EU Dateschutz-Reglement

Wat ass dat nei EU Dateschutz-Reglement, firwat ass et gutt a wat fir Auswierkungen huet et op eis?

De 25. Mee ass offiziell dat neit Dateschutz-Reglement, am allgemenge bekannt als GDPR (wat fir General Data Protection Regulation steet), a Kraaft getrueden an huet domatten europawäit gesetzlech bestëmmt, wéi grouss Firmen, de Staat, mä awer och Veräiner a souguer vereenzelt Blogger zum Beispill, dierfe mat perséinlechen Daten ëmgoen. Deemno gëllt et fir jiddereen, dee perséinlech Date veraarbecht. Ausgeholl sinn dobäi awer natierlech d´Daten, déi gebraucht gi vun der Police, fir d´Opdeckung vu Strofdoten, fir déi et allerdéngs awer och en neit Reglement gëtt.

Ënnert perséinleche Daten versteet een Daten, déi direkt oder och indirekt kennen op en identifizéierbare Mënsch bezu ginn. Deemno falen Nimm ëmmer dodrenner, dobäi komme Mierkmoler wéi Geschlecht, Hautfaarf, Kleedergréisst an esou weider. Et gëllt awer och fir Nummereschëlter vun Autoen an IP-Adressen. Veraarbecht ginn déi Daten ëmmer dann, wa se erhuewe ginn, gespäichert, benotzt, geuerdent oder och geläscht ginn.

Déi déi sech net drun halen, ginn – wéi dat ass wann ee géint e Gesetz verstéisst – bestrooft. D´Autoritéiten hunn do eng Auswiel u Moossnamen, déi vun Verwarnunge bis zu zolitte Geldstrofe kenne geholl ginn. Déi Strofe si mam neie Reglement méi héich ginn. Eng extra Reegel gëllt fir méi grouss Entreprisen, deenen eng Geldstrof vu bis zu 4% vun hirem weltwäiten Ëmsaz kéint bléien.

Säiten um Internet mussen deemno ab elo jiddereen, deen drop geet, drop opmierksam maachen, wéi eng perséinlech Date fir wat erhuewe ginn a wéi laang se gespäichert bleiwen.

D´Reglement ersetzt deemno d´Richtlinn, déi 1995, dat heescht nach aus dem Ufank vum Zäitalter vum Internet, a Kraaft getruede war. D´Richtlinn vun 1995, wéi d´Wuert et scho seet, war vill méi labber wéi dat wat de 25. Mee a Kraaft getrueden ass, deemno konnt all Staat relativ fräi decidéieren, wéi e wollt an deem Feld mat den Date vu senge Bierger ëmgoen. Zwar hu Staaten nach e gewëssene Spillraum, mä deen ass awer begrenzt.

D´Reglement ass dofir gutt, dass den Eenzelen e Recht op Privatsphär huet, wat esou vill heescht, dass wann een eng Säit benotzt, een elo d´Recht huet, besser informéiert ze ginn, ee sech kann dogéint wieren, dass verschidde perséinlech Daten veraarbecht ginn. Et huet een och e Recht drop „vergiess“ ze ginn, wat esou vill heescht dass ee ka verlaangen, dass perséinlech Date geläscht ginn, wann d´Späicheren net méi néideg ass oder och wa se veraarbecht gouf, ouni dass de Notzer domatten d´Accord war. Wat och nei ass, ass dass ee ka vun engem Site verlaangen, dass ee seng perséinlech Daten geschéckt kritt, an enger Form déi strukturéiert ass, fir se kennen un en anere Site weiderzeginn. Bei enger Datepann oder engem Hack, muss den Ubidder ab elo och dem Notzer eng Erklärung ginn.

An eisem Alldag wäert dat neit Dateschutz-Reglement elo net esou vill veränneren, zemools well déi meescht Entreprise sech bannent deene leschte Méint schonn intensiv drop preparéiert hunn a sech mat aneren Entreprisen, déi an hirem Feld schaffen, ofgeschwat hunn an domat sécher gestallt hunn, dass d´Reegelung iwwerall d´selwecht interpretéiert gëtt.

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

– Erklärung vum Dateschutz-Reglement:

http://www.spiegel.de/netzwelt/web/dsgvo-das-sollten-sie-zur-datenschutz-grundverordnung-der-eu-wissen-a-1205985.html#sponfakt=1

– D’Recht fir “vergiess ze ginn”

https://www.zeit.de/video/2018-05/5789592652001/datenschutz-das-recht-auf-vergessenwerden

Franséisch:

– D´Recht drop, informéiert ze ginn, wat e Site mat de perséinlechen Donnée mécht

https://www.lemonde.fr/actualite-medias/article/2018/05/25/le-monde-met-a-jour-sa-politique-de-confidentialite-et-de-gestion-des-donnees-de-ses-utilisateurs_5304171_3236.html?xtmc=protection_des_donnees&xtcr=4

– Wat ersetzt dat neit Reglement:

http://www.techno-science.net/?onglet=news&news=17404

Englesch:

– Meenungsartikel iwwert d’Dateschutz-Reglement

https://www.ft.com/content/624f813e-5f5e-11e8-9334-2218e7146b04

– Wat ass d´Dateschutz-Reglement a wie betrefft et? https://www.theguardian.com/technology/2018/may/21/what-is-gdpr-and-how-will-it-affect-you

 

Source vun de Biller:

– Bild 1: https://www.mushroominternet.com/gdpr/

– Bild 2: https://nbg.co.uk/wp-content/uploads/2017/10/GDPR-2.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *