E neien tierkesche President mat neie Rechter

De leschte Sonnden ass de Recep Tayyip Erdogan fir d’zweete Kéier zum tierkesche President gewielt ginn. Et war awer méi wéi eng normal Wahl, well de selwechte Moment eng nei Verfassung a Kraaft getrueden ass. Wou fréier virun allem eng vum Parlament kontrolléiert Regierung d’Soen hat, ass d’Muecht mat dëser Reform ganz staark am President – elo dem Erdogan – sengen Hänn konzentréiert ginn.

Dat ass nei: säit an de 1920er dat uraalt osmanescht Räich duerch d’tierkesch Republik ersat gouf, gouf d’Verfassung zwar puer Mol geännert, mee am Prinzip huet d’Parlament all Kéier hir staark Kontroll iwwert d’Regierung bäibehalen. Dat gouf geännert wéi 2017 iwwert déi nei Verfassung e Referendum ofgehale gouf, deen ugestouss gouf vum Erdogan a senger Partei, der AKP (déi iwwert d’Halschent vun de Sëtzer am Parlament huet). Se gouf knapps ugeholl (51,41% Jo-Stëmmen), an dee nächste gewielte President krut domat ëmfaassend Rechter: d’Ministeren kënnen elo vun him ernannt an entlooss ginn, e kann zum Deel duerch direkt Uerdere regéieren (ë bësse sou wéi den US-President duerch “Executive Orders”), an e ka relativ liicht matschwätze wie wou Riichter ass, woumat d’Onofhängegkeet vun der Justiz opgeweecht gëtt. Se schneit awer och dem Militär säin Afloss staark zeréck, dat säit dem 2. Weltkrich reegelméisseg geputscht oder intervenéiert huet wann et d’Verfassung oder seng eegen Interêten bedreet gesinn huet – domat gëtt eppes erfëllt wat d’EU scho méi laang fuerdert .

Wisou huet dat souvill Welle geschloen? Als direkte Noper vun der EU spillt d’Tierkei fir si eng grouss Roll: de NATO-Member ass stabil an enger Regioun wou ëmmer nees Kricher ausbriechen (den Irak a Syrien sinn direkt Noperen), se kann duerch hir Lag e groussen Afloss op Flüchtlingsstréim huelen, a se ass Member vum Conseil de l’Europe, also där Organisatioun, déi sech ë.a. em d’Mënscherechter an Europa këmmert.

D’EU-Staaten hunn deemno Interêt un engem zouverlässege Partner, an dass fir déi bal 80 Milliounen tierkesch Bierger Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter respektéiert ginn. Genee dat gesinn der elo awer vill bedreet: Et ass wahrscheinlech, dass den Erdogan no dëser Wahl seng nei Méiglechkeete voll ausreizt, fir d’Land nach méi staark no senge Virstellungen ze gestalten. An de leschte Joren huet dat geheescht: Aschränkung vun der Pressefräiheet, d’Opweeche vun der Trennung tëscht Relioun a Staat (fréier ganz streng ausgeluecht an der Tierkei, fir seng Usiichte heizou koum den Erdogan viru knapps 20 Joer puer Méint an de Prisong), a säit 2016 d’Entloossung vun iwwert Honnertdausend Riichteren, Fonctionnairen, Professeren a Journalisten. 2016 hate nämlech Deeler vum Militär versicht ze putschen, wat schifgaange war – den Ausnamezoustand gouf doropshin ausgeruff a gëllt bis haut, wat et méi einfach mëcht all dës héich Posten mat regierungstreien Leit auszetauschen, an och zu Virwërf gefouert huet dass dës Presidentschaftswahle net fair verlaf wieren.

Den Erdogan setzt domat letztendlech seng Virstellungen ëm vun enger méi reliéiser a mat staarker Hand gefouerter Tierkei, an dat géint eng liberal, laizistesch an zur EU gedréite Visioun vum Land, wéi se an de méi urbane Milieu’en vertruede gëtt. Déi méi ländlech a konservativ Wielerschaft fënnt sech an him zréck – hie selwer ass aus engem Aarbechterquartier vun Istanbul a staark gleeweg  – a sou weist sech an der Politik d’Spannung tëscht de verschiddenen tierkesche Milieu’en, déi no dëser Wahl wuel nach méi staark ervir triede wäert.

 

 

Artikele fir weider ze liesen:

Däitsch:

Die Zeit doriwwer, dass den Erdogan et trotz senger Victoire net ganz sou einfach wäert hunn:

https://www.zeit.de/2018/27/recep-tayyip-erdogan-tuerkei-national-konservativ-wahlsieg

BPB ë.a. doriwwer, wisou déi tirekesch Arméi sou dacks geputscht huet:

http://www.bpb.de/internationales/europa/tuerkei/253182/verfassungsgeschichte-der-tuerkei

 

Franséisch:

D’Fakten zur leschter Wahl kuerz vun Le Monde zesumme gefaasst:

https://www.lemonde.fr/international/article/2018/06/25/elections-en-turquie-ce-qu-il-faut-retenir_5321036_3210.html

E Reportage vun der Schwäizer RTS iwwert déi nei Verfaassung:

https://www.rts.ch/play/radio/a-labordage/audio/point-de-fuite–la-reforme-de-la-constitution-turque-expliquee-par-les-partisans-de-lakp?id=8567463&station=a9e7621504c6959e35c3ecbe7f6bed0446cdf8da

 

Englesch:

D’New York Times iwwert d’Méiglechkeeten, déi den Erdogan elo huet:

https://www.nytimes.com/2018/06/24/world/europe/turkey-election-erdogan.html

D’BBC iwwert d’Reaktiounen zur neier Verfassung:

https://www.bbc.com/news/world-europe-39615403 

Sourcë vun de Biller

Bild1: https://www.bild.de/politik/ausland/recep-tayyip-erdogan/erdogans-gegenkandidaten-55595002.bild.html

Bild2:http://www.spiegel.de/fotostrecke/tuerkei-wahl-der-60-millionen-fotostrecke-161803-5.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *