Wéi geet et weider an Italien?

De 4. Mäerz huet Italien e neit Parlament gewielt, zënterhier gëtt gerätselt ob dat drëttgréissten Euro-Land soubal eng stabil Regierung kritt. Déi meeschtgewielte Partei, de Movimento 5 Stelle (M5S), huet schonn no bësse méi wéi enger Woch verkënnegt keng Angscht virun Neiwahlen ze hunn.

Wat mécht d’Saach sou komplizéiert? Keng Partei krut genuch Stëmme fir eleng ze regéieren, wéie regéiere wëll muss sech also eens ginn. Dobäi vertrieden d’Parteie ganz verschidde Fuerderungen, an etabléiert Parteien déi soss wuel op e gemeinsamen Nenner komm wieren hu massiv Stëmme verluer.

Sou déi aktuell Regierungspartei “Partito Democratico” (PD), déi knapps e Fënneftel vun de Stëmme krut a sot dass se an d’Oppositioun wëll, intern awer nach ëmmer doriwwer streit. Regéiere kéint se mam M5S (knapps en Drëttel vun de Stëmmen), déi eréischt 2009 gegrënnt gouf a laang Zäit net regéieren, mee protestéiere wollt: géint “d’vollgefriess Politikerkast” (sou de Parteigrënner), géint Europa och zum Deel. Experte beschreiwen se als “inclassable”, well se Iddie vu ganz riets bis ganz lénks vermëscht.

Si kéinten och mat der friemefeindlecher Lega Nord (LN) regéieren, där hire Chef schonn ausgeschloss huet mam PD ze regéiere – awer och Differenze mat M5S gesäit. Dobäi ass hie net op enger Linn mam Ex-Ministerpresident Berlusconi, deem seng Partei Forza Italia (FI) mam LN an de rietse Fratelli d’Italia als Allianz ugetratt ass (zesumme 37% vun de Stëmmen). FI ass méi oppe fir eng Kooperatioun mam PD, an och soss éischter moderat. De Chef vun der LN dergéint bezeechent den Euro als “kriminell Wärung” a warnt, dass an Italien “déi wäiss Rass a Gefor wier, eliminéiert ze ginn”. Bei sou groussen Differenzen riskéiert d’Regierungsbildung also laang ze ginn a Neiwahle si net ausgeschloss: “Onregéierbart Italien” huet d’Turiner Zeitung La Stampa schonn den Dag no de Wahle betitelt.

Quasi oniwwerbréckbar Differenze gouf et och vill am extrem aggressive Wahlkampf, dee bis zu Onwourechte gaangen ass: Sou huet de Silvio Berlusconi der PD virgeworf, 2003 en europäeschen Traité ënnerschriwwen ze hunn duerch dee méi Flüchtlingen an Italien kéime – dee Moment huet hie selwer regéiert. Insgesamt war d’Migratioun e wichtegt Thema an de Wahlen: Italien fillt sech duerch Europa am Stach gelooss bei den Dausende vu Flüchtlingen, déi an de leschte Joren iwwert d’Mëttelmier an Italien komm sinn, a vun anere Länner op der Grenz zu Italien ofgewise goufen.

A Kombinatioun mat engem Aarbechtsmarché deen all drëttem Jonke keng Aarbecht bitt, a mat Süditalie wou d’Kafkraaft méi niddreg ass wéi et a Polen an der Moyenne de Fall ass, hu souwuel Beweegunge géint déi etabléiert Parteie wéi och friemefeindlech Tendenzen e Nährbuedem fonnt. Betount riets Rhetorik ass scho méi laang Deel vum politeschen Discours: net nëmme mat toleréierte Rand-Beweegunge wéi der ”Casa Pound”, déi a Studentekreeser en oppene Mussolini-Kult bedreiwen, mee och mat Ex-Ministere mat oppe faschistesche Positiounen. Dass dowéinst Parteie wéi d’LN souvill Stëmme kréien ass awer nei, an hir duerchgoend riets Rhetorik stellt sech an de Wee zu enger Partnerschaft mat M5S, déi méi duerchmëschte Meenunge vertrëtt.

Als drëttgréisst Wirtschaft vum Euro-Raum, an deem grad iwwert grouss Reformen diskutéiert gëtt, ass den Drock fir eng stabil Regierung op d’Been ze stellen enorm – mat Parteien déi sech widdersprieche wäert déi awer wuel nach op sech waarde loossen.

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

-En Artikel aus der Zeit, dee vun der prekärer Situatioun vu ville jonken Italiener zielt: http://www.zeit.de/campus/2018-02/italien-wahl-chancen-selbstverwirklichung-populismus/komplettansicht

– En Artikel vun der Bundeszentrale für politische Bildung, wéi radikal Bewegunge sech an Italie verbreeden: www.bpb.de/politik/extremismus/rechtsextremismus/184193/italien-casa-pound-faschismus-fuer-das-3-jahrtausend

Franséisch:

-Interview mat engem Politik-Professer iwwert di italienesch Situatioun (Le Monde): http://www.lemonde.fr/europe/article/2018/03/06/italie-l-un-des-pays-les-plus-europhiles-est-devenu-euromorose-et-eurosceptique_5266204_3214.html#Wqc2w8SpYDgcAkpb.99

-Aktuell Entwécklung vun der Situatioun (RTS): https://www.rts.ch/info/monde/9382220-la-profonde-fracture-nord-sud-en-italie-soulignee-par-les-legislatives.html

Englesch:

-Léieren, déi d’New York Times aus de Wahlen zitt: https://www.nytimes.com/2018/03/05/world/europe/italy-election.html

-Iwwersiicht iwwert all d’Acteure vun de Wahlen, mat de Resultater (The Guardian): https://www.theguardian.com/world/ng-interactive/2018/mar/05/italian-elections-2018-full-results-renzi-berlusconi

 

Quelle vun de Biller:

Bild 1: www.deutschlandfunk.de/italien-nach-dem-wahlkampfabschluss-mit-geballter-faust-in.1766.de.html?dram:article_id=412114

Bild 2: http://www.rfi.fr/europe/20180301-legislatives-italie-silvio-berlusconi-lance-dernier-appel-electeurs

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *