Wat ass den Index?

Wei den Wirtschaftsminister Etienne Schneider um Densden via Twitter annoncéiert huet ass ab dem 1 August eng néi Indextranche fälleg. Dat bedeit konkret, dass ab dem Daach d’Salairen, d’Paien an d’Pensioun em 2,5% klammen wäerten. Et ass déi 1. Indextranche säit dem 1. Januar 2017. Mee em wat handelt sech lo genau beim Index an wat ass den Ausléiser vun der rezenter Erhéijung ?

Wann vum Index geschwat gëtt, handelt et sech em d’Upassung vun den Léin, Paien an Pensiounen am Verglach zur globaler Präisentwécklung hei am Land. Fir des Entwécklung ze ermëttelen gouf sech op een Wuerekuerf geénegt. Dësen Wuerekuerf enthält Produiten vum dächlegen Gebrauch, wei zum Beispill Brout, Botter oder Béier. Doniewent sinn awer och Déngschtleeschtungen am Index mat abegraff. Klammen des Präisser em 2,5% sou kennt et an der Reegel zu enger Erhéijung vun 2,5% vun den Léin. Zoustänneg fir d’Ermëttlung vun den Präisentwécklungen ass de STATEC.

D’Indexreegelung geet zréck op een Gesetz aus dem Joer 1975. Säit dem ënnerleien sämtlech Léin Salairen an Pensiounen dem Index. D’Ziel ass et d’Kafkraaft vun den Menagen der Inflatioun unzepassen. Den Index soll fir sozialen Fridden suergen an verhënneren, dass et zu permanenten Konflikter tëschent Gewerkschaften an dem Patronat kennt, wann et em Lounerhéijungen geet. Ze betounen ass och dass den Lëtzebuerger Indexsystem zimlech eenzegaarteg an der Europäescher Unioun ass. Nëmmen d Belsch huet een ähnlechen System bei dem d’Indextranchen awer secteurofhängeg ausbezuelt ginn.

Méi Suen am Port-Monni ass fir vill Léit een Grond sech ze freeën. Bei engem Brutto Mindestloun vun ongeféier 2400 Euro mëscht dat een Plus vun 60 Euro aus. Leit déi méi verdéngen kréien also och méi vum Index. Sou klemmt een Salaire vun 4000 Euro em 100 Euro an een vun 10.000 em 250 Euro. Fir den Patronat bedeit eng Indextranche awer och eng Hausse un Ausgaben. Fir den Direkter vun der Union des Entreprises, de Pol Olinger, géif d’Hausse vun den Salairen vrun allem kleng Betriber belaaschten an d’Lounerhéijungen géifen op der anerer Säit erëm d’Präisser an d’Luet dreiwen. Wei am Lëtzebuerger Wort (01.08.2018) ze liesen ass bezifferen sech d’Méikäschten vun der néier Indextranche op 730 Milliounen Euro.

Vill gesinn an enger néier Indextranche och een politescht Mëttel fir kuerz vrun den Wahlen Stëmmen fänken ze goen. Den Index funktionéiert allerdéngs onofhängeg vun der Regierung. Et ennerléit dem STATEC senger Kompetenz fir néi Indextranchen ze beschléissen. Et ass allerdéngs och wouer dass d’’Politik kann duerch d’Stëmmen vun Gesetzer Afloss op den Index huelen. Sou wei am Joer 2011, wou decidéiert guff dass tëscht all Indextranche minimum 12 Méint leien mussen. Den But war no der Finanzkris d’Wirtschaft net ze vill ze belaaschten. Mee den Zäitpunkt vun enger Indextranche kann d’Regierung net beaflossen.

Kuerz vrun den Chamberwahlen am Hierscht hunn sech déi 3 Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng fir den Index ausgeschwat. Och déi gréissten Oppositiounspartei, d’CSV, well net un System Index rëselen goen, sou dass et weiderhinn wäert wichteg bleiwen em wat et sech heibäi handelt.

 

Artikelen fir weider ze liesen:

– RTL (LU): http://www.rtl.lu/letzebuerg/1217378.html

– L’essentiel (DE): http://www.lessentiel.lu/de/luxemburg/story/Wegen-steigender-oelpreise-steht-Indexierung-an-11290643

– Paperjam (FR): http://paperjam.lu/news/schneider-et-la-hausse-de-25-des-salaires-au-1er-aout

– LuxTimes (EN): https://luxtimes.lu/luxembourg/34579-indexation-boosts-wages-in-luxembourg-by-2-5

 

Sourcen vun de Biller:

– Bild 1: http://cdn1.heimarbeit.de/wp-content/uploads/2015/04/Lohn-und-Gehalt.jpg

– Bild 2: https://www.fisogest.lu/FR/wp-content/uploads/2017/11/New-Index-2018.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *