Wéinst Nationalfeierdag schreiwe mir den Artikel vun dëser Woch iwwer Lëtzebuerg. Dofir presentéiere mir a 500 Wierder d’Geschicht vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag an Debatt iwwert d’Roll vun der lëtzebuergescher Sprooch an eiser Gesellschaft.
An der Geschicht huet de lëtzebuergeschen Nationalfeierdag ëmmer geännert. Traditionell gouf nämlech de Gebuertsdag vum jeeweilege Grand-Duc als nationale Feierdag zu Lëtzebuerg bestëmmt a gefeiert. Sou ass de lëtzebuergeschen Nationalfeierdag ënnert der Grand-Duchesse Charlotte iwwer 50 Joer op den 23. Januar gefall. Well et awer onangenehm war, den Nationalfeierdag am Wanter ze feieren, gouf 1961 beschloss, den nationale Feierdag op den 23. Juni ze leeën. Den Dag war also den nämmlechten, et gouf just en méi waarmen Mount gewielt. Déi Decisioun gouf dann och ënnert den nofollege Grand-Duc’en Jean an Henri bäibehalen. Wann mir also Nationalfeierdag no der aler Traditioun festleeë géifen, misste mir Nationalfeierdag haut de 16. Abrëll feieren.

Den Nationalfeierdag kann als Identitéit vum Lëtzebuerger Land ugesi ginn, genau esou wéi déi lëtzebuergescher Sprooch. Laut enger Etüde vum Statec am Juni 2018 iwwert déi lëtzebuergesch Sprooch schwätzen 73% vun de Befroten am alldeegleche Gebrauch Lëtzebuergesch, bei de Jonken tëscht 16-24 Joer sinn et souguer 94%. Dëst wier erstaunlech, well 40% vum Echantillon net déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn. De Statec zitt dowéinst d’Conclusioun, dass Lëtzebuergesch eng wichteg Roll an der Kommunikatioun (souwuel am private wéi am beruffleche Beräich), wéi och an der Integratioun an enger multikultureller Gesellschaft spillt. D’Tatsaach, dass 73% vun de befrote Leit méi wéi dräi Sprooche kënne schwätzen, gëtt vun der Etüden ebenfalls als Stäerkt vun de Lëtzebuerger ugesinn.
Allerdéngs ass ëmmer erëm d’Diskussioun opkomm, dass Lëtzebuergesch a Gefor wier an ëmmer manner geschwat gëtt. De Fred Keup vum Wee2050 huet an engem Face-à-Face mam Martine Hansen vum 20. Juni 2018 d’Genauegkeet vum Statec senger Etüde bezweifelt, well „Sondage ni d’Realitéit sinn“ a berout sech op der Statistik (déi „100% richteg ass“), dass an de Primärschoulen an der Stad nëmmen nach 20% vun de Kanner Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn. Dofir wier déi lëtzebuergesch Sprooch a Gefor. Et gëtt effektiv en „UNESCO Atlas of the World’s Languages in Danger“, an dem Lëtzebuergesch als „vulnerabel“ agestuuft gëtt (Um Site muss ee bei der Recherche de lëtzebuergeschen ISO-Code „ltz“ aginn). Et muss een awer erwänen, dass de leschte Rapport vun 2010 ass an d’Critèrë vun enger Sprooch, déi „a Gefor“ soll sinn, schwéier ze definéiere sinn. Aus dem Grond fuerdere vill Leit, dass déi lëtzebuergesch Sprooch eng méi wichteg Roll an eiser Gesellschaft soll spillen.

De Comité vun der lëtzebuergescher Sprooch huet Enn 2017 festgestallt, dass Demande fir Lëtzebuergesch ze léieren, geklomme sinn. Dofir plangt d’Regierung, Mesure ze huele fir de Gebrauch vun der lëtzebuergescher Sprooch ze renforcéieren. Sou soll e Kommissär ernannt ginn, deen seng mat dëser Aufgab beschäftegt. Ausserdeem soll déi lëtzebuergesch Sprooch an déi lëtzebuergesch Konstitutioun ageschriwwe ginn, an als offiziell Sprooch vun der europäescher Unioun unerkannt ginn.
Ob déi lëtzebuergesch Sprooch e Gefor ass oder net, léisst sech nëmme subjektiv beuerteelen an ass objektiv ganz schwéier festzestellen. Eppes ass awer sécher: All d’Bierger vu Lëtzebuerg hunn um Nationalfeierdag zesumme gefeiert, gelaacht a gedanzt.
Sourcë vun de Biller:
Bild1:https://triptotheplanet.de/luxemburg-die-top-5-sehenswuerdigkeiten-an-einem-tag/
Bild2:http://www.tageblatt.lu/nachrichten/europafest-teil-2-18114001/
