Em wat geet et bei der Euro-Reform?

Scho säit d’Finanz- an Eurokris virun 10 Joer ugefaangen huet, gëtt doriwwer diskutéiert wéi een d’Eurozon kéint reforméiere fir zukünfteg Krisen ze vermeiden, oder se besser ze managë wann se antrieden. Obwuel wärend an no der Kris Mesurë geholl goufen, si weiderhi vill Politiker an Experten der Meenung, dass d’Eurozon net “komplett” ass a Reforme benéidegt.

Dës Debatt ass virun allem no der Victoire vum Macron a Frankräich erëm an de Virdergrond komm, vu dass hien a senger Walcampagne sech fir eng déifgräifend Euro-Reform ausgeschwat huet. Dofir fokusséiere mir eis haut op déi politesch Proposen, déi vun der Europäescher Kommissioun a vum Macron zesumme mat der däitsche Bundeskanzlerin Merkel gemaach goufen.

Déi éischt konkret Proposen huet d’Europäesch Kommissioun gemaach:

  • Den Europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM) soll an en Europäesche Wärungsfong ëmgeännert ginn dee Länner an enger Kris hëllefe soll an d’Resolutioun vu Banken am Noutfall finanzéiere soll,
  • Den EU-Budget soll mat finanziellen an technesche Mëttelen d’Ëmsetze vu Reformen ënnerstëtze fir dass d’Länner Ekonomien hunn déi méi krisefest sinn,
  • Den EU-Budget soll och eng Funktioun kréie fir den Niveau vun Investissementer am Fall vun enger Kris héich ze halen,
  • De Poste vun engem europäesche Finanzminister soll geschaaft gi fir d’Gouvernance méi demokratesch ze maachen.

Virun dëse Proposen hat de Macron an enger Ried seng Vue virgestallt. Allerdéngs huet hie wärend Méint versicht eng gemeinsam Positioun mat der däitscher Regierung auszehandelen. Dëst hat allerdéngs méintlaang gedauert, wéinst de schwierege Regierungsverhandlungen an Däitschland.

Ënn Juni hunn sech de Macron an d’Merkel awer um Schlass Meseberg op eng gemeinsam Deklaratioun gëeenegt. Dës Deklaratioun ass engersäits eng Reaktioun op d’Propose vun der Kommissioun an anerersäits eng Verhandlungspositioun fir den anere Regierungen aus der Eurozon firzelëeen.

An dëser Deklaratioun, déi och aner Theme wéi d’Eurozon behandelt, hunn si sech ënner anerem fir en Eurozon-Budget ausgeschwat, deen ausserhalb vum EU-Budget soll erstallt ginn. Dëse kéint zwou Formen unhuelen: entweder als Budget fir den Niveau vun Investissementer héich ze halen an/oder als Réassurance fir Chômage-Keesen a Krisenzäiten. Dëse Budget soll, der Deklaratioun no, iwwert eng Finanztransaktiounssteier, eng “Digital-Steier” an d’Aféiere vun enger europäescher Steierassiette.

Ausserdeem setzen d’Merkel an de Macron sech fir eng ëmfaassend Reform vum ESM an – dëst allerdéngs am Géigesaz zur Kommissioun an enger éischter Phase weiderhin an engem Gouvernance-System dee vun de Memberstaaten bestëmmt gëtt.

An dësem Kontext huet sech dunn den Euro-Gipfel ofgespillt. Hei konnten sech d’Staats- a Regierungscheffen allerdéngs net op all Punkten eens ginn. Bei der Reform vum ESM huet ee festgeluecht, dass den ESM soll d’Resolutioun vu Banken am Noutfall finanzéieren wann d’Risiken an de Banken genug reduzéiert goufen. Anescht war et beim Budget vun der Eurozon, deen zwar diskutéiert gouf, mee wou keng Decisioun getraff gouf.

D’Diskussioune sollen awer an den nächste Méint op ënnerschiddleche Punkte weidergoen. Allerdéngs si vill Politiker an Experten sech eens, dass d’Zäit ausleeft fir weider Progrès ze maachen. Am nächste Joer sinn Europawahlen, wat d’Negociatioune fir eng Reform wäert méi schwiereg gestalten. D’Ënnerstëtzer vu weidere Reforme wäerten trotzdeem wuel weider Drock maache fir an de Gespréicher weider ze kommen. Deemno wäert d’Thema och an Zukunft ganz aktuell bleiwen.

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

– En Artikel iwwert den Euro-Gipfel Ënn Juni

https://www.handelsblatt.com/finanzen/banken-versicherungen/eu-gipfel-reform-der-waehrungsunion-verschiebt-sich-wegen-asylstreit/22751202.html?ticket=ST-2091970-TVyQJCDTUlOzGfpFw4ZP-ap4

– D’Meseberg-Deklaratioun vum Macron a Merkel

https://www.bundesregierung.de/Content/EN/Pressemitteilungen/BPA/2018/2018-06-19-meseberg-declaration.html

Franséisch:

– En Artikel iwwert d’Diskussiounen zu engem Eurozon-Budget

https://www.lemonde.fr/economie/article/2018/06/30/budget-de-la-zone-euro-les-europeens-font-de-la-resistance_5323593_3234.html

– En Artikel iwwert d’politesch Debatt an Däitschland zu engem Eurozon-Budget

https://www.euractiv.fr/section/economie/news/vives-reactions-en-allemagne-contre-la-reforme-de-la-zone-euro/

Englesch:

– En Artikel iwwert dem Macron seng Visioun

https://www.dw.com/en/how-frances-emmanuel-macron-wants-to-reform-the-eu/a-43002078

– En Artikel zu de Proposen vun der Europäescher Kommissioun

https://www.bbc.com/news/world-europe-42250200

Sourcen vun de Biller:

– Bild 1: https://g8fip1kplyr33r3krz5b97d1-wpengine.netdna-ssl.com/wp-content/uploads/2017/09/GettyImages-683387140-714×441.jpg

– Bild 2: https://www.dw.com/image/39058171_401.png

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *