Virun en puer Deeg gouf vill an de Medie iwwer Nord- a Südkorea geschriwwen. De Kim Jong-Un, Diktator vun der nordkoreanescher Republik, an de Moon Jae-in, President vu Südkorea, hunn sech nämlech d’Hand gereecht fir iwwer Friddensverhandlungen ze diskutéieren. Wéi soll de Friddensaccord ausgesinn, an ass eng schnell Friddensléisung iwwerhaapt realistesch? En kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Aktualitéit vu Korea…
Et war besonnesch, wéi sech déi zwee Staatscheffe leschte Freiden an der demilitariséierter Zone zu Panmunjom getraff hunn: Et ass nämlech déi éischte Kéier iwwerhaapt, dass den nordkoreaneschen Diktator südkoreanescht Land betrëtt. Offiziell befannen sech déi zwee Länner nämlech nach am Krich, well et 1953 just zu engem Waffestëllstand komm ass, mee et gouf ni en Friddensvertrag ofgeschloss. Lo gëtt zu Panmunjom, wou deemools schonn de Waffestëllstand ënnerschriwwe gouf, beschloss, dem Koreakrich endlech en Enn ze setzen.

Fir dat neit „Zäitalter vum Fridden“, wéi de Kim Jong-Un erkläert huet, anzeleeden, soll Denukléariséierung vun der koreanescher Hallefinsel Prioritéit sinn. Soumat sollen déi zwee Staaten, besonnesch Nordkorea, all hir Atomwaffen ofrëschten. An der „Panmunjom-Erklärung“ steet och, dass déi demilitariséiert Zone an eng „Friddenszone“ ëmgewandelt soll ginn a béid Staaten sollen ab dem 1. Mai keng Propagandazeitungen an-Sendunge méi weisen. Des Weidere sollen an Zukunft multilateral Gespréicher mat den USA a China geféiert ginn, fir d’Léisung vum Konflikt ze acceleréieren.
Allerdéngs gëtt bezweifelt, ob dee Friddensaccord och ëmgesat wäert ginn an ob den Kim Jong-Un seng Beméiungen fir Fridden ze schafen eescht hëlt. Beim Sommet de 4. Oktober 2007 gouf eng „Deklaratioun iwwert de Fridden op der koreanescher Hallefinsel“ ënnerschriwwen, déi ähnlech opgebaut ass wéi d’Friddensreegelung vun 2018. Ausserdeem stellt sech d’Fro, firwat Nordkorea sou vill Rakéitentester gemaach an un Atomwaffen gerëscht huet, fir op eemol Fridden ze schléissen. Verschidde Journaliste gleewen un de Fridden tëscht Nord- a Südkorea, anerer stinn der Saach ganz skeptesch géigeniwwer.
En Grond, firwat Nordkorea u Fridden interesséiert ass, hänkt mat de Sanktioune vun der UNO zesummen. Duerch hir Politik vum Protektionismus huet Nordkorea keng wirtschaftlech Connectioun mat anere Länner, an ass ganz vun den Importer vu sengem eenzegen Handelspartner China ofhängeg. Well China duerch d’UN-Sanktioune mat dem Handel vun Nordkorea benodeelegt ass, huet den Handel tëscht béide Länner staark ofgeholl an d’Ekonomie vun Nordkorea huet missen Defiziter aschreiwen. Duerch de Fridden géifen sech d’Sanktiounen vun der UNO opléisen.

Eng aner Ursaach vun der Friddensverhandlung huet mam Donald Trump ze dinn. D’United States Forces Korea (USFK) huet nämlech iwwerall a Südkorea militäresch Stëtzpunkte mat insgesamt ongeféier 30.000 Zaldoten, déi eng Menace fir Nordkorea duerstellen an déi den Kim Jong-Un lass wëll ginn. Duerch d’Friddensverhandlunge sinn dofir och Gespréicher mam Donald Trump geplangt, bei deenen d’Präsenz vun den Zaldoten a Südkorea sécher wäert eng Roll spillen.
Et bleift also ongewëss, wéi sech d’Situatioun a Korea wäert entwéckelen. Huet Nordkorea wierklech Interessi un enger Friddensléisung an wäerten si wierklech hir Atomwaffen opginn? Wéi reagéiert d’USA op dee Problem? Dëst si Froen, déi an Zukunft wäerte gekläert ginn. Affaire à suivre…
Weider Artikelen fir ze liesen:
Däitsch
Russland wëll mat um Nord-a Südkoreaneschen Friddensdësch setzen.
Wéieng Interessen hunn déi zwee verschidden Länner?
Englesch
Kritik vum Treffen zwëschend deenen zwee “Leader”
Nordkorea konfirméiert Atomwaffenprogramm oofzebauen.
https://www.politico.eu/article/north-korea-denuclearize-peace-treaty/
Franséich
Point de vue vun Koreaner
Iwwert den Meeting vum Donald Trump an dem Kim Jong Un.
http://fr.euronews.com/2018/04/28/le-sommet-entre-donald-trump-et-kim-jong-un-se-precise
Sourcen vun de Biller
