Ëmstriddene Kandidat Brett Kavanaugh fir den US Supreme Court confirméiert

Déi lescht Deeg ass vill iwwert dem amerikanesche President Donald Trump sengem Kandidat fir de Supreme Court diskutéiert ginn. Dës Woch geet et em déi ëmstridden Nominéierung vum Brett Kavanaugh an iwwert säi méiglechen Afloss op de Supreme Court.

Am fréie Summer huet de moderate konservative Riichter Anthony Kennedy ugekënnegt, dat hien de Supreme Court verloosse géif. De Supreme Court ass dat héchste Geriicht an den USA a besteet aus 8 „Associate Justices“ an engem „ Chief Justice“. Déi gi vum Senat op Liewenszäit gewielt, meeschtens trieden d’Riichter wéinst Krankheeten zeréck. Den Anthony Kennedy war bei wichtegen Uerteeler déi entscheedend Stëmm. An sozialen a gesellschaftspolitesche Froen huet hie mat de liberalen an demokratesche Riichter ofgestëmmt. Bei dem Verbuet vun der Immigratioun aus éischter muslimesche Staaten an d’USA oder zum Beispill bei dem Uerteel iwwert Walkampffinanzéierungen huet hie mat de konservative Riichter matgestëmmt. Mat der Ernennung vum konservative Riichter Neil Gorsuch huet de President Trump nach eng Méiglechkeet ee konservative Riichter ze ernennen.

Nodeems et publique gouf, dat den Donald Trump de Brett Kavanaugh nominéiere well, huet sech Dr. Blasey Ford zu Wuert gemellt. Si huet der „Washington Post“ een Interview ginn, dat si vum nominéierte Kandidat Brett Kavanaugh virun 30 Joer sexuell belästegt gouf. Si huet erzielt, dat si als 15 Joer aalt Meedchen op enger Party war, wou och de Brett Kavanaugh ageluede war. Hien war 2 Joer méi al, hien ze vill gedronk an huet versicht Dr. Blasey Ford an een Zëmmer ze bréngen, op si drop ze leeën an d’Kleeder auszedoen. Hien huet och seng Hand op hire Mond geluecht, fir datt si net no hëllef ruffe konnt. Si huet detailléiert Aussoe virun der Justizkommissioun gemaach.

De Brett Kavanaugh huet och virun der Justizkommissioun ausgesot. Hien huet Beschëllegungen dementéiert. Hien gouf emotional an aggressiv, hie schwätzt vun enger politescher Hetzjuegd an dat alles probéiert géif ginn, seng Ernennung ze verhënneren. Dann seet hien, dat esou Beschëllegunge kompetent Leit dovun ofhalen, sech fir wichteg Posten ze mellen. Zudeem wollt hien sech als ee gudde Mënsch presentéieren, deen all Sonnden a Kierch geet. D’Republikaner hunn versicht dem Dr. Blasey Ford hier Beschëllegungen als net kohärent duerzestellen.

Well 3 republikanesch Senateuren sech net sécher gewiescht sinn, ob si dem Donald Trump säi Wonschkandidat wielen ze kënnen, huet den amerikanesche President de FBI ugestallt eng Enquête géint d’Uschëllegungen ze maachen. De FBI hat awer knapp eng Woch Zäit a konnt just limitéiert Recherchë maachen. E Freide gouf dann een Testlaaf fir d’Ernennung vum Brett Kavanaugh gemaach, deen zu 51:49 Stëmmen dofir waren. Si goufen duerch de FBI Rapport dann ëmgestëmmt.

Et ginn an den USA grouss Manifestatioune géint de Supreme Court Kandidat. Iwwer 1000 Droitprofessoren/innen, den Dekan vun der Yale Law School an d’amerikanesch Association fir Affekoten, Riichter a Droitstudenten hunn sech ëffentlech géint de Kandidat ausgeschwat. Wéinst sengem emotionalen, parteiescht a senge Virveruerteelungen ass hien als Riichter fir de Surpreme Court net gëeegent.

De Samschden ass de Kandidat Brett Kavanaugh  zu 50:48 Stëmme am Senat gewielt ginn. Sou ass den Supreme Court fir eng laang Zäit méi konservativ gefierwt.

Weider Artikelen

Däitsch

Firwat de #metoo-Débat no engem Joer nach ëmmer wichteg ass

https://www.zeit.de/gesellschaft/zeitgeschehen/2018-10/sexuelle-belaestigung-metoo-debatte-deutschland-veraenderungen

Wei huet den FBI ermëttelt?

http://www.spiegel.de/politik/ausland/usa-brett-kavanaugh-wie-das-fbi-jetzt-ermittelt-a-1230810.html

Franséisch

#metoo Débat a Frankräich

http://www.lefigaro.fr/actualite-france/2018/10/05/01016-20181005ARTFIG00125-metoo-il-faudra-du-temps-avant-que-la-parole-des-femmes-se-libere-dans-les-quartiers.php

Hearings vum Brett Kavanaugh a Blasey Ford

https://www.lemonde.fr/ameriques/article/2018/09/27/intrigues-et-rebondissements-autour-de-la-nomination-de-brett-kavanaugh-a-la-cour-supreme_5361083_3222.html

Englesch

Den Interwiew vun Dr. Blasey Ford

https://www.washingtonpost.com/investigations/california-professor-writer-of-confidential-brett-kavanaugh-letter-speaks-out-about-her-allegation-of-sexual-assault/2018/09/16/46982194-b846-11e8-94eb-3bd52dfe917b_story.html??noredirect=on

Weieng Effekter huet dat alles op Midterms am November?

http://nymag.com/daily/intelligencer/2018/10/will-the-kavanaugh-fight-affect-the-midterms.html

Source vun de Biller:

Bild1:https://www.elle.com/culture/a23480444/read-dr-christine-blasey-ford-brett-kavanaughs-opening-remarks-thursday-hearing/

Bild2:http://www.spiegel.de/politik/ausland/usa-christine-blasey-ford-fordert-fbi-ermittlung-gegen-brett-kavanaugh-a-1228843.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *