Ass d’EU demokratesch?

Wéi de Virleefer vun der EU an de 1950er Joren gegrënnt gouf, war d’Fro ob dëst sollt eng demokratesch Institutioun sinn net am Virdergrond. Well d’EU mëttlerweil a vill méi Beräicher involvéiert ass, ass d’Fro no hirem demokrateschen Defizit ëmmer méi wichteg ginn. Dat ass spéitstens och an der Diskussioun em de Brexit nach méi kloer ginn. Wat denken eis 3 Auteuren iwwert der EU hir demokratesch Qualitéit?

De Fakt dass d’Europäesch Unioun een Demokratiedefizit huet ass net nëmmen onëmstridden, et ass esou ongeféier deen eenzegen Konsenspunkt bei deem jiddereen sech eens ze si schéngt. All pro-EU Stëmm widderhëlt: “D’Unioun ass alles an allem eng gutt Saach, och wann se Demokratiedefiziter huet.”

Et ginn dräi verschidde grouss Sträitpunkten bei där d’Europäesch Unioun demokratesch uneckt:

  1. D’Europäescht Parlament: Déi eenzeg vun den dräi Institutiounen bei där d’Memberen direkt gewielt ginn huet direkt zwee grouss Facteuren déi matspillen. Zum engem si kleng Länner, dorënner Lëtzebuerg, mat just 6 Deputéierten ënnerrepresentéiert. Och wann d’Géigenargumentatioun hei ass dass Lëtzebuerg als Land nach ëmmer gläichwäerteg am Europäesche Conseil representéiert gëtt, ass et awer net onwiesentlech op ee 6 Parlamentarier huet déi an de Kommissiounen mat un Resolutioune schaffen oder 60. D’Resultater hei si gewinnt am Interêt vun deene méi grousse Länner. An enger zweeter Mesure ass d’Europäescht Parlament eng schwaach Legislative, well sech keng Gesetzer initiéiere kann. Während am Grand-Duché d’Chamber ee Gesetzpropositioune maache kann, dierf zu Bréissel just d’Europäesch Kommissioun Gesetzer virschloen. Mat parlamentarescher Aarbecht huet dat also ganz wéineg ze dinn.
  2. EU-Consultatiounen: Wann der iech frot wat dat iwwerhaapt ass, da gesitt der schonn de Problem. EU-Consultatiounen sollen d’Bierger mat an der legislative Prozess vun der Unioun mat abannen, mee kaum ee Wieler weess dass solch Questionnairen iwwerhaapt existéieren, wouduerch se kee representative Wäert hunn. Et stellt sech och eraus dass “D’Abannen vun der Zivilgesellschaft” just am Intérêt vu verschiddenen ganz politeschen ONG’en ass, an dobäi och immens ontransparent. Een europäeschen Dialog, gëtt et net.
  3. Participatioun an Interêt: Eng funktionéierend Demokratie gëtt et just dann wann d’Bevëlkerung sech mat der Institutioun identifizéiere kann, an och wees wat geschitt. Béid Konditioune si net erfëllt: Kaum ee Bierger weess wéi d’EU-Institutioune funktionéieren a wat fir Debatte se féiert, wouduerch d’Participatioun esou geréng ass dass een éischter vun enger Technokratie (Politik duerch Bürokraten) wéi enger Demokratie schwätze kann. Dat läit och dorun dass d’EU sech an immens wäit gefächert Gebidder amëscht, déi immens technesch sinn.

An Facteuren passen an 350 Wieder leider net eran, mee eppes ass sécher: Bis deen Dag wou d’EU sech demokratesch nenne kann vergeet nach eng laang Zäit.”

Ëmmer erëm kennt d Diskussioun ob, ob t‘EU demokratesch ass oder net. Menger Meenung no, ass t’EU demokratesch. Dat heescht awer och, dass et verschidde Qualitéite vun Demokratie gëtt an, dass et duerchaus Saache gëtt, di ee kritiséiere kann.

Alleguerte Länner an der Europäescher Union, sinn de facto Demokratien. Dat heescht, et muss eng Gewaltentrennung am Staat ginn, frei Wahlen, Meenungsfräiheet etc.. Natierlech ginn et och Länner an deenen et qualitativ Ënnerscheeder gëtt.

Ob Niveau vun der Struktur vun der Europäescher Union gëtt et och demokratesch Elementer. Zum Beispill gëtt t’Europäesch Parlament all 5 Joer vum Wahlvolk direkt gewielt. De Ministerrot besteet aus de gewielte Ministere vun de verschiddene Milliardestaaten, an ass domadder och demokratesch gewielt.  Europäesch Kommissioun besteet aus 28 Kommissären di vun den eenzelen europäesche Staaten nominéiert ginn a vum Europäesche Parlament bestätegt ginn. Och hei ginn et also demokratesch Elementer.

Menger Meenung no, kann een natierlech Strukture vun der EU kritiséieren, awer am Moment geet et éischter em t’Inhalter déi an EU vertruede ginn. Et ginn ëmmer nach keng eenheetlech Gesetzer fir Steieren oder Banken. Dat feiert dozou, dass et ëmmer nees zu Steierhannerzéiung a Bankenskandaler komme wäert. Ausserdeem muss een iwwer t’Roll vun der EU bei Waffenexporter schwätzen oder bei der Flüchtlingspolitik. Dofir ass et wichteg, dass Europäesch Strukture wieder ausgebaut ginn, an t’Inhalter och no „Europäeschen Normen“ ëmgesat ginn.”

““Democracy is the worst form of government, except for all the others“, sot den fréieren briteschen Premier Winston Churchill. Nodeems iwwert déi lescht zwee Joerhonnerten all europäescht Land zu enger Demokratie ginn ass an Europa soumat zu engem vun den demokrateschsten Kontinenter iwwerhaapt zielt, ass et amfong erstaunlech, datt hautzedaags der Europäescher Unioun virgeworf gëtt, si wier net demokratesch. Awéifern ass dësen Virworf berechtegt?

An der Theorie huet d’Europäesch Unioun keen Demokratiedefizit: D’Europaparlament gëtt direkt an op proportionell Aart a Weis vun den europäesche Bierger gewielt. D’EU-Kommissioun, déi souzesoen déi europäesch Regierung ass, geet aus dem Parlament ervir – genau wéi dat zu Lëtzebuerg den Fall ass. Och an deem drëtten wichtegen Gremium, dem EU-Conseil, deen zesummen mat der Kommissioun d’EU-Reglementer an Direktiven proposéiert, sëtzen nëmmen Ministeren, also Politiker, déi an hirem Land demokratesch zu hirem Mandat koumen. Amfong alles ganz demokratesch, oder?

Den Problem mat der Demokratie an der EU leit net an der Theorie – en leit an der Praxis. Déi vill Traitéen, déi d’EU no an no crééiert hunn, déi vill verschidden Gremien, déi sech den Pouvoir deelen – alles dat mécht d’Decisiounen ontransparent, sou datt herno keen méi weess, wien fir eng nei Reegel responsabel ass. Dëst mécht et och einfach fir national Politiker, d’Schold fir Problemer an hirem Land einfach der EU zouzeschieben.

Dobäi kënnt den Problem, datt vill Europäer weder d’Memberen vun der Kommissioun, nach vum Europaparlament kennen. Dëst ass deelweis doduerch bedéngt, datt mir nëmmen wéineg Medien hunn, déi sech grenziwwergräifend op europäesch Themen konzentréieren. Vu datt d’Leit d’Europaparlamentarier an déi meescht Kommissären mol net vum Numm hier kennen, entsteet d’Gefill, datt eng Rei onbekannt Persounen zu Bréissel eis national Gesetzer diktéieren.

Fir datt d’Europäer an Zukunft manner d’Gefill hunn, d’Europäesch Unioun géif ënnert engem Demokratiedefizit leiden, muss also vill méi Ëffentlechkeetsaarbecht geleescht ginn. Doriwwer eraus mussen d’Strukturen simplifiéiert ginn, fir datt een kann Decisiounen mat Gesiichter verbannen.

D’Äntwert op den Demokratiedefizit ass also net nëmmen méi Demokratie, mee méi Transparenz, fir datt d‘europäescht Vollek d’Demokratie och gesäit. An engem berühmten Geriichtsuerteel an England sot den Riichter eng Kéier: „Justice must not only be done, it must also be seen to be done.“ Op d’EU ugewannt misst een also soen: “Democracy must not only be done, it must also be seen to be done.””

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *