Wei fonktionneiert Ryanair?

Bëllegfluchgesellschafte ginn an Europa ëmmer méi populär. Duerch hire Businessmodell geléngt et hinnen, ëmmer manner deier Fluchtickete fir hir Passagéier unzebidden. Op den éischte Bléck eng positiv Entwécklung fir de Verbraucher, mee op wéi enge Käschte berout dee Präis? An dëser Editioun vun „a 500 Wierder“ erkläre mir unhand vu Ryanair, wéi Bëllegairlinë funktionéieren a wat si vun traditionelle Fluchgesellschafte wéi Luxair ënnerscheet.

Fluchlinne wéi Ryanair, easyJet, an Eurowings, zeechnen sech virun allem dovun aus, op all méiglechem Eck ze spueren. Oft steiere si geographesch manner attraktiv Standuerter un, woubäi et hinne méiglech ass, an enger dominanter Positioun géigeniwwer vum Fluchhafen d’Fraise fir dierfen ze landen erof ze drécken. Ausserdeem flitt Ryanair nëmme mat engem Fligertyp: d’Boeing 737-800. Wärend d’Luxair, eng vill méi kleng Fluchgesellschaft wéi Ryanair, aktuell mat 3 verschiddene Modeller flitt, ka Ryanair extra Käschte fir Piloten- a Mechanikerausbildunge spueren. Doduerch kënnen d’Fligeren an der Reegel méi schnell kontrolléiert ginn a si méi oft an der Loft wéi um Buedem, soudass e Fliger méi effikass ass. Puer kleng ekonomesch Virdeeler vu villen, déi zesummen e groussen Impakt op d’Rentabilitéit hunn. Sou konnt Ryanair, déi mëttlerweil gréissten Entreprise an der europäescher Fluchbranche, an hirem leschte Geschäftsjoer en enorme Profit vun 1,45 Milliarden Euro realiséieren.

Allerdéngs spuert Ryanair och un enger anerer Plaz, woufir si oft kritiséiert ginn: Um Bordpersonal, speziell un de Piloten. E Pilot, dee fir Ryanair flitt, huet a senger Entreprise nämlech net dee nämmlechte Statut als Employé wéi e Luxair-Pilot. Wann Ryanair e Pilot engagéiert, gëtt kee Kontrakt tëscht béide Parteien ofgeschloss, mee d’Pilote maachen sech selbststänneg, andeem si hir eege Firma grënnen, déi vun iresche Vermëttlungsgesellschafte wéi „Brookfield Aviation“ oder „McGinley Aviation“ geréiert ginn.

Dëst ass e wichtege Punkt fir Ryanair, well et keen direkte Lien mat de Pilote gëtt a si hir Déngschter just musse „léinen“. Doduerch ka Ryanair Sozialdumping bedreiwen, Steieren a Versécherungskäschte spueren, well d’Piloten ënnert hirem Kontrakt kee Krankeschäin zegutt hunn, nëmme wärend der effektiver Fluchzäit bezuelt a quasi ouni Onkäschte vun haut op muer entlooss kënne ginn. En ontransparente Beschäftegungsmodell, dee rechtlech an enger groer Zone läit, well d’Piloten um Pabeier selbststänneg sinn, mee a Wierklechkeet wéi Employéen a schlechten Aarbechtsbedingunge schaffen. E Beschäftegungsmodell, dee bei juristesche Problemer ëmmer erëm adaptéiert a méi komplex gëtt. Jonk Piloten a Stewardessen, déi hir Karriär mat Scholden ufänken, hunn oft keen anere Choix wéi dee System z’acceptéieren.

De lukrative Beruff vum Pilot gëtt also ëmmer méi an eng prekär Situatioun standardiséiert. Dogéint sinn d’Ryanair-Pilote viru Kuerzem op d’Stroosse gaangen. Medieberichter no si wärend dem rezente Streik méi wéi 600 Flich, déi iwwer 100 000 Passagéier concernéieren, annuléiert ginn. Wéi et schéngt, mat Succès: Ryanair an déi iresch Pilotegewerkschaft Forsa sollen sech iwwer Tarifverträg gëeenegt hunn, wärend an Éisträich e Kollektivvertrag mat 600 Beschäftegter beschloss gi soll. Et ass allerdéngs net z’erwaarden, dass Ryanair säi „low-cost-system“ tatsächlech a Fro stellt.

Falls een sech also e bëllege Fluchticket keeft an duerch Europa reest, ass et net vu Muttwëll ze wëssen, wéi déi Präisser zustane kommen. Wann een dann nach Gepäck mathëlt an d’Versuergung wärend dem Fluch arechent, ass de Vol dacks net méi bëlleg wéi bei anere Fluchgesellschaften, soudass de Präisvirdeel schlussendlech net beim Verbraucher, mee eleng an der Täsch vun de Manager lant, an deelweis vun der Allgemengheet bezuelt gëtt.

 

Artiklen fir weider ze lisen:
Däitsch:

– En Artikel iwwert Ermëttlunge géint Ryanair.

https://www.tagesschau.de/wirtschaft/ryanair-127.html

– En Artikel iwwert de Fonctionnement vu Fluchgesellschaften.

https://www.n-tv.de/wirtschaft/Wie-Billigairlines-bei-Fluggaesten-abkassieren-article20533781.html

Franséisch:

– E kuerze Video zum Businessmodell Ryanair.

https://www.francetvinfo.fr/economie/aeronautique/ryanair-un-modele-economique-en-questions_2887761.html

– E méi kriteschen Artikel iwwert d’Decisioune vun Ryanair.

http://www.liberation.fr/futurs/2017/09/19/ryanair-joue-les-filous-de-l-air_1597539

Englesch:

– Eng Erkläerung zum Businessmodell vu Ryanair.

https://www.investopedia.com/articles/investing/111214/how-ryanair-makes-money.asp

– Eng Analyse zum Effet dee Bëllegairlines op de ganze Flugsektor hunn.

http://uk.businessinsider.com/how-airlines-combat-low-cost-competition-2017-12?r=US&IR=T

 

Source vun de Biller:

– Bild 1: http://atwonline.com/site-files/atwonline.com/files/imagecache/large_img/uploads/2017/08/ryanair-737-800-mad-rf.jpg

– Bild 2: https://www.irishtimes.com/polopoly_fs/1.3571231.1532079012!/image/image.jpg_gen/derivatives/box_620_330/image.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *