Wat fir eng Steier misst agefouert / ofgeschaft ginn? A firwat grad déi?

Obwuel Steieren ugangs agefouert goufen haaptsächlech fir Kricher vu Kinneken ze finanzéieren, ass haut de Sënn vu Steiere méi nuancéiert. Et gi méi Funktioune wéi d’Militär domat finanzéiert, déi zum Deel och de Steierzueler e Benefice ginn (Spidol, Police, etc.). Anerersäits ginn hautdesdaags Steieren och benotzt fir eng gewësse Gerechtegkeet am Akommes ze schafen (Steierklassen a Steiertabellen). Da gëtt et och Steieren déi de Leit eng Motivatioun solle gi fir eppes ze maachen oder ze ënnerloossen (Ëmweltsteieren). Un ënnerschiddleche Steiere feelt et also net. Dofir froe mir eis 3 Auteuren dëse Mount wéi eng Steier dann nach misst agefouert ginn, respektiv ofgeschaaft ginn.

“Mat Steiere kann de Staat d’Verhale vun de Leit, den Entreprisen an den Investisseure beaflosse – an dëst mécht d’Steierpolitik sou interessant! Nodeems zum Beispill an de Joren 2004-2006 ëmmer méi Jonker vill ze vill Alcopops – e Mix aus Alkohol a Softdrinks – gedronk hunn an doduerch an d’Klinik hu misse goen, huet de Lëtzebuerger Staat kuerzerhand eng Import-Taxe vu 600 Euro pro Hektoliter – also ronn 6 Euro de Liter – opgehuewen. Resultat: et huet bal kee Supermarché oder Café méi Alcopops verkaf, an se sinn quasi aus dem Verbrauch verschwonnen.

Wann een iwwert d’Aféieren oder d‘Oofschaafe vu Steiere schwätzt, muss een sech bewosst sinn, datt et vill ënnerschiddlech Steiere ginn, déi zesummen ee grousst Ganzt bilden, an déi enk mat der Ekonomie zesummen hänken. Et heescht also, net blannemännerches „déi Räich“ oder „d’Betriber“ ze besteieren, well dëst en Afloss op déi gesamt Ekonomie huet – an domat och op d’Aarbechtsplazen, op d’Salairen an op de Wuelstand vum Lëtzebuerger Land.

Wann ech eng Steier kéint änneren, géif ech „d’Innovatioun“ als Ganzt souwéi kleng a mëttelstänneg Entreprisë steierlech entlaaschten, fir datt d’Fuerschung an d’Entwécklung zu Lëtzebuerg méi interessant gëtt an Entrepreneuren, déi op eege Fauscht eng Iddi entwéckelen, méi schnell hir Depense fir Recherchë kenne mat Beneficer decken. Dëst wier wichteg, wann mir wëllen datt Lëtzebuerg international ka matspillen, wann et em Innovatioun an Technologie geet: Zwëscht der Silicon Valley an den USA, China, Japan a Südkorea an Ostasien, a souguer Stied wéi Haïfa an Israel a Vilnius a Litauen, déi alleguer massiv Fuerschung an der Technologie bedreiwen, musse mir zu Lëtzebuerg eisen Entrepreneuren ënnert d’Äerm gräifen.

Fir dëst ze maachen, ginn et eng Rei vu Mesuren, déi ee kéint huelen:

  • Et kéint een zum Beispill e sougenannte „Crédit d’impôt recherche“ aféieren: dëst bedeit, datt een Entrepreneur en Deel vu sengen Depense fir Recherchë direkt vun de Steiere kann ofsetzen. De Staat finanzéiert an deem Sënn souzesoen een Deel vun den Depense mat.
  • Eng aner Variant wier eng forme vu “super-déduction” vun den Depensen, déi ee fir d’Recherche oder fir d’Entwécklung vu sengen Iddien, ausgëtt. Dëst bedeit, datt wann een Entrepreneur um Enn vum Joer seng recetten an seng chargen ausrechent, en ka méi héich Chargë fir Fuerschung an Entwécklung ofrechnen, wéi en amfong ausginn huet. Dëst mécht de Benefice, op deem e Steiere bezilt, manner héich, an ass also a sengem Virdeel.

Nieft dësen zwee Beispiller ginn et nach eng Rei aner Mesuren, mat deenen ee Leit, déi sech selbstänneg wëlle maachen, ënnert d’Äerm kéint gräifen. Dëst géif den Entreprenariat zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen, kleng a mëttelstänneg Entreprisen hëllefen an domat och nei Aarbechtsplaze schafen. Duerch den erhofften Zouwuess vun der Ekonomie kéint de Staat nei Steieren ophiewen, sou datt des Mesuren am Endeffekt ee positiven Effekt op d’Ekonomie hunn, ouni de Staat ze vill ze kaschten.”

Et ginn an engem Staat relativ vill Tools fir, dass de Staat Suen era kritt. Een Tool si Steieren. Ëmmer erëm ginn et Diskussioune wei eng Steiere sënnvoll oder sënnfrei sinn. Menger Meenung no, ginn et ganz vill Steieren an eisem System déi gutt a richteg sinn, mee se misste besser regléiert ginn.

Wann ech awer eng Steier misst fuerderen, da wier et eng Drogensteier. Natierlech misst een dann nees doriwwer diskutéiere wei eng Droge legaliséiert ginn. Fir des Gedankespillerei bleiwe mir mol beim Cannabis, well dat menger Meenung no di Drog mat de reaalste Chancen ob eng Legaliséierung ass.

Wann de Cannabis legaliséiert wier, keinnt ee Steieren ob de Verkaf erhiewen. Grad wei beim Kaffi, Zigaretten an Alkohol. De Staat géif Suen era kréien an t‘ Leit géife manner kriminaliséiert ginn, wann se Cannabisprodukter konsuméieren. Konsumente géifen dann och genee wësse wei ee Produit si kafe géifen, well de Cannabis dann och an Butteker verkaaft géif ginn, an den THC regléiert wier. Beispiller wien eng liberal Drogepolitik ausgesi kéint, gëtt et ënner aneren an Holland, Portugal awer och an Deeler vun den USA. Leit huelen sou oder sou Drogen, da kann een si och besteieren.

Ofschléissend wollt ech just soen, dass Steieren déi eng Saach sin, di aner Saach ass t’Verdeelung. Di beschte Steieren hëllefen näischt, wann t’Suen net bei de Leit ukommen. Respektiv, wann di falsch Leit ze vill oder ze mann Steiere bezuele mussen. Dass Lëtzebuerg international als Steierparadäis ugesi gëtt, kennt net vun ongefeier… Mee dat ass eng Diskussioun fir eng aner Kéier.

D’Diskussioun ronderëm Steieren ass hautdesdaags net méi déi vun “Wéi vill Revenue gëtt gebraucht?”, mee éischter si Steieren ee Moyen gi fir “d’Gesellschaft méi fair ze maachen”. Dir mierkt, ech benotzen Anführungszeechen, well ech der Meenung sinn dass Steiere kengeswees d’Societéit méi fair mécht. Vu dass d’Lëscht vu Steieren déi ech ofschafe géing laang ass, mee meng Wuertzuel begrenzt, huelen ech een anschaulecht Beispill vun enger immens ongerechter Steier: D’Steier op Entreprisen.

Dat klengt fir déi meescht wahrscheinlech kontraintuitiv: Firwat ass et onfair dass Entreprisen hiren Deel bezuelen? D’Äntwert ass einfach: Well si keng bezuelen.

Wien an enger Entreprise ka Steiere bezuelen si just dräi Acteuren: Actionnairen, d’Leit déi an der Entreprise schaffen (doduerch dass se manner verdéngen) an d’Verbraucher (doduerch dass hir Präisser an d’Luucht ginn). Recherche am Beräich Steieren op Entreprisen huet gewisen dass ronn 57% vun der Betribssteier vun de Salariéeë bezuelt gëtt, de Rescht dovu gëtt op de Präis an deemno op d’Clientèle ofgewältzt. Hinzou kënnt dass déi staatlech Administratioun déi gebraucht gëtt fir déi verschiddentlech Steieren ze verwalten immens vill Geld kascht, wat och vum Contribuabel gedroe gëtt.

Fir Verbraucher mat niddregem Akommes heesche klammend Präisser dass hie méi Sue vu sengem Salaire muss fir dës Produkter a Servicer ausgi muss: D’Steier ass deemno regressiv, dat heescht si schued Leit déi wéineg verdénge méi wéi deenen déi méi verdéngen.

Déi 20-21% Steieren op Entreprisen (déi no de Gemenge quasi bis op 30% erop ginn) musse vun iergendengem bezuelt ginn. D’Bureausgebei, d’Material, de Plafong, d’Betribsgefierer, all dës Géigestänn kënne keng Steiere bezuelen.

Steieren op Betrieber klénge villäicht esou wéi wann se effikass wieren: Eng Steier déi vun deene bezuelt gëtt déi am meeschte Geld verdéngen. A Wierklechkeet awer handelt et sech hei just em eng verstoppte Steier, déi besonnesch vun deene gedroe gëtt déi schonn am mannsten hunn. D’Betriebssteier op 0% erofsetze géif deemno mat sech bréngen dass Lëtzebuerg net nëmme wirtschaftlech méi attraktiv gëtt, mee dass mir fir méi sozial Gerechtegkeet suergen.”

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *