Share Tweet Email Wéinst Nationalfeierdag schreiwe mir den Artikel vun dëser Woch iwwer Lëtzebuerg. Dofir presentéiere mir a 500 Wierder d’Geschicht vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag an Debatt iwwert d’Roll vun der lëtzebuergescher Sprooch an eiser Gesellschaft. An der Geschicht huet de lëtzebuergeschen Nationalfeierdag ëmmer geännert. Traditionell gouf nämlech de Gebuertsdag vum jeeweilege Grand-Duc als nationale Feierdag zu Lëtzebuerg bestëmmt a gefeiert. Sou ass de lëtzebuergeschen Nationalfeierdag ënnert der Grand-Duchesse Charlotte iwwer 50 Joer op den 23. Januar gefall. Well et awer onangenehm war, den Nationalfeierdag am Wanter ze feieren, gouf 1961 beschloss, den nationale Feierdag op den 23. Juni ze leeën. Den Dag war also den nämmlechten, et gouf just en méi waarmen Mount gewielt. … Continue reading Lëtzebuerger Identitéit Weiderliesen
Copy and paste this URL into your WordPress site to embed
Copy and paste this code into your site to embed