USA vs. EU – Handelskrich?

Säit e puer Wochen héiert ee vum Handelskrich zwëschen der USA an der EU. Den amerikanesche President Donald Trump huet fir Stol an Aluminium Stroftaxen agefouert, fir déi amerikanesch Entreprisen ze protegéieren. Doropshin huet d’EU Kommissioun och Stroftaxe lancéiert op Whisky, Harley-Davidson, Peanut-Butter a Jeans. Wat bedeit een Handelskrich iwwerhaapt? Dat gitt dir dës Woch an eisem Artikel gewuer.

Een Handelskrich ass wann ee Land mat Stroftaxen op Wueren, déi am Ausland produzéiert goufen, een anert Land attackéiere wëll. Dat attackéiert Land reagéiert dann och mat Stroftaxen op verschidde Wueren. Stroftaxe sinn extra Taxe fir Wueren aus anere Länner, fir déi eege Wueren a soumat och déi national Ekonomie ze protegéieren.

Een Grond vum sougenannten Handelskrich kënnt vum Donald Trump sengem Wahlverspriechen, dat hien déi amerikanesch Industrie protegéiere wëll vum bëllege Stol aus China. Hien seet, dat aner Staaten d’USA an domat hier Industrie mat Dumping-Präisser zerstéiere wëllen. Doduerch géifen d’Stol- an d’Aluminiumaarbeschter hire Beruff verléieren. Een anere Virworf  vum amerikanesche President ass d’Kritik un Däitschland, wéinst dem enormen  Exportiwwerschoss vu Wueren an dem wéinegem Import.  No den Ukënnegungen aus den USA huet d’Europäesch Kommissioun direkt Mesurë géint déi amerikanesch Stroftaxe getraff. D’EU an och aner Staaten hunn bei der Welthandelsorganisatioun géint déi amerikanesch Mesurë reklaméiert.

Fir engem Handelskrich z’entfléien ass den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, op Washington geflunn, fir mam amerikanesche President Donald Trump ze schwätzen. Dobäi ass erauskomm, dat d’USA an och d’EU bereet sinn, Handelsbarrièren, Subventiounen a Stroftaxen ze reduzéieren. Och déi momentan Stroftaxe vum Stol an Aluminium sollen ofgebaut ginn. Autoe sollen op deenen zwou Säiten op 0% gesat ginn, fir ee fairen Handel ze garantéieren.

Dat den Donald Trump elo vu weidere Stroftaxe verzichte wëll an op ee Fräihandelsofkommes mat der EU spekuléiert, fält op den Drock vum Donald Trump senger Partei zréck. Verschidde republikanesch Senateure si géint dem Trump seng Wirtschaftspolitik, well si fir spezifesch wirtschaftlech Branchen, wéi den Ubau vu Sojabounen immens schiedlech ass. Als Effekt huet dat de Verloscht vun Aarbechtsplazen. Verschidden Analyste schätzen op ee Verloscht vu 700.000 Aarbechtsplazen. Deemno sinn och scho vill Entreprisen, déi hier Produktiounen aus den USA huele wëllen, well duerch d’Stroftaxen d’Produktioun méi deier gouf, wéi zum Beispill General Motors, Whirpool oder Harley- Davidson.

D’EU soll vun den USA flëssege Gas a Sojabounen ofkafen. Verschidde Staaten sollen dofir Terminale bauen, dat flësseg Gas stockéiert gi kann. Den amerikanesche President huet och oft kritiséiert, dat d’EU a virun allem Däitschland un enger russescher Gas-Pipeline bauen. Dat géif Europa ofhängeg vu Russland maachen, dowéinst sollen europäesch Länner méi flësseg Gas vun den USA kafen, wat och méi deier ass. Wéinst de Stroftaxen aus China op US-Sojabounen, hunn amerikanesch Bauere Problemer fir hier Sojabounen ze verkafen, dowéinst gëtt spekuléiert, dat d’EU méi Sojabounen importéiere soll.

D’Zukunft vun dem internationalen Handel hänkt dovun of, wéi an op wat sech déi verschidde Parteien eenegen. Den Donald Trump huet an der Vergaangenheet verschidde Fräihandelsofkommes kritiséiert wéi NAFTA oder och annuléiert, wéi dat Trans-Pazifescht Ofkommen TPP.

 

Weider Artikelen:

Däitsch:

Wat ass een Handelsiwwerschuss? Beispill Däitschland

https://www.welt.de/newsticker/dpa_nt/afxline/topthemen/hintergruende/article165122500/Was-ist-am-deutschen-Handelsueberschuss-so-schlimm.html

D’WTO ënner Drock – USA wëll Reformen – Trump dréit mat WTO-Austrëtt

https://www.sueddeutsche.de/wirtschaft/freihandel-die-eu-muss-die-wto-retten-1.4038542

Franséisch:

Frankréich géint den Accord vum Jean-Claude Juncker an Donald Trump

http://www.rfi.fr/europe/20180726-guerre-commerciale-france-refuse-accord-global-entre-washington-ue

Wirtschaftsbezéiungen vun den USA mat aneren Staaten

http://www.lefigaro.fr/conjoncture/2018/06/30/20002-20180630ARTFIG00093-les-fronts-ouverts-par-donald-trump-dans-sa-guerre-commerciale.php

Englesch:

Amerikanëschen Baueren leiden ënnert den Stroftaxen

https://www.ft.com/content/843e41d2-86ae-11e8-96dd-fa565ec55929

Republikanësch Partei firun de Wahlen ënner Drock

http://time.com/5231532/donald-trump-china-tariffs-trade-war/

Sourcë vun de Biller:

Bild1:http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/der-handelsstreit/einigung-im-handelskonflikt-trump-lobt-juncker-und-sich-selbst-15710396.html

Bild2:https://diepresse.com/home/wirtschaft/economist/5383414/Analyse_Stahl-gegen-Whiskey_Wie-Europas-Chancen-im-Handelskrieg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *