200 Joer Karl Marx

De leschte Freiden huet de Karl Marx seng 200 Joer geféiert. Zu Tréier gouf zu sengen Éieren eng ca. 6 Meter héich Statue als Kaddo vu China agewéiht. Dem Karl Marx säi bekanntste Wierk ass wuel „Das Kapital“, wou hien seng Kritik iwwert de Kapitalismus niddergeschriwwen huet. Engersäits huet hie vill Kritiker an anerersäits Supporter, mee wat  bedeit dem Karl Marx seng Theorie iwwerhaapt? Eng staark miniméiert Erklärung dës Woch an eisem Artikel.

De Karl Marx senger Theorie no, ass de „einfachen Aarbechter“ (Proletarier) gezwongen, seng Aarbechtskraaft als Wuer ze verkafen. Well de Proletarier näischt vu Besëtz huet, muss hien schaffe goen, domat kann hien seng Existenz opriicht erhalen. Wann den Aarbechter eppes produzéiert, entsteet ee Produit mat engem Wäert an do profitéiert de Kapitalist. An dem Verhältnis besteet eng Ongläichheet, well den Aarbechter vum Kapitalist ofhängeg ass an de Kapitalist déi néideg Mëttelen huet, ëmmer méi Besëtz ze generéieren. Déi Mëttele kënne Suen (Kapital) oder och Matière Première sinn.  Am extreemste Fall ginn et ëmmer manner Kapitalisten déi ëmmer méi besëtzen an d’Proletariat gëtt ëmmer méi grouss a d’Liewensverhältnisser verschlechteren sech. Deemno ass de Karl Marx dovun ausgaangen, dat de Kapitalismus duerch déi kapitalistesch Produktiounsweis entsteet. Dat heescht, dat d’Produktioun vun de materielle Produiten an och d’Aarbechtskraaft den Haaptfaktor sinn, wéi sech d’Gesellschaft formt an weiderentwéckelt. Dëse Kreeslaf vum Kapital duerch d’Produktioun an dem Profit, suergen dofir, dat de Kapitalist méi Sue kritt an den Aarbechter méi ofhängeg gëtt.

D’Theorie erkläert, dat d’Mënschen zu kenger sozialer Klass gehéiert huet bis de Kapitalismus private Besëtz geschaaf huet. Virdrun huet de Besëtz dem Kollektiv gehéiert. Duerch den uewe geschriwwene Prozess  vum Kapitalismus ass et zu enger Hierarchie vun de Proletarier an de Kapitaliste komm. Dat heescht am Kapitalismus sinn zwou sozial Klassen entstanen, d’Proletariat an d’Kapitalisten.

 Wéi d’Aarbechter sech bewosst goufen, dat si zum Proletariat gehéiere géifen, sollen si sech dorëms këmmeren déi Klassegesellschaft opzeléisen. De Marx huet do vum Klassekampf geschwat an do soll et dann zur Revolutioun vun den Aarbechter kommen. D’Zil vun der Revolutioun soll d’Ofschafung vum privat Besëtz sinn an déi ganz Industrie mat de ganze Produktiounsweeër soll der Gesellschaft gehéieren. Esou soll zum Schluss eng Besëtzergemeinschaft entstoe mat enger Gesellschaft ouni Klassenënnerscheeder.

Mee dem Karl Marx seng Theorie huet och de Wee a verschidden Diktature gelénkt. De Mao Zedong wollt duerch Terror, Gewalt an ouni ee Rechtsstaat seng Ideologie verbreeden. Haut ass China och nach ee problematescht Land ouni Pressefräiheet a Gewaltentrennung, dowéinst sinn zu Tréier dogéint gewiescht, dat China hinnen déi Statue vum Marx geschenkt huet. Kuba huet viru kuerzem de leschte Castro un der Staatsspëtzt ofgesat. De Fidel Castro huet Kuba zu enger Diktatur ëmgebaut.  De Stalin wollt Russland duerch Gewalt a Terror de Stalinismus  duerchsetzen. Déi bekanntste kommunistesch Diktatur ass am Moment Nordkorea mam Kim Jong Un. Déi Beispiller weisen, dat dem Karl Marx seng Theorie duerch verschidden Interpretatiounen

Och haut ass dem Karl Marx seng Theorie nach aktuell, wëll hien vun enger Masseproduktioun geschwat huet, déi eise Planéit iwwerlaascht oder d’Industrie 4.0 kann och a verschiddene Perspektive mat senger Theorie erkläert ginn.

 

Weider Artikelen fir ze liesen:

 

Däitsch:

Een Artikel iwwert Marxismus an Afrika

http://www.dw.com/de/200-jahre-marx-spurensuche-in-afrika/a-43474514 

Eng Iwwersiicht vum Marx an Engels

https://www.zdf.de/nachrichten/heute/revolutionaere-produktivkraft-wird-200-100.html

Englesch:

Kritik um Marxismus

https://www.politico.eu/article/karl-marx-kapital-crimes-trier-controversy/

Eng Analyse iwwert dem Marx seng Theorie

https://www.independent.co.uk/news/long_reads/karl-marx-anniversary-a8334241.html

Franséisch:

Eng Synthèse vum Marx iwwert d’21. Jorhonnert

https://www.capital.fr/economie-politique/peut-on-recycler-marx-au-xxie-siecle-les-economistes-sinterrogent-1286376

Aktualitéit vum Karl Marx

http://www.lepoint.fr/histoire/marx-un-philosophe-actuel-02-05-2018-2215199_1615.php

Source vun den Biller:

Bild1:http://www.spiegel.de/fotostrecke/karl-marx-statue-enthuellt-fotostrecke-160544.html

Bild2:https://www.n-tv.de/politik/Drei-Staerken-und-ein-Irrtum-article20033538.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *