoire, d’Haushaltspolitik vun den Euro-Staaten, Finanzstabilitéit an och heiansdo iwwert d’Vergréisserung vum Euroterritoire geschwat. An de leschte Jore war den Eurogrupp méi oft an den Noriichten, well hei och d’Decisioune getraff ginn iwwert déi finanziell Hëllefe fir Länner an enger Wirtschaftskris.

D’Prioritéite fir d’zweet d’Halschent vum Joer 2017 si Strukturreforme fir eng Verbesserung vun den Aarbeschtsaussiichten an d’Wirtschaft ze stäerken, souwéi weider Mesurë fir d’Bankenunioun ze vervollstännegen. Zudeem sollen d’Euro-Staaten och hier Finanzen an den Haushalt am A behalen. Ee fir Lëtzebuerg interessante Fakt ass dass dat éischt Treffe vun de Finanzminister vun den Euro-Staaten de 4. Juni am Sennenger Schlass zu Lëtzebuerg war.

Dëse Weekend war den Eurogrupp awer an den Noriichten, net wéinst sengen Diskussiounen, mee wéinst enger Personalie. Et ass nämlech dorëms gaange fir en neien Eurogrupp-President ze fannen. D’Wahl ass um Schluss op de portugisesche Finanzminister Màrio Centeno gefall. Hien huet den nidderlännesche Finanzminister Jeroen Dijsselbloem ofgeléist. Eigentlech sollt den aktuelle President bis 2018 bleiwen, mee wéinst de schlechte Resultater vu senger Partei an Holland, wäert hie seng Platz als Finanzminister verléieren. Den neie President Centeno wäert den 13. Januar 2018 de Virsëtz an der Eurogrupp iwwerhuelen.

De Mario Centeno huet et gepackt a Portugal de Budgetsdefizit vu 7,2% op 1,4% a Portugal ze senken. Och déi portugisesch Wirtschaft wiisst wahrscheinlech mat 2,5%. Bei ville Leit kënnt dës Wahl dann als Zeechen dofir un, dass d’Kris iwwerwonnen ass an och e Land wat schwéier ekonomesch Problemer hat erëm an der EU mat fir bäi ass. Nieft enger méiglecher Reform vum Euroraum erwaart de Centeno och d’Fortsetzung vun der ekonomescher Kris a Griicheland. Nächst Joer am August leeft den drëtten a leschte Griicheland-Rettungspaquet aus, da soll d’Land sech erëm selwer kënne finanzéieren. Hei huet de Centeno de Rotschlo, dass Griicheland dem Beispill vu Portugal nogeet an sech net op e Scholdenerlass verléisst.

 

Artikle fir weider ze liesen:
Däitsch:

– Ass Südeuropa duerch de Mario Centeno besser vertrueden?

http://www.sueddeutsche.de/wirtschaft/neuer-chef-der-eurogruppe-ein-ronaldo-fuer-europa-1.3777836

– En Artikel iwwert dem Pierre Gramegna seng Kandidatur fir President ze ginn.

http://www.tageblatt.lu/headlines/was-hinter-den-kulissen-ablief/comment-page-1/Franséich

Franséisch:

– En Artikel iwwert dem Mario Centeno a seng Partei-Orientatioun.

http://www.liberation.fr/planete/2017/12/04/mario-centeno-un-homme-de-gauche-a-la-tete-de-l-eurogroupe_1614417

– En Artikel iwwert den Hëllefsprogramm fir Griicheland.

http://www.lemonde.fr/economie/article/2017/04/08/accord-surprise-entre-la-grece-et-ses-creanciers-a-l-eurogroupe_5108069_3234.html

Englesch:

– En Artikel iwwert dem Mario Centeno seng politesch Karrier.

https://www.politico.eu/article/mario-centeno-how-eurogroups-cristiano-ronaldo-got-to-captain-the-team/

– En Artikel iwwert d’Reform vum ESM déi am Eurogroup diskutéiert gëtt.

http://www.spiegel.de/international/europe/commission-and-eurogroup-vie-for-control-of-esm-a-1181815.html

 

Sourcen vun de Biller:

– Bild 1: https://www.worldfinance.com/wp-content/uploads/2017/12/Centeno.jpg

– Bild 2:

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *