Austrëtt vum Trump aus dem Atom-Ofkommen mam Iran

Em wat handelt et sech bei dësem Ofkommes? Ween ass involvéiert a wat huet dësen Austrëtt fir méiglech Konsequenzen?

Virum Accord war den Iran bekannt fir säi kontroversen Atomprogramm dee permanent vu westlecher Säit aus hefteg kritiséiert gouf an och deementspriechend reegelméisseg mat Sanktioune beäntwert gouf.

No 13 Joer laange Verhandlungen hunn dunn 2015 den Iran, déi 5 UN-Vetomuechten (Frankräich, Russland, China, Groussbritannien, USA), Däitschland an d’Europäesch Unioun schlussendlech een Ofkommes decidéiert. Am Kader dovu sollt den Iran op quasi all Méiglechkeet fir Atomwaffen ze baue verzichten a keen Uran méi ureegen.

Des Weidere sollt den Iran a ville Punkte wat Uran, Plutonium an allgemeng méiglech Atomwaffen uginn ageschränkt ginn. Deemno gi si reegelméisseg vun der internationaler Atomenergieorganisatioun kontrolléiert a mussen an den éischten 10 Joer bis zu zwee-Drëttel vun hiren Urankapassitéiten ob Äis leen. Uran dierft just nach ob 3,67 Prozent ugereegt ginn, wärend ee fir fir eng Atombomm  méi wéi 90 Prozent brauch. 

95 Prozent vum ugereegtem Uran-Material sollte vernicht oder aus dem Land bruecht ginn.

Dëst Ofkommes sollt sech deementspriechend och ob hire Rakéiteprogramm bezéien. Nom Ënnerschreiwen huet den Iran sech verflicht  mindestens 8 Joer laang naicht méi an d’Land ze importéiere wat ausschliisslech hirem Atomprogramm vu Notze wier. 

Wann sech den Iran un dëst Ofkommes hält verzichten déi westlech Staaten ob weider Sanktiounen an hiewen se bal komplett op. Dobäi sollt awer gewosst sinn dass déi zu all Moment erëm kennen a Kraaft triede wann den Iran sech net un d’Reegelen hält.

Nodeems dësen Accord wärend bal 3 Joer ouni gréisser Problemer verlaf ass, huet den Donald Trump den 8te Mee ugekënnegt  dass Amerika aus dem Deal mam Iran austrëtt a wirtschaftlech Sanktioune vun hirer Säit aus erëm a Kraaft trieden.

An senger Riet huet den amerikanesche President verkënnegt dass dësen Deal mam Iran eng “Fiktioun” war a bezeechent den iranesche President Hassan Rohani als Ligener.

Dobäi bezitt hien sech dorop dass den Iran senger Meenung no sech ni wierklech un den Accord gehalen huet an hire Rakéiteprogramm trotzdeem weider gefouert huet. Den Trump réit den internationale Konzerner déi mam Iran zesumme schaffen sech zeréck ze zéien an hir wirtschaftlech Geschäfter mat Teheran anzestellen.

De Rohani selwer huet séier ob dem Trump seng Verkënnegung reagéiert. Hien huet verséchert dass den Iran bereet ass weider mat deenen anere Länner ze verhandele mee hien huet och däitlech gemaach dass et méiglech wier hiren Atomprogramm erëm ze lancéiere wann et haart op haart sollt kommen.

Dësen Austrëtt kéint fatal Konsequenze mat sech zéien. Déi gréisste Suerge fir den Abléck sinn dass den Iran selwer dësen Austrëtt als Broch vun hirem Kontrakt mat all de westleche Länner kéint ugesinn, sech net méi un d’Ofkommes gebonne fillt an säin Atomprogramm erëm lancéiert.

Bis elo halen déi aner Länner um Deal mam Iran fest, sou och den Iran selwer. Ob dat an den nächste Joren esou bleiwe wäert, ass allerdéngs net gewosst.

Artikelen fir weider ze liesen:
Reaktiounen aus Däitschland:

https://www.zeit.de/politik/deutschland/2018-05/donald-trump-ausstieg-atomabkommen-iran-kritik-angela-merkel 

Reaktiounen vun der EU:

http://www.europarl.europa.eu/news/en/headlines/world/20161021STO48027/iran-nuclear-deal-a-huge-prize-for-peace-and-stability-in-a-troubled-region

Reaktiounen aus Frankräich:

https://www.ouest-france.fr/politique/accord-nucleaire-iranien-les-premieres-reactions-francaises-5747737

Artikel op Däitsch:

https://www.zeit.de/politik/ausland/2018-05/iran-donald-trump-kuendigt-ausstieg-aus-atomabkommen-an

Artikel op Englesch:

https://www.theguardian.com/world/live/2018/may/08/iran-nuclear-deal-donald-trump-latest-live-updates

Artikel op Franséisch:

http://www.lefigaro.fr/international/2018/05/08/01003-20180508ARTFIG00199-iran-trump-dechire-l-accord-sur-le-nucleaire.php 

Video zum Austrëtt:

https://www.dailymotion.com/video/x6jbtvn

Sourcen vun de Biller:

http://www.spiegel.de/politik/ausland/bild-1043598-872547.html

 

 

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *