Parlamentswahlen an Italien

Wat ass an Italien geschitt, wien huet Wahle gewonnen a wat kéint sech veränneren?

Den 28ten Dezember 2017 huet den italienesche Staatspresident Sergio Mattarella per Dekret d’Chamber an de Senat opgeléist fir domadder nei Wahle ze lancéieren, déi doropshin de 4te Mäerz ofgehale goufen. Gewielt gouf e neit Parlament an e groussen Deel vum Senat. 

Virun de Wahle gouf Italien vun enger Mëtt-Lenks-Koalitioun regéiert, mat der Demokratescher Partei (Partito Democratico) un der Spëtzt déi mam Matteo Renzi an dem Paolo Gentiloni déi zwee wichtegst Memberen vun der Regierung gestallt hunn. D’Demokratesch Partei war bei de leschte Wahlen am Joer 2013 an d’Regierung komm, obwuel d’5 Stäre Beweegung ( Movimento 5 Stelle) d’Partei mat de meeschte Stëmmen war an sech domat knapp géint déi Demokratesch Partei duerchgesat hat.

Dëst Joer huet déi Demokratesch Partei iwwer 6% par Rapport zu de leschte Wahlen verluer, während MS5 7% an och d’Partei “Lega Nord” iwwert 13% gewonnen hunn. MS5 kennt schlussendlech ob 32,2%, d’Demokratesch Partei ob 18,9% an d’Lega Nord ob 17,7%.Dem Silvio Berlusconi seng Partei, Forza Italia, gouf 4ten mat 14% vun de Stemmen. Insgesamt kennt hie mat sengem Mëtt-Riets Bündnis awer ob 37%, dobäi sinn 17,7% fir Lega Nord an de Recht fir weider méi kleng Parteien.

Domadder hunn zwou populistesch Parteien iwwert 20% par Rapport zu de leschte Parlamentswahle gewonnen. MS5, eng Partei déi vum Komiker Beppe Grillo gegrënnt gouf, ass bekannt fir populistesch an euroskeptesch ze sinn. An d’Lega Nord gëtt sech als eng riets-populistesch Partei déi fir de Regionalismus a Nationalismus steet. 

Mat dësem Wahlresultat gëtt et wéineg Optiounen fir eng Regierung ze bilden tëscht Parteien déi schon eemol zesumme geschafft hunn. Vu dass d’Lega Nord déi gréisste Partei am Mëtt-Riets Bündnis ginn ass, hu si Verhandlungen mat MS5 ugefangen fir eng gemeinsam Regierung ze forméieren. Gespréicher tëschent deenen zwou Parteie lafen an hire Programm ass leschte Freide virgestallt ginn. No laangem Hin an Hier no de Wahlen sinn d’Verhandlungen tëschent dem Luigi Di Maio, Parteichef vun der 5 Stäre Beweegung an dem Matteo Salvini, Chef vun der Lega Nord, relativ séier op een Enn komm.

Dem Programm no soll eng nei Pensiouns-Reform entstoen, illegal Migrante bekämpft ginn an d’Regioune solle méi Kompetenzen zougesprach kréien. Doriwwer eraus soll och all Bierger en Minimumakommes garantéiert kréien. E Gesetz géint Steierhannerzéiung sollt mat der neier Regierung verschäerft ginn an deementspriechend méi haart bestrooft ginn. Aussepolitesch sinn sech déi zwou Parteien op eng radikal Ännerung eens. Sanktioune géint Russland sollen domadder opgeléist ginn. Och wann béid Parteie bekannt sinn fir hir euroskeptesch Attitüdeninsistéiert den aktuelle Premier Paolo Gentiloni awer drop dass Italien net wëlles hätt aus der EU auszetrieden. Och de Luigi de Maio, vun der MS5, erkläert dass och wann Italien mat der EU nei verhandele misst, een Austrëtt fir den Abléck awer net virgesinn ass. Virun allem den italienesche President Mattarella ass géint en EU-Austrëtt. Hien well keng nei Regierung ernennen déi sou een Austrëtt an hirem Programm virgesäit.

Dës Wahle sinn een neit Zeeche fir den aktuelle Succès vu populistesche Parteien a villen Deeler vun Europa. Ob déi grouss Verspriechen am Programm, déi immens vill Suen kaschte wäerten, mat der aktueller Finanzsituatioun vun Italien ze vereinbaren sinn bleift ofzewarden.

 

Artikelen fir weider ze liesen:

 

Artikel ob Däitsch:

http://www.spiegel.de/politik/ausland/italien-wahl-silvio-berlusconi-verpasst-erfolg-fuenf-sterne-triumphieren-a-1196446.html

 

Artikel ob Franséisch:

http://www.lefigaro.fr/vox/monde/2018/04/19/31002-20180419ARTFIG00246-italie-une-election-pour-rien.php

 

Sourcë vun de Biller:

Bild1 : http://www.ilpopulista.it/news/10-Maggio-2018/26004/governo-di-maio-salvini-verso-la-quadra-significativi-passi-avanti.html

Bild2: https://kurier.at/politik/ausland/italien-wahl-roemischer-huerdenlauf-fuer-wahlsieger/312.859.905

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *