Wat ass de Schutdown an den USA?

Iwwert de Weekend konnt ee vill iwwert de sougenannten ,,Government Shutdown“ an Amerika héieren. Een Zoustand den et schonns puer mol an der Amerikanescher Geschicht ginn ass. Mee wei kennt et zu esou engem Shutdown ? An wat sinn d’Konsequenzen dovunner vir d’Land an seng Bierger ?

Ausgerechent um Joresdag vum Donald Trump senger Vereedegung als amerikanesche President koum et zu engem Stëllstand vun der amerikanescher Regierung. Samschdes moies ab 0.00 a Méindes koum et zu engem finanziellen Ausgabestop de Groussdeeler vun de Ministèren an ëffentlechen Ariichtungen am Land lahm geluecht huet. Mee wei konnt et esou weit kommen ?

Schold un dëser Situatioun sinn deels grouss Meenungsdifferenzen tëschent Demokraten a Republikaner wann et em de Budget vun der US Regierung geet. Den Trump well méi Ausgabe fir Militär a fir de Bau vu senger versprachener Mauer tëschent Mexico an den USA fir gesinn.

Des Kontroversen zeien sech scho säit Méint hin. Fir eng Iwwergangsléisung ze fanne brauchen dem Trump seng Republikaner eng Majoritéit vu 60 Stemme vun 100 am Senat. Well d’Republikaner awer nëmmen 51 Senateure stelle sinn se also op Stemme vun den Demokraten ugewisen.

Des Hëllef vun den Demokrate wier awer un gewësse Konditioune gebonnen. Sou verlaangen d’Demokraten eng Léisung fir de Statut vun deenen 800.000 sougenannten ,Dreamer`. Dobäi handelt et sech em illegal agewandert Mannerjäreger déi ënnert der Obamaregierung virun Oofschiebunge geschützt waren. Dëse Schutz gouf awer ënnert dem Donald Trump opgeléist.

Well awer keng vu béid Parteie bis zur Frist vu Freidegowes 23.59 noginn huet koum et zur Blockade vun de Regierungsdépensen. Wat sinn awer elo d’Konsequenze vun esou engem Shutdown ?

Am Fall vum Shutdown kenne verschidden Ämter net méi funktionéieren a Beamten net méi bezuelt ginn. Betraffe sollen eng ronn 800.00 Beamten déi op Ministèren, Muséeën oder National Parke schaffe sinn. Déi mussen an dësem Fall doheem bleiwen a souguer op hire Salaire verzichten. Souguer eng vun den Hapttouristenattraktiounen, d’Fräiheetsstatue zu New York, war deelweis fir de Public zou.

Nëmmen déi zentraalsten Aufgabe wei zum Beispill d’national Sécherheet dierfen net vun esou engem Shutdown betraffe sinn. Aus dem Grond lafe Militäroperatiounen am Irak, Syrien oder Afghanistan am Fall vun engem Shutdown normal weider.

Beit Parteien hunn sech, nodeems keng Eenegung getraff konnt gi schaarf kritiséiert. Den Trump sot op Twitter, dass d’Demokraten sech méi suergen em net-Amerikaner maache géifen a mam Shutdown den Amerikaner schuede géifen. Den demokratesche Senatsleader Schumer vergläicht dogéint Verhandlunge mam Trump mat engem ,,Wackelpudding“.

Schlussendlech konnte béid Parteien sech Méindes op eng provisoresch Léisung festlëen. Des garantéiert bis den 8. Februar dass d’Ausgabe vun der Regierung geséchert sinn. Bis dohinner soll een neit Budgetsgesetz ausgehandelt sinn, befier et zu engem neie Shutdown komme soll. Den Trump huet den Demokrate verséchert dass iwwert de Status vun den Dreamer verhandelt gëtt. D’Demokrate soten se géifen sech net géint verstäerke Grenzkontrolle wieren

De leschte Shutdown gouf et viru 5 Joer ënnert dem Obama senger Presidentschaft. Dësen hat ganzer 17 Deeg gedauert. De bis elo längste Shutdown war ënnert dem Bill Clinton senger Presidentschaft zustane komm. Tëschent 1995 an 1996 koum et sou zu enger Blockade vun 21 Deeg.

 

Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– E Kommentar zu de politesche Konsequenzen vum Shutdown.

http://www.tagesschau.de/kommentar/shutdown-beendet-101.html

– En Artikel zum Vote fir den Shutdown ze beenden.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/donald-trump-unterzeichnet-gesetz-zum-ende-der-haushaltssperre-in-den-usa-a-1189264.html

Franséisch:

– E Resumé zum Shutdown.

http://www.lemonde.fr/donald-trump/article/2018/01/23/ce-qu-il-faut-retenir-de-la-suspension-du-shutdown-americain_5245493_4853715.html

– En Artikel zu de Repercussiounen vum Shutdown op eenzel Beräicher vum Staat.

http://www.lefigaro.fr/conjoncture/2018/01/20/20002-20180120ARTFIG00057-le-shutdown-aux-etats-unis-paralysie-chomage-technique-et-incertitude.php

Englesch:

– E Resumé wéi et zum Shutdown koum.

https://www.nytimes.com/2018/01/19/us/politics/timeline-daca-shutdown-trump.html

– Eng Analyse vun de politesche Konsequenzen vum Shutdown.

https://www.theguardian.com/us-news/2018/jan/22/key-players-us-government-shutdown-winners-losers

 

Sourcen vun de Biller:

– Bild 1: https://i.ytimg.com/vi/iJ-nn3Eroug/maxresdefault.jpg

– Bild 2: http://s.newsweek.com/sites/www.newsweek.com/files/styles/embed-lg/public/2016/12/10/12102016government-shutdown01.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *