Virun zwee Joer gouf ee Projet de Loi am Zesummenhang fir ee besseren Déiereschutz vum Landwirtschaftsministère virgestallt. Dës Woch ass dann dat neit Déiereschutzgesetz an der Chamber eestëmmeg gestëmmt ginn. Mee wat heescht dat néit Gesetz fir Déieren a fir d’Besëtzer? Dat gitt dir dës Woch vun eisem Artikel gewuer.
Dat néit Déiereschutzgesetz soll dat alt Gesetz vun 1983 ersetzen. D’Ëffentlechkeet huet an de leschte Joren sech ëmmer méi fir ee bessere Schutz fir Déieren a méi héich Strofen agesat. 2014 goufen am Parlament zwou Petitiounen an enger Sëtzung diskutéiert, déi Erfolleg hate mat iwwer 4500 Ënnerschrëften.
Mat der Aféierung , dat Déieren eng Dignitéit hunn, bréngt dat eng ganz néi Perspektiv an den Déiereschutz. Wirbeldéieren a „Kopffüßler“ si Liewewiesen, déi Péng spieren an dogéint protegéiert musse ginn. Zudeem ass am néie Gesetz verankert, dat Déierebesëtzer hier Déieren aartgerecht hale mussen, dorënner fält d’Fudder, genuch Waasser an och den néidegen Auslaf. Wann Déier krank oder blesséiert ass, da muss een Déier och fleegen an zudeem ass et och verbueden engem Déier Péng, Angscht oder brutal ëmzebréngen. Am Schluechthaus mussen Déieren ageschléifert ginn éier se geschluecht ginn. Den Déiere muss een elo och an Nout obligatoresch hëllefen, esou wéi bei engem Mënsch.

Déiere bleiwen am Zirkus erlaabt, mee si musse bei den zoustännegen Administratioune gemellt ginn, dat gëllt och fir Déierenausstellungen. Eng Erlaabnis brauch een och, wann een Déieren oder Ziichtunge verkeeft, ausser bei der Landwirtschaft oder Déierenmarchéën. Déieren dierfen och net verloust oder als Gewënn deklaréiert ginn. Et ass elo och gesetzlech verbueden, säin Déier auszesetzen, ze dopen a sexuell ze mëssbrauchen. De „Foie gras à la luxembourgeoise“ dierf elo och net méi produzéiert ginn.
Obwuel dat néit Déiereschutzgesetz unanime gestëmmt gouf, gëtt et och Kritik. Zum Beispill bei Déiereversich wier et gutt gewiescht, alternative fir Déiereversich ze fannen. Hien schwätzt och vun engem Ethikrot, deen analyséiere soll d’Versich op ee Minimum ze reduzéieren. De gréngen Deputéierte Gérard Anzia hätt sech och ee méi strikte Schutz beim Déierentransport gewënscht, fir d’Weeër kuerz ze maachen als Beispill ee mobilt Schluechthaus. Ënnert deem Punkt huet de Roy Reding (ADR) sech fir Hausschluechtungen ausgesprach, esou kann de Stress fir Déiere reduzéiert ginn, well ee laangen Transport evitéiert ka ginn. Den Aly Kaes (CSV) wëll am Land ee Schluechthaus fir Gefligel, do géifen dann d’Hénger an och d’Bauere profitéieren.

Sanktioune si mam néie Gesetz méi streng, 200.000 Euro Strof oder 3 Joer Prison. Och eenzel Strofdote si méi präzis festgehalen an erliichtert esou d’Festsetzung vun de Sanktiounen. Ee Veterinärsinspekter huet mam néie Gesetz d’Méiglechkeet bei „kléngen“ Verstéiss ee Protokoll auszedeelen, esou kann ee séieren Oflaf garantéiert ginn. Bei administrative Strofe kann a Zukunft engem Betrib direkt seng Autorisatioun entzu ginn.
Mam néien Déiereschutzgesetz setzt sech Lëtzebuerg méi fir Déieren am Land an. Op internationalem Niveau rangéiert Lëtzebuerg mat der Schwäiz ganz uewen am Déiereschutz. Kitty Block, Vice-Presidentin vun Humane Society International, eng international NGO fir de Schutz fir Déiere mat ca. 12 Mio. Ënnerstëtzer, lueft Lëtzebuerg fir d‘Gesetz.
Weider Artikelen fir ze liesen:
Däitsch
Déierentransport
http://www.tt.com/wirtschaft/markt/14416536-91/tiertransporte-viel-leid-und-viele-lkw.csp
Keng Déieren schenken fir Chrëschtdag
http://www.wz.de/lokales/nrw/tierheime-in-nrw-geben-ueber-weihnachten-keine-tiere-ab-1.2582102
Englesch
Déiereschutz an den USA
http://www.politics.co.uk/reference/animal-welfare
Franséisch
Débat iwwert den Déiereschutz
Verbuet vu Foie Gras zu Kalifornien
Source vun de Biller
Bild 1: https://www.ngojobs.at/tierschutz-im-alltag-so-kann-jeder-mithelfen/
Bild 2: http://www.taz.de/!5203663/
