Bei engem Treffen um Freiden tëschent dem franséische President Macron an dem néien italienesche Ministerpresident Conte goung et ee mol méi em d’Opnam an d Verdeelung vu Geflüchteten an der Europäescher Unioun. An enger zesumme verfaasster Erklärung hu sech béid Länner dann och verstäerkt fir eng europäesch Léisung ausgesprach. Dobäi koum dann och d’Iddi vun sou genannte Migratiounszentren ausserhalb vun der EU op. Eng Iddi déi net ganz néi ass. Mee wou wier de konkreten Notze vun dësen Zentren a wat géif dat fir Länner wei Italien a Griicheland beispillsweis änneren ?

De rezente Sträit iwwert ee Flüchtlingsboot wat am Mëttelmier iwwer 600 Flüchtlinge gerett huet, weist op en Neits dat d’Flüchtlingsproblematik an der EU nach laang net geléist ass. D Schëff Aquarius krut nämlech vun der maltesescher an der italienescher Regierung verbueden an deene respektiver Länner un Land ze goen. Dat huet vill Kritik ausgeléist, virun allem vu franséischer Säit. Schlussendlech konnt d’Boot bei Valencia a Spuenien seng Anker setzen.
Fir Politiker déi sech fir eng gesamteuropäesch Léisung an der Migratiounspolitik ausschwätzen ass dëst ee mol méi ee Beispill wat déi aktuell Schwächt vun der europäescher Asylpolitik opweist. Well no dem sougenannten Dubliner Ofkommes musse Migranten déi Asyl an der EU sichen, eng Demande an dem Land maachen, wou se vir d’éischt agereest sinn. An der Praxis ass dat ganz oft Griicheland oder Italien opgrond vun der geographescher Laach vu béide Länner um Mëttelmier.
Sou betount den EU Vize-Kommissiounspräsident Frans Timmermans dass Griicheland an Italien ze laang mat dem Problem eleng gelooss guffen. Soulaang d Memberstaaten net agesi géifen dass et sech em ee kollektive Problem handelt, géif d’EU an der Flüchtlingsfro scheiteren. Donieft hunn sech de Macron an de Conte bei hirem Treffen fir déifgräifent Reforme vun der europäescher Asylpolitik an dem Dublin Ofkommes ausgeschwat.

Well déi geplangte Verdeelungsquoten zur Opnam vu Flüchtlingen um Widderstand vu beispillsweis Länner wei Polen an Ungarn gescheitert sinn, koum elo erëm d’Iddi vu sougenannte Migratiounszentrem ausserhalb vun der EU op. Mee woubäi handelt et sech do genau ?
Konkret soll duerch esou Zentre probéiert ginn, dass Leit hier Asylufro direkt an engem nordafrikaneschem Land maache kennen, ouni mussen iwwert d’Mier ze fueren. Doduerch sollen virun allem och déi Persounen, déi wéineg bis guer keng Chancen op Asyl an Europa hunn dovunner ofgehalene ginn den oft geféierlechen an deiere Wee fir bis an Europa op sech ze huelen. Sou ähnlech Strukture ginn et fir de Moment schonn zum Beispill an Tunesien a Libyen. Donieft géifen d’Leit iwwert méiglech Alternativen an de respektive Länner opgekläert ginn, fir kennen Aarbecht an Hëllef op der Platz ze fannen.
An dësem Kontext ass et dann och interessant, dass ab dem 1. Juli Éisträich d’Presidentschaft vum EU Rot iwwerhëlt. Den Éisträichesche Premier Sebastian Kurz setzt bekanntlech a Saache Flüchtlingspolitik op verstäerkt EU Baussegrenzen. Konkret heescht dat ze verhënneren, dass Leit onkontrolléiert an d’Europäesch Unioun areesen – eng Usicht déi vun der neier italienescher Regierung gedeelt gëtt. Et kann een also dovunner ausgoen, dass Éisträich déi 6 Méint un der Spëtzt vum EU-Rot notze well fir eng Léisung an der Flüchtlingspolitik ze fannen. Well eréischt wann een ”d’EU Grenzen no baussen effektiv geschützt huet kann een se innerhalb vun der EU erëm ofbauen” sou de Sebastian Kurz.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
– https://www.zeit.de/politik/ausland/2018-06/oesterreich-sebastian-kurz-eu-grenzschutz-angela-merkel
– https://www.tagesschau.de/ausland/macron-conte-103.html
