Een néit Wahlsystem fir Lëtzebuerg?

 

Ëmmer nees gouf eise Wahlsystem geännert, an och elo gëtt et sëllech Virschléi fir Reformen. Ëm wat geet et?

De Sonnde gouf eng nei Chamber gewielt, dofir konnten 256.698 Leit hir Stëmmen op Wahlziedelen androen. Déi gesi verschidden aus, jee nodeem wou ee wunnt: Am Bezierk Süden huet een 23 Stëmmen zegutt, am Zentrum 21, am Norden 9 an am Osten 7. Genee souvill Deputéierter komme no de Wahle pro Bezierk an d’Chamber. Dës Zuele gi sou gerechent, dass an all Bezierk d’Unzuel u Stëmmen pro Unzuel Awunner d’selwecht ass.

Am Zentrum, wou vill Auslänner ouni Wahlrecht wunnen, ass d’Unzuel u Stëmmen gedeelt duerch d’Unzuel u Wieler doduerch e gutt Stéck méi héich wéi zum Beispill am Osten. Dowéinst fuerdere Kritiker, dass d’Stëmmen op d’Wieler a net op d’Awunner verdeelt solle ginn, wat derzou féiere géif dass een am Zentrum véier Stëmme manner hätt, déi dann op déi aner Bezierker opgedeelt géife ginn. D’Ënnerstëtzer vum aktuelle System halen entgéint, dass déi Deputéiert dat ganzt Vollek representéieren, a net just d’”Wahlvollek”.

En aneren Diskussiounspunkt ass d’Verdeelung vun de sougenannte “Reschtsëtzer”. An all Bezierk huet nämlech all Partei souvill Sëtz an der Chamber zegutt, wéi si proportional zu den anere Parteie Stëmme krut. Et kënnt awer quasi ni vir, dass zum Beispill am Süden, vu wou 23 Deputéierter kommen, eng Partei zum Beispill genee 5/23 Stëmme kritt, an domat och genee fënnef Deputéierter an d’Chamber schécken dierf. Amplaz kritt se z.B. 5,678/23 vun de Stëmmen. Vu dass déi Partei awer net exakt 5,678 Deputéierter an d’Chamber schécke kann, gëtt mam sougenannten “D’Hondt”-Verfahre gerechent, ob si der elo 5 oder 6 an d’Chamber schécken dierf. Dee Prozess bestëmmt och an aneren Demokratien mat, wie wéi vill Sëtz kritt, mee et gëtt em virgeworf dass e grouss Parteie bevirdeelegt. An Däitschland gouf dee Prozess dowéinst 1985 duerch en aneren ersat.

Dee System gëtt an all Bezierk eenzel ugewannt, soudass déi grouss Parteien jeeweils an all Bezierk heivu profitéiere kënnen, wat den Effekt also verstäerkt. Och dowéinst fuerderen z.B. déi Gréng an d’Piratepartei, dass et just nach ee Wahlbezierk mat engem Wahlziedel soll ginn. Sou ass et elo scho fir d’Europawahlen, wou all fënnef Joer jidderee sechs Stëmmen un déi selwecht Kandidate verdeele kann. E Nodeel wier, dass  da net méi séchergestallt wier dass all Regioun an der Chamber representéiert wier.

En aneren Effekt vun engem eenheetleche Bezierk wier, dass kleng Parteien am ganze Land genuch Stëmmen zesumme kéinte kréien, fir méi Deputéierter an d’Chamber ze schécken. An de Bezierker kréie si oft net déi néideg Stëmmen dofir zesummen, wärend bei engem eenzege Bezierk d’DP an d’CSV 2013 véier Sëtz u kleng Parteie hätte missen oftrieden

Mee och um Gemengenniveau maache sech Leit fir Reforme staark. Fir Gemenge mat 3000 oder méi Awunner gëtt zwar quasi de selwechte Prinzip ugewannt wéi fir d’Chamberwahlen (“Proporz”-System). Bei manner wéi 3000 Awunner ginn awer der Rei no déi Kandidate mat de meeschte Stëmmen an de Gemengerot geschéckt, wéi vill Stëmmen engem seng Partei krut spillt keng Roll (“Majorz”-System). Kritiker bemängelen, dass dëse System aus dem fréie 19. Joerhonnert staamt an de System iwwerall d’selwecht si sollt. D’Ënnerstëtzer halen entgéint, dass d’Parteipolitik aus den Dierfer soll eraus gehale ginn. Och hei gëtt et also Virschléi, de Wahlsystem ze reforméieren, an d’Thema wäert wuel och déi nächst 60 Deputéierter beschäftegen.

 

Artikele fir weider ze liesen:

Däitsch:

-Artikel aus dem Lëtzebuerger Land iwwert d’Geschicht vum Wahlsystem:

http://www.land.lu/page/article/734/332734/FRE/index.html

-Artikel aus dem Lëzebuerger Wort iwwert d’Konsequenze vun engem eenzege Wahlbezierk:

https://www.wort.lu/de/politik/eine-nicht-gestellte-referendumsfrage-aus-vier-mach-eins-576d8490ac730ff4e7f627af

 

Franséisch:

-Pro a Contra vun engem eenzege Wahlbezierk am Paperjam:

http://paperjam.lu/news/une-circonscription-unique

-Iwwerbléck iwwert d’Wahlrecht zu Lëtzebuerg säit 1841:

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/OrganisationEtFonctionnement/Histoire/LesElections/!ut/p/z1/pZNNc4IwEIZ_jUfJEkCgN0AK-NURR6u5dFBSpBPAhuC0_77p1EPFz05zy-77bp7dJIigla7adk8Fu4eWiJTJPs8SkVdlwuR-RXovfdxfxJGOITCnOuCBPzDns4kWmCp6PhZYno0hCqajoacaEFgmIkd-I_YAm6E7NWChGuPewY8taxYHzti37bkLEXjqzJ-6shK-zw8XlgMt_y3-lkDTjv3gW7bEC52R6niaN8Rt_6ngLv5L83vS7-Nvd-3G2NVA-vFf-z8B_Nf8pIBcv55JWBVUViHHB52Zw1WSUDsIrk3iFssAkYxV659n75RrzcoQ4fSVcsqVhsvwVojdQwc6wJoPWqyrhmfKrlmzfKOwpgMplRnazXhSpt202Wxpt6bdHac1LYXM1Z-1oIWMVCwX-XvzK0QZ3YiKJ-y7QpbXTP7APa07kJcp_VC2ojhLta1qgZbnaFBB2ONhWbPozWD7kfMF6cymjA!!/dz/d5/L2dBISEvZ0FBIS9nQSEh/

 

Englesch:

-Resultater vun de Wahlen 2018 an der Luxembourg Times:

https://luxtimes.lu/luxembourg/34999-elections-interactive-map

-Kommentar zu de Wahlen 2018 op delano.lu:

http://delano.lu/d/detail/news/election-2018-continuity-or-bust/192904

 

Quelle vun de Biller:

-Bild 1: http://www.tageblatt.lu/headlines/die-wahlbueros-sind-geschlossen-das-warten-auf-die-resultate-beginnt/

-Bild 2: http://luxembourg.public.lu/de/cartes-du-luxembourg/08-cantons-et-circonscriptions/index.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *